Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen
Meenung Neiegkeeten

toronto hookup sites

Elo wou de Gemengewahlkampf déck am Gaangen ass, gëtt vill

https://moien.lu/free-disability-dating-sites-australia/
US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun
Meenung Neiegkeeten

US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun

D‘Welt dréit op der Felg: Klimakatastrophen, Äerderwiermung, bestoend Konflikter (an

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
Meenung Neiegkeeten

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)

D‘Oppositiounsparteie loossen net labber a wëllen eng Entscheedung erzwéngen

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)

An engem „oppene Bréif“ – dee vun allen Oppositiounsparteie gemeinsam opgestallt ginn ass – gëtt de Premierminister Xavier Bettel (DP) opgeruff, seng Positioun ze revidéieren an den Ethikcomité ze saiséieren, fir an engem „méiglechen“ Interessekonflikt vun der Familljeministesch Corinne Cahen ze tranchéieren. Dat nodeems de Premier den Dossier „ouni Suitten“ klasséiert huet.

Déi „jonk an der CSV“ haten de Ball mat engem béise Communiqué un d‘rulle bruecht, wéi si de fait denoncéiert haten, datt d‘Corinne Cahen iwwert hiren „offiziellen“ e-Mail Konto sech fir de Familljebetrib – heibäi handelt et sech ëm ee Schongbuttek – agesat hätt. Si werfen der Ministesch zudeem vir, datt si an de sozialen Netzwierker regelméisseg fir eben dëst Geschäft Reklamm mécht.

Elo schéngt et sech tatsächlech esou ze verhalen, datt d‘Corinne Cahen sech per e-Mail zolidd beim Stater Geschäftsverband (UCVL) iwwert d‘Gestioun vum Tramschantier beschwéiert huet. Do läit jo awer och „en Hoer an der Zopp“ fir net ze soen datt „Chaos“ en Understatement ass. Datt si elo als Ministesch keng Geschäftsfra dierf sinn, kann awer net verhënneren, datt et e Familljebetrib ass.

Ëmweeër verbierge Geforen

Als Famill hält een zesummen, an eigentlech géif ee mengen – ëmmerhin huet hir Partei an der Stad d‘Soen – datt dach wiesentlech méi kuerz Weeër gëtt sech ze beschwéieren, wéi datt mëttels enger e-Mail un de Stater Geschäftsverband geet. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) sëtzt jo och an der Chamber, do hätt et net emol en Uruff gebraucht. Elo läit d‘Kand am Buer an d‘Land huet en neie Skandal. Schlëmm hei: dat ganzt kregéils géint den Tramschantier mécht iwwerhaapt kee Sënn.

Während der Woch huet sech dat Ganzt dann héich geschaukelt. E Freideg huet déi „vereenegt“ Oppositioun dem Premierminister seng Decisioun denoncéiert an d‘Demissioun vun der Ministesch gefuerdert. Richteg rosen ass d‘Oppositioun, well de Xavier Bettel sech geweigert huet den Ethikcomité ze saiséieren, fir dat dësen sech der Saach unhëlt an nofuerscht, ob et hei tatsächlech ee Verstouss géint d‘Deontologie vum Gouvernement gëtt. An et gëtt Elementer déi drop hiweisen.

Ee Kueb pickt deem anere keen A aus

Ënner Berécksiichtegung vum Fait, datt d‘Corinne Cahen zouginn huet, datt si sech als Ministesch un de Stater Geschäftsverband gewannt huet, dat fir d‘Interesse vun de Geschäftsleit am Garer Quartier ze verdeedegen, wat jo och wéinst dem Familljebetrib novollzéibar ass (si ass et déi direkt vun de Leit ugeschwat gëtt), sollt een nosiichteg sinn. Mam Läffel an de Bräi schloe bréngt näischt.

Natierlech huet d‘CSV Recht wa si drop hiweist, datt et – wann iwwerhaapt een sech anzemëschen hätt – dem Ressort vum Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) zousteet, déi ugeschwate Problemer an Ugrëff ze huelen. Woubäi et den Oppositiounsparteien elo och zouzetraue wier, datt se dësem da Virgeworf hätten sech fir seng Parteifrëndin anzesetzen, déi e Schongbuttek do géif besëtzen.

Interessant an dësem komplexe „Fall“ och de Fait, datt d‘Corinne Cahen sech un den Direkter vu Luxtram (hei sinn d‘Aktionären de Staat an d‘Stad Lëtzebuerg) soll gewannt hunn, fir sech iwwert den Tramschantier ze beschwéieren. Hei géif ee mengen, datt et dach mam François Bausch (déi gréng) als Mobilitéitsminister e besseren Uspriechpartner gëtt fir eng Léisung ze erméiglechen.

Kommt nees mat de Féiss op de Buedem

Datt déi vereenegt Oppositioun op den Asaz vum Ethikcomité besteet ass awer net opportunistesch, well et déi eenzeg Instanz ass, déi hei tatsächlech Liicht an den Dossier brénge kann. D‘Fakten, déi huet d‘Familljeministesch bestätegt an si huet sech dofir och entschëllegt. E Virdeel, deen een hei eventuell kéint vermudden, huet d‘Corinne Cahen fir de Familljebetrib awer net erausgeschloen.

Et ass deemno och net vermoossen unzehuelen, datt d‘Familljeministesch mat der beschter Absicht a fir all d‘Geschäftsleit op der Gar, déi ënnert dem Tramschantier ze leiden hunn, antrëtt. Hei stinn, ob ee wëll oder net, tatsächlech Existenzen um Spill. Ëmsazverloschter vu bis zu 30 – 40% sinn eng Realitéit an et dierf drun erënnert ginn, datt de Loyer a soss Fraisen net kompressibel sinn.

An esou stellt sech an dësem „Skandal“ och eng ganz aner Fro: „Ass net d‘Aufgab vun de Politiker sech fir d‘Leit anzesetzen an dofir Suerg ze droen, datt hir Doleance gehéiert ginn?“. Eigentlech kann een dem Corinne Cahen hei nëmmen eppes „Iwwermutt“ virwerfen an natierlech – dat ass jo aus der Distanz einfach – ass si iwwert d‘Zil erausgeschoss. Mee dofir mussen demissionéieren?

Illustratioun: © CSV-Fraktioun

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Garer Quartier, Interessekonflikt, Lex Delles, Oppositioun, Skandal, Tramchantier, UCVL, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel