Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

30 Joer NATURATA & Co: Nëmme glécklech Gesiichter ze gesinn!
International Meenung https://moien.lu/deaf-dating-hearing/

preston hook up

Mat engem informatiounsräichen a genësserlechen Owend am Trifolion huet d’Netzwierk

plenty of fish single dating
International Meenung https://moien.lu/deaf-dating-hearing/

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger
International Meenung https://moien.lu/deaf-dating-hearing/

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger

Ënnert 250 Kandidate konnten sech déi schéinst a bescht 17

Editorial: Et bréicht international Kooperatioun

Editorial: Et bréicht international Kooperatioun

Sommeten ouni Enn: et gëtt Drénglechkeetssëtzunge vun de G7-Staats- a Regierungscheffen, elo hu sech gëschter d‘G7-Ausseminister am virtuelle Raum getraff, an och op EU-Niveau jot ee Meeting deen aneren. De Grond ass bekannt, de Coronavirus Covid19 huet eng Pandemie ausgeléist. Datt et hei verstäerkt zum Asaz vun den neien Technologie kënnt, ass awer dat eenzegt wat positiv ass.

Fir de ganze Rescht, beweisen déi allermeeschte „Leader“, Mënschen déi sech d‘Vertraue vu Wieler mat Verspriechen a Ligen erschlach hunn, datt si grondsätzlech onfäeg sinn, Abstraktioun vun de perséinleche Befëndlechkeeten ze maachen an déi an dëser Situatioun esou wichteg Solidaritéit elo och ze demonstréieren. Déi dramatesch Appeller vun der UNO an der WHO héiere just d‘Medien…

Bannent dräi Deeg huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres widderholl drop higewisen, datt dës Pandemie eng Bedreeung fir déi ganz Welt ass, an eng Léisung vun dëser Kris net doranner resultéiere kann, datt all Land säin eegene Wee geet. Dës Kris – an dorunner besteet keen Zweiwel – ass nëmmen ze bewältegen, wa jidderee seng Animositéiten ausklammert a kooperéiert.

Dat huet natierlech säi Präis, an wann déi vereenten Natiounen en Hëllefsfong fir déi äermste Länner, also déi wou aus eegener Kraaft net emol am Usaz dëser sanitärer Kris begéine kënnen, fuerdert (rieds ass vun 2 Milliarden US-Dollar) dann ass dat gutt begrënnt, mee zwecklos. Dobäi kéint et esou einfach sinn, mee Egoismus an national politesch Interesse loossen „einfach“ net zou.

Länner wéi Däitschland a Frankräich (mir iwwregens och) huet hir „Spuerpolitik“ iwwer Bord gehäit an honnerte Milliarden Euro labber gemaach. Mee d‘UNO kritt keng zwou Milliarde mobiliséiert. Datt ass erschreckend, an net emol wëll datt de sécheren Dout fir Millioune Mënsche bedeit, mä et all déi, déi do gemengt hunn, datt een an der Kris zesummenhält, d‘Aen opmécht.

Egoismus a falsch Beschëllegunge sinn Instrumenter déi d‘Politik an dëser weltwäiter Kris sech elo ginn huet, fir sech d‘Muecht op nationalem Plang ze sécheren. Déi aner maachen alles falsch, déi aner sinn net solidaresch, déi aner hunn d‘Kris ausgeléist, déi aner…. Ëmmer déi aner… Dobäi maachen se alleguerten dee selwechte Feeler a versiche Feindbiller opzestellen déi et esou net gëtt.

D‘Amerikaner beschëllegen d‘Chinesen, déi behaapten d‘USA hätten hinnen de Virus ageschleeft, de brasilianesche President hält dat ganzt fir ee Witz an och bannent der EU hëlleft kaum een deem aneren. Hëllef kennt dogéint aus China, Kuba a Russland. Gutt, déi maachen dat elo och net ouni Hannergedanken, mee zumindest leeschten si déi Hëllef déi gebrauch gëtt, ouni vill Gebraddels.

Esou en Engagement, datt ee sech an der EU eventuell vum traditionelle Partner USA hätt dierfen erwaarden, passt Washington natierlech net. Beim virtuelle G7-Sommet vun den Ausseminister huet de Mike Pompeo dann och alles versicht, d‘Chinesen an ee schlecht Liicht ze réckelen. A well den Dabo insistéiert huet, datt een d‘Pandemie als „Wuhan-Virus“ bezeechent, war de Konsens net ginn.

Haut soll et dann zum virtuelle Sommet vun de G20 kommen. Un der Spëtzt vun dëse Länner, also fir déi meescht ass dat Fakt, sti Länner déi d‘Kris fir iwwerdriwwen halen oder se carrement verleegnen. Dat zesummegeholl mam idiotesche Gestreits tëscht Peking a Washington, garantéiert datt dës Kris net wäert bewältegt ginn, also zumindest net kuerz- oder mëttelfristeg.

Wann een de Wëssenschaftler gleeft, datt ënnert gudden Ëmstänn – also wa jiddereen no den eegene Méiglechkeete seriéis matschafft – dës sanitär Kris net virun Enn vum Joer ze léisen ass, sollten sech déi politesch Narzissen um Rimm rappen an eng hinne ganz onbekannte Säit opleeën, an sech zu Teamplayer entwéckelen. Mee dat wier aus „staatsmännescher Siicht“ sécher eng Schwächt.

A Politiker mat „Schwächte“ ginn, esou hir Opfaassung, net gewielt. Dofir ass et och ausgeschloss, datt fir d‘Dauer vun der Coronaviruskris, d‘Waffen an alle Konfliktgebidder schweige wäerten. Do gëtt zwar d‘Pandemie och gefaart, mee gläichzäiteg erhofft ee sech, datt de Géigner „méi betraff“ ass, an dorausser „Profit“ ze schloen ass. Waffen a Munitioun gi jo weider ausgeliwwert.

Kënnt et net zügeg zur Besënnung, bleift just d‘Erkenntnis, datt eng Zesummenaarbecht vläicht nach ënner regionale „Partner“ méiglech ass. A wien elo keng Empathie fir déi „aner“ huet, dee sollt sech fir déi uschléissend a garantéiert Wirtschaftskris, net op déi grenziwwerschreidend Solidaritéit verloossen, déi et 2008 an der Bankekris ginn huet. Mee do ass jo net ëm „Mënsche“ gaangen…

Illustratioun: © Robert Metz / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Egoismus, Kooperatioun, Pandemie, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel