Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?
san antonio hookup bars

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

No dräi Joer Gestreits, ëm déi laut dem Gesetz vun

hookup bloomington il
san antonio hookup bars

my hero academia dating

Dräi Deeg viru Sylvester léisst den Ëmweltministère via den Informatiounsdéngscht

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?
san antonio hookup bars

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?

Während den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) säi Projet vum

Internationale Fraendag – Wa Clichéen d’Passioun ënnerdrécken

Internationale Fraendag – Wa Clichéen d’Passioun ënnerdrécken

Den Internationale Fraendag 2020 dës Kéier vum MEGA ënnert de Motto Lëtz go equal in digital gestallt ginn. An dësem Kader sinn um 5. Mäerz divers Sensibiliséierungsatelieren, wéi och eng Konferenz fir Schüler a Representante vun Entreprisen organiséiert ginn.

Mëttlerweil komme wuel an alle Beräicher Froen zur Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op, esou och am digitale Beräich am Beruffsliewen. Béid Geschlechter sollten de selwechten Accès zu den neien Technologien hunn. Ginn et momentan nach wéineg Fraen, déi aktiv an dësem Domän schaffen, esou sollten d’Entreprisë qualifizéiert Personal, egal wéi ee Geschlecht, encouragéieren an hir Talenter fërderen. Heirauser zitt nämlech och d’Firma ekonomesch a sozial Konsequenzen.

Internationale Fraendag

Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer © MEGA

Bei hirer Ried huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, de multidimensionalen Aspekt ervirgehuewen: „De Sujet vum digitalen Zäitalter ass un d’Politik vun der Aarbecht, der Bildung an dem Héichschoulwiese gebonnen an trëfft op bestëmmt Ziler, fir d’Stereotyppen ze bezwéngen. Et muss ee Clichéen, Viruerteeler a Stereotyppen, déi akademesch a professionell Entscheedunge bremsen, ofbauen.“

Wärend dem ganzen Dag hunn d’Schüler vum Lycée Belval un Aktivitéiten deelgeholl an esou den Alldag vun der Aarbechtswelt kennegeléiert. Bei engem Diskussiounspanel goufe schliisslech déi responsabel vun de Startup Checkmath, Food4all, Mattrvest, Sumy a WEO un de Mikro gelooss, fir esou iwwert déi divers Méiglechkeeten am Secteur ze diskutéieren.

Internationale Fraendag

(v.l.n.r.) Marina Andrieu, WIDE; Philippe Linster, HOST; Diane Delava, Mattrvest; Charlotte Wirion, WEO; Imeshi Weerasinghe, WEO; Astrid Leonet, F4A; Himadri Pathack, Checkmath; Hinde Boulbyem, Sumy © MEGA

Dobäi huet d’Ministesch misse feststellen, datt et trotz enger minimaler Progressioun am Verglach zum Joer 2010, fir 2018 just 14,5 % Aarbechtsplazen am digitale Beräich vu Frae besat waren. Bei den ieweschte Positiounen, wéi beispillsweis der Plaz vun der Direktesch, kann een ee Wäert vun 9,8 % verzeechnen. Kuckt een emol, wéi vill weiblech Techniker an der Informatioun, Kommunikatioun an Telekommunikatioun agestallt sinn, da komme mir op 18 bis 21 %. „Mat Bléck op dës Zuele stellen ech fest, datt mir nach wäit vu Gläichheet tëscht de Geschlechter am Secteur ewech sinn.“

An Zukunft mussen d’Facteuren analyséiert ginn, déi fir dësen Decalage suergen. Ënnerdeelt een Beruffer weiderhin an d’Kategorie Mann oder Fra, wäerte jonk Erwuessener och an Zukunft vun de Stereotyppe beaflosst ginn an hirer Passioun vläicht net nogoen.

Opmaacherbild: Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer © MEGA

Ähnlech Sujeten Checkmath, Food4all, Internationale Fraendag 2020, Lëtz go equal in digital, Lycée Belval, Mattrvest, MEGA, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Sumy, Taina Bofferding, WEO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel