Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
https://moien.lu/cool-male-usernames-for-dating-sites/

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

https://moien.lu/free-dating-in-paris/
https://moien.lu/cool-male-usernames-for-dating-sites/

reddit dating a trans guy

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff
https://moien.lu/cool-male-usernames-for-dating-sites/

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

E Méindeg huet Google matgedeelt, datt si am Mäerz e

Eng „international“ Schoul fir Munneref

Eng „international“ Schoul fir Munneref

D‘Schoulrentrée zu Munneref gëtt dëst Joer zu Munneref eng besonnesch. Dat läit virun allem dorunner, datt déi kleng Grenzstad eng international Schoul bei sech ophëlt. Et soll franséisch- an engleschsproocheg Klasse fir de Fundamentalunterrecht, an och franséisch-, englesch- an däitschsproocheg Klassen am Secondaire ginn. A schonn elo ass den Zousproch enorm.

Virgestallt gi war de Projet leschte Mëttwoch, an et huet net un Interesséierte Bierger gefeelt. An engem éischte Mouvement, ginn am Thermalbad, bei der Villa Ungeheuer, provisoresch Strukturen ageriicht. Ab September kann déi international Schoul zwou Schoulklasse fir dat éischt Schouljoer, an dräi Klasse fir dat éischt Joer vum Secondaire, ubidden.

De Buergermeeschter vu Munneref, Lex Delles (DP) begréisst dëse Schratt, an erënnert drun, datt de Lycée vu Munneref schonn zanter 12 Joer am sektorielle Plang virgesinn ass. D‘Gemeng hat sengerzäit en Direktesch-Schema ausgeschafft, an deem och de Velodrome berécksiichtegt gouf. An déi international Schoul soll jo och nieft dem Velodrom an de Foussballterrain gebaut ginn.

Eng Alternativ déi net nëmmen Auslänner interesséiert

Bei enger éischter Informatiounssëtzung, hat de Minister Claude Meisch (DP) de Projet virgestallt, an och d‘Geleeënheet genotzt fir ähnlech Projeten (Lënster Lycée a Klierf) ze presentéieren. An hei stellt de Lex Delles dann och fest, datt „et eng Alternativ zum klassesche Lëtzebuerger Schoulsystem ass, déi d‘Lëtzebuerger staark interesséiert an net nëmmen d‘Auslänner“.

Als President vun der parlamentarescher Kommissioun fir d‘Erzéiung, begréisst den Deputé-Maire vu Munneref, datt mat dëser Mesure, d‘Offer elo iwwert dat ganzt Land verdeelt ass. Wat d‘Raimlechkeete vu Munneref ubelaangt, esou wieren nach „Vergréisserunge“ virgesinn, bis den eigentleche Lycée gebaut ass. Woubäi hei ze ernimmen ass, datt d‘Gesetz nach net gestëmmt ass.

Mee d‘Leit déi sech den Informatiounsowend net laanscht d‘Nues goe gelooss hunn, haten och Froen am Gepäck. Wichteg war dem Public virun allem gewuer ze ginn, wéi eng Méiglechkeeten den europäesche System ubitt, wéi et mat der Gläichstellung vun den Diplome steet a wéi eng „Iwwergäng“ et gëtt, fir vum Lëtzebuerger System an den europäeschen ze wiesselen.

Wien dierf hei an d‘Schoul goen?

Wéi et de Munnerefer Buergermeeschter däitlech zum Ausdrock bruecht huet, sollen d‘Schüler aus dem „grand est“ d‘Prioritéit hunn. A wéi et heescht wier d‘Nofro enorm. Dat net nëmme vun de Schüler selwer, mee och bei den Enseignante besteet ganz groussen Interessi hei Schoul ze halen.

De Stellewäert vun der internationaler Schoul spillt dann awer och eng grouss Roll. Déi europäesch Schoule bidden eng Bildung déi de pädagogeschen Uspréch, esou wéi se fir d‘Europaschoule festgeluecht goufen, gerecht gëtt. Dat allerdéngs am Kader vum nationale Bildungsplang vun den EU-Memberstaaten.

Interessant ass dann awer, datt de Premièresdiplom vun der internationaler Schoul, et de Schüler erlaabt an hiren Heemechtslänner „gläichgestallt“ ze sinn. Et gëtt kee begrenzten Zougang zu enger Universitéit a den Diplom muss an der ganzer EU unerkannt ginn.

Wien dann elo och nach Angscht hätt, datt déi Lëtzebuerger Sprooch dorënner kéint leiden, deem sief zur Berouegung gesot, datt d‘Schüler vum Fundamentalunterrecht 1 Stonn d‘Woch, an d‘Schüler aus dem Secondaire 2 Stonnen d‘Woch, d‘Sprooch léieren. Muer gëtt et dann nach en Informatiounsowend a franséischer Sprooch. Méi Informatiounen zum Munnerefer Lycée: HEI

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, International Schoul, Lex Delles, Munneref, Thermalbad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel