Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wëssenschaftler zerstridden iwwer den erlaabten Ofschoss vum Wollef
International Neiegkeeten

Wëssenschaftler zerstridden iwwer den erlaabten Ofschoss vum Wollef

Wann een den Ofschoss vum Wollef zouléisst, ermontert dat de

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit
International Neiegkeeten

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit

Et ass sécherlech verständlech, datt engem zur Stonn aner Saachen

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop
International Neiegkeeten

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop

D‘Missioun vum Weltraumteleskop Kepler ass no néng Joer am Sonnen-Orbit,

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm

Zoustänn an amerikaneschen Internéierungslager esou verstousse géint grondsätzlech Mënscherechter

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm

Gëschter huet déi intern Opsiicht vum US-Hémechtschutzministère (Homeland Security) no der Inspektioun vun den Internéierungslager un de Grenz zu Mexiko, d‘Liewenskonditiounen als alarmant bezeechent. Bei der Hygiène an der Versuergung wier d‘Lag katastrophal, d‘Zellen hoffnungslos iwwerfëllt.

Fënnef Lager hunn d‘Beamten inspizéiert an hir Schlussfolgerung ass erdréckend. D‘Lager wiere geféierlech iwwerfëllt, Erwuessener wéi Kanner géifen an esou Lager oft vill ze laang festgehalen, esou datt et duerchaus üblech ass, datt an de Zellen d‘Leit nëmmen am Stoe Plaz hunn. An de besichte Lager wieren zum Zäitpunkt vun der Inspektioun 1.130 Mannerjäreger agespaart.

 

OpsiichtAus dem verëffentlechte Bericht kann ee sech e Bild vum Ausmooss vun der Situatioun maachen. Déi meescht Erwuessen déi an de Lager festgehale ginn, kënnen sech net emol duschen. Deels wieren an de Lager nëmmen „fiicht Dicher“ verdeelt ginn, an d‘Leit géifen an de Kleeder „liewen“ an deenen si opgegraff goufen. Z‘iessen hätt et fir déi allermeescht beschtefalls e Bréitche ginn.

Opsiicht

Och d‘Kanner hätte keen Zougang zu enger Dusch gehat an en Drëttel vun den 2.669 Kanner wier wäit iwwer 72 Stonne festgehale ginn. Dobäi sollte mannerjäreger bannent dëser Frist un den US-Gesondheetsministère iwwerstallt ginn. Hire Fazit: „Déi aktuell Sitautioun un der Südgrenz stellt eng akut a evolutiv Kris duer. De System ass net op dës Unzuel vu Mënschen agestallt“.

Den US-President fënnt dat éischter gutt

Kritik géintiwwer senger Politik – an dann och nach vun den eegene Beamten – dat huet den US-President guer net gären an hie geet domadder wéi gewinnt ganz „charmant“ ëm. Den Donald Trump huet also all Virwërf vu sech gewisen. Hien ass zudeem am Wahlkampfmodus an do kann ee sech keng bléist leeschten. Et muss ee seng Clientèle zefridde stellen an de Géigner fuerderen.

Seng Ausso: „Ville vun dësen illegalen Auslänner liewen elo besser wéi do vu wou se hir kommen, an ënner vill besseren a séchere Konditiounen“, déi wéi gewinnt via Twitter seng Ronn gedréint huet, ass weder sarkastesch nach ironesch gemengt. Grad wéi och d‘Feststellung, datt sollten d‘Migrante mat hirer Konditioun an de Lager net zefridde sinn, da sollten si ophalen ze kommen.

OpsiichtSenge Grenzpolizisten (CPB) stäipt de Milliardär de Réck a bescheinegt hinnen „e gudde Job“ ze maachen. Un d‘Adress vu sengen Unhänger, seet den Trump, datt d‘Grenzpoliziste weder Dokteren nach Infirmiere sinn (wat kee verlaangt), an un der Kris op der amerikanesch-mexikanescher Grenz wieren d‘Demokrate schold, well si d‘Reform vun de Migratiounsgesetzer verhënneren.

Fir de Fraktiounschef vun den Demokraten am US-Senat, Chuck Schumer, ass de Bericht vun der interner Opsiicht vum Heemechtschutzministère e Skandal sonnergläichen. Hie fuerdert net manner wéi d‘Entloossung vum Chef vun der Grenzpolice. Déi meescht Migranten déi hei betraff sinn, kommen aus Guatemala, El Salvador an Honduras a sinn eigentlech affer vun der US-Aussepolitik.

mat indymedia/hou

Foto: 88 Mënschen agepercht an enger Zell déi maximal 41 Persoune sollt ophuelen. D‘Opnam gouf vun der interner Opsiicht vum Heemechtschutzministère, den 12 Juni op der Statioun vun der Grenzpolice zu Fort Brown opgeholl. © OIG

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Heemechtschutzministère, Internéierungslager, Mexiko, Migratioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel