Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Ëmwelt wegen: Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad
Neiegkeeten

Der Ëmwelt wegen: Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad

Am Kader vun der Promotioun vun der doucer Mobilitéit, och

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!
Neiegkeeten

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!

E Méindeg huet sech eng Delegatioun vum LCGB mam Minister

De klenge Prënz Charles gouf gebuer!
Neiegkeeten

De klenge Prënz Charles gouf gebuer!

Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin hunn déi grouss Freed, d’Gebuert vun

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach

Wann et dëst Joer och eng ganz Rëtsch Constructeure ginn huet déi sech net op der IAA zu Frankfurt gewisen hunn, esou huet d‘Foire awer op en neits gewisen, datt si Fiederféierend an hirem Segment ass.

D‘IAA ass dann och déi eenzeg Automobilfoire, wou déi ganz Wäertschëpfungskette vun der Entwécklung enger Iddi, bis zur ëmfaassender Mobilitéitsléisung gewise gëtt. Natierlech geet och a virun allem drëm, déi grouss Neiegkeeten engem interesséierte Public ze weisen. An awer ass d‘IAA zu Frankfurt wäit méi wéi eben nëmmen eng grouss Autoshow.

All d‘Mobilitéitstheme ginn hei ugeschwat. D‘IAA begleet d‘Aussteller an d‘Entreprisen op hirem Wee vum Constructeur hin zum Mobilitéitsdéngschtleeschter. Hiersteller an Zouliwwerer hunn sech androcksvoll zu der Elektromobilitéit, mee gewëss och zum klassesche Verbrennungsmotor positionéiert.

Eleng déi däitsch Constructeuren hunn op der IAA hire feste Wëllen, sech enger emissiounsfräier a klimaneutraler Mobilitéit unzehuelen, virgeluecht. Dat mat dann och net manner wéi 150 neien E-Modeller fir déi kommend Joren. Op der 67. Editioun huet et dann och net manner wéi 228 Weltpremière ze gesi ginn.

E neit Format

Mat der „New Mobility World“ (NMW) huet den Autosalon och en zousätzlecht Format fir déi sëllech nei Acteuren aus dem Secteur ugebueden. Nei Léisungen, Technologien a Produkter vun der zukünfteger Mobilitéit, déi vun den Ingenieuren aus alle Branchen entwéckelt ginn, si virgestallt ginn. Mat derbäi déi gréisst aus der IT-Branche: Facebook, Google, SAP a Qualcomm, fir der nëmmen e puer ze ernimmen.

Um NMW-Konferenzprogramm hunn iwwer 7.000 Leit deelgeholl. Eng Abberzuel un Iddie sinn am „klénge“ Kader virgestallt ginn, hei virun allem vu „Start-Ups“. Iddien awer, déi d‘Mobilitéit vun der Zukunft eppes méi einfach dierfte maachen, sief et wëll se d‘Kommunikatioun vereinfachen, d‘Autoe besser op d‘Wuert héieren oder schlicht an ergräifend de Parkplaz-Management optiméiert gëtt.

Besser „Live“ mat derbäi wéi nëmmen nogekuckt

Matmaachen an d‘Saache „Live“ erliewe waren dëst Joer dann och zwee wiesentlech Atoute vun der internationaler Autosausstellung. Ganz grouss den Interessi vum Public um „Offroad-Parcours“. Hei louch d‘Bedeelegung vun den Interessenten däitlech iwwert dem Wäert vun 2015.

Beim vum VDA (Vereenegung vun den däitschen Automobilconstructeuren) gemaachte Sondage, ass dann och erauskomm, datt all zweete Besicher vun der IAA komm ass, fir sech iwwer déi alternativ „Mobilitéit“ an d‘Digitaliséierung ze informéieren. Natierlech sinn se bal all komm, fir Neies ze gesinn an/oder Autoen déi ee soss net gesäit.

Galerie: Pascal Knebler

Ähnlech Sujeten Auto, Autoausstellung, Autosalon, Frankfurt, IAA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel