Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keen Hafe fir d‘Migranten aus dem Mëttelmier
tango phone dating Neiegkeeten

sabah dating services

Italien hat et am viraus ugekënnegt, a Malta wëll d‘Aquarius

best dating app tinder
tango phone dating Neiegkeeten

Swing & Jazz Festival an der Schongfabrick: e Bilan

Iwwert de ganze Weekend hunn sech zu Téiteng an der

Wat’s de sees, dat kriss de och
tango phone dating Neiegkeeten

Wat’s de sees, dat kriss de och

Beaflosst d’Sprooch eist Denken, eis Perceptioun an d’Realitéit oder ass

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“

D‘Presseorgan vun der Kommunistescher Partei leet de Fanger an d‘Wonn an dat ass gutt esou

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“

(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de Sujet selwer awer wierklech wichteg ass, firwat méiglechst vill Leit dësem net sollte virenthale kréien hei déi lëtzebuergesch Versioun vum Artikel deen aktuell a senger däitscher Fassung um Site vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, wéi och am Print erhältlech ass)

„Déi aktuell Regierungskoalitioun ass awer esou eppes vun houfreg op déi héich Investitiounen hei am Land, sinn dës dach duebelt esou héich wéi am europäeschen Duerchschnëtt. Mat fest opgeblosenem Broschtkuerf klappen sech d‘Minister géigesäiteg op d‘Schëlleren a bestätegen sech stänneg, si wieren déi gréisst an déi bescht am Amt säit Mënschegedenken. Blöd just, datt och de Wirtschaftswuesstem an d‘Zounam vun der Zuel vun den Aarbechtsplaze méi wéi duebel esou héich Wäerter wéi an der EU erreecht. Doriwwer eraus wiisst d‘Zuel vun de Grenzgänger, déi zur Aarbecht apendelen, esou staark, datt dat mat kengem aneren EU-Land vergläichbar ass. Eng duebel esou héich Investitioun an d‘Infrastruktur gesäit do ganz séier guer net méi esou erquicklech aus.

Nach vill manner erquicklech gesäit dat aus, wa mir eis vergéigewäertegen, wat alles ënnert dem Kapitel ‚Invest‘ verbucht gëtt. 2017 stoung do den éischte Militärsatellit ‚GovSat-1‘ mat 50 Millioune Steiergeld fir d‘Grënnung vun enger gemeinsamer Gesellschaft mat der SES S.A. un där de Staat direkt an indirekt iwwert d‘Spuerkeess (BCEE) an d‘SNCI bedeelegt ass. Am éischte Quartal 2018 gouf dësen an den Orbit geschoss a mat 177 Millioune Steiergeld goufen 10% vun der Iwwerdroungskapassitéit kaf, ouni dës bis haut ausnotzen ze kënnen. Vun den 90% ass bis ewell guer näischt verkaf ginn. Folglech mécht déi gemeinsam Gesellschaft ‚GovSat‘ nëmme Verloscht, huet si dach bis haut nëmmen Offere geschriwwen a mir musse schonn direkt hoffen, datt déi Rumeur, Israel wéilt sech Iwwerdroungskapassitéite sécheren, wouer gëtt. Soss wäerten déi zwee Kapitaleegener zimlech geschwënn Kapital noschéisse mussen, wat op Säite vum Staat Steiergeld kascht a wat op Säite vun der SES S.A. Gewënnreduzéierend auswierkt. Dat féiert dann zu enger gerénger Dividend fir d‘Aktionären, wat nees zu engem gudden Deel de Staat betrëfft.

Mee egal wéi, vun dësem Invest gëtt et fir keen am Lëtzebuerger Land eng besser Liewensqualitéit oder d‘Hëllef zur Léisung vun engem Problem. Et ass dat de spréchwiertleche Schoss an den Uewe vun enger Geldvernichtungsmaschinn.

Dat gëllt natierlech fir alles am Investitiounskapitel, fir dat wat am militäresche Beräich geschitt. Dat geet vum Kaf vun Dronen iwwert d‘Bedeelegung un engem Tankfliger bis zur Renovatioun vu Gebaier an dem Schéissstand, och wann dat Aarbecht fir Lëtzebuerger Entreprise bedeit. Zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit am Land féiert et jiddefalls ganz sécher net, awer dat schéint Geld ass verbrannt. Et ass bedauerlech, wat 2020 mat deenen esou vernichten 375 Milliounen Euro gemaach kéint ginn, fir beispillsweis d‘Wunnengsnout, en tatsächleche Problem am Land, ofzeschwächen. Richteg Wut kënnt op, wann eis gesot gëtt, dëse Betrag soll bis 2024 op 515 Milliounen Euro klammen.

Sëtzplaze mat vill Geld an Stéiplaze wandelen

Am ziville Beräich ass esou Muenches genee esou wéineg hëllefräich, fir bekannt Problemer ze léisen ouni neier ze schafen. En ervirstiechend Beispill sinn do déi vill Milliounen, déi offiziell an den Tram gestach ginn an déi nach méi Milliounen, déi hannenerëm ënnert de veschiddenste Poste verstoppt ginn.

All Jubelmeldungen iwwert déi héich Zuele vun Tram-Benotzer ass rénge Bluff, well dat si leit, déi virdrun op der selwechter Streck am Bus gesiess sinn. Dat geet awer haut net méi, well op der Stäreplaz a bei de Foireshalen, den haidegen Enner vun den Tramsschinnen, d‘RGTR-Busser ‚ofgebonne‘ ginn. D‘Bus-Passagéier ginn do erausgehäit, anstatt bid dohinner gefouert ze ginn, wou se hi mussen. Et bleift hinnen näischt anescht iwwreg, wéi an den Tram ëmzeklammen, woubäi se wa méiglech um aneren Enn nach an ee städtesche Bus ëmsteigen a folglech beim AVL eng drëtt Kéier gezielt ginn. Dat passt an d‘Kapitel ‚Vertrau kenger Statistik, déi s de net selwer gefälscht hues‘, bréngt awer soss guer näischt.

Bruecht et bis ewell nëmme Stau a Verkéiersbehënnerunge fir déi, wou net als Tram-Passagéier ënnerwee sinn. A fir déi huet et onattraktiv Ëmsteigvirgäng bruecht, déi hinne virdrun net opgezwonge kruten. Zu allem Iwwerfloss dierfen déi meescht an de Spëtzestonne stoen, gëtt et dach am Lëtzebuerger Tram bal keng Sëtzplazen.

Zu Innsbruck (Éisträich) ass dat anescht. Déi kruten nei Nidderflurgarnituren, awer mat vill méi Sëtzplazen. An all Garnitur passen 160 Persounen an déi hunn och wierklech Plaz, well bei de Stéiplaze kee Witzbold mat 6 Leit pro Quadratmeter gerechent huet. Zudeem muss den Tram zu Innsbruck wéi all déi aner am Verkéier brav bei der rouder Luucht halen a waarden, bis d‘Luucht an hirem ganz normalen Zyklus op Gréng schalt. Dat muss esou sinn, soen déi Innsbrucker Verkéiersbetriber mat duerchgoender Betribserfarung, well soss de Verkéier op alle kräizende Stroossen zesummebrécht.

Zu Lëtzebuerg wëll een no ronn 50 Joer ouni Tram-Betrib méi gescheit sinn. Dofir kann dat Versprieche vun alle Politiker, wann den Tram emol bis eng Kéier op der Gar ukënnt, da gëtt alles gutt, sech net erfëllen. Et wäert dann zu nach méi Ëmsteigvirgäng kommen, well dann nach méi Iwwerland-Buslinnen op den Tram ‚ofgebonne‘ ginn. An d‘Kräizunge wäerten däitlech manner Leeschtungsfäeg sinn, virun allem wann tatsächlech an d‘Spëtzestonn 24 Garnituren pro Richtung eragedréckt solle ginn.

Um Enn gëtt mat vill Geld masseg Stau produzéiert, nieft der Verwandlung vu fréiere Sëtzplazen an de Busser zu Stéiplazen am Tram an dat ouni Erweiderung vun der Kapassitéit. Eng staark Leeschtung. jmj“

Fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Peggy a Marco Lachmann-Anke / Pixabay

Ähnlech Sujeten Govsat, Investitiounen, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, Tram, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel