Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!
Neiegkeeten

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!

Um vergaangenen Dënschdeg huet Luxinnovation, déi national Innovatiounsagentur, hire Joresbericht

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
Neiegkeeten

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview
Neiegkeeten

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview

17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen.

Interesseveräin Hollerech veriergert

Bierger wieren sech géint d‘Zerstéierung vum architektonesche Patrimoine

Interesseveräin Hollerech veriergert

Den Interesseveräin Hollerech Asbl (SIL-Ho) ass alarméiert a huet wéineg bis iwwerhaapt guer kee Versteesdemech dofir, datt déi Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP) eng Autorisatioun fir d‘Ofrappe vum mëttelsten Haus, aus dem zesummenhängenden an virun allen Denkmalgeschützten „Hollerecher Eck“ (Bild), ginn huet.

Beim genannten Ensembel, bestoend aus den Haiser 32 a 34 vun der Semois-Strooss, wéi och den Haiser1-7 vun der Jardiniers-Strooss, d‘Mëttelstéck erauszerappen, gëtt sech hei op en neits un eisem architektonesche Patrimoine vergraff. Wéi dat geet, gouf kierzlech schonn um Lampertsbierg demonstréiert. Den Interesseveräi verlaangt eng gesetzlech Reegelung fir esou Fäll ze verhënneren.

An hirem Communiqué bestinn d‘Membere vum Interesseveräin drop, datt dës Aart a Weis mam Patrimoine ëmzegoe soll verbuede ginn. Et sollt Baugeneemegungen och nëmmen da ginn, wann sech „Sites & Monuments“ mat den Ännerungsvirschléi averstanen erkläert huet. Zudeem sollten, bei dësen Decisiounen, zwéngend d‘Noperen an d‘Ëffentlechkeet mat abezu ginn.

Den Interesseveräi riicht dann och en Appell un d‘Regierung an d‘Deputéiert an de Chamber, esou Reegelen am annoncéierten Denkmalschutzgesetz afléissen ze loossen. An dësem konkrete Fall, wou laut den Informatiounen déi der SIL-Ho virleien, och de Kulturministère informéiert ass, gëtt och vun der Ministesch Sam Tanson (déi gréng) gefuerdert „haart ze bleiwen.

Si soll sech fir den Erhalt vum genannten Ensembel asetzen, dat zanter dem 6. Mäerz 2018 zu Recht am Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter steet (an och gefällegt do soll stoe bleiwen). D‘Argument vum Interesseveräin: „E Stadbild, datt net méi erlaabt d‘Entwécklung vun der Bauweis iwwert d‘Zäiten ewech opzeweisen, verkënnt zu enger emotiounsfräier Bëtongskuliss“.

Et dréit weder zur Liewensqualitéit vun den Awunner bäi déi do wunnen, an et dréit net derzou bäi, datt d‘Stad touristesch méi Interessant gëtt, besonnesch wann déi tëscht der „Festung“ an dem „Stadkär“ keng Zesummenhäng méi fannen. Stellt sech d‘Fro, wat de Verband vun den Architekten dozou seet, dee mam LCTO ëmmer Randonnéeën ubitt, fir d‘Architektur an der Stad ze entdecken.

Foto: © Jean-Marie Jacoby/SIL-Ho

Ähnlech Sujeten Interesseveräin Hollerech Asbl, Patrimoine, Rue de la Semois, Rue des Jardiniers, SIL-Ho, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel