Search

You may also like

money
Lëtzebuerger Justiz mat interessantem Uerteel
International Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Justiz mat interessantem Uerteel

An der Affär Saisie-Arrêt vun de Bankkonte vun der Islamescher

money
OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen
International Kultur Neiegkeeten

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?
International Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de

Léift op 4 Patten – T’ass internationale Kazendag

Léift op 4 Patten – T’ass internationale Kazendag

D’Famill mat engem neie Véierbeener ze vergréisseren, sollt en wuel iwwerluecht Entscheedung sinn. Wéi ee Charakter passt bei mech? Hunn ech genuch Zäit a kann ech dem Déier ee gerecht Liewe bidden? Um haitegen internationale Kazendag leeë mir de Fokus op dat eegesënnegt Hausdéier.

Spontan kann ee sech villes kafen, mee nimools en Hausdéier. Et dréit ee schliisslech eng grouss Verantwortung, a grad Kaze kënne bis zu 20 Joer al ginn.

Ob verschmuusten Tiger oder onofhängege Kueder – D’Wiese vum Déierchen léisst sech ufanks net bestëmmen. Ma, Fakt ass, datt de Besëtzer sech iwwerleeë muss, säin Déier ze kastréieren oder steriliséieren. Zemools wann se Fräigänger sinn, muss sécher gestallt ginn, datt d’Kazen sech net onkontrolléiert fortplanzen.

Kazendag

© Ramiz Dedakovic / Unsplash

Adoptéieren oder kafen?

Et leescht een e gutt Wierk, wann e fir d’éischt an d’Déierenasyl no engem neie Matbewunner kucke geet. Villäicht verléift e sech op den éischte Bléck? Bedenke sollt een awer, datt ee mat Kazen aus dem Asyl vill Gedold opbrénge muss. Deemno wéi sinn si duerch hier Virgeschicht virbelaascht a mussen neit Vertrauen opbauen.

Eng ausgewuesse Kaz ka schonn zimlech selbststänneg sinn, wärend déi Kleng, genee ewéi mir Mënschen och, alles fir d’éischt léieren mussen. Do wier et gutt Zäit fir d’Awinnung anzeplangen.

Kazendag

© Yerlin Matu / Unsplash

Dofir stellt Iech folgend Froen:

  • Ass genuch Zäit do? Oder sidd Dir vill ënnerwee? Eng Kaz brauch vill Léift an Zouwendung. Zemools wann se net op den Tour geet.
  • An ass genuch Plaz? Och eng Kaz brauch hire Fräiraum, en Eck wou se sech zeréckzéie kann.
  • Kënnt Dir Iech d’Käschte leeschten? Fudder, Kloterbam, Transportbox, Spillsaachen an Dokteschrechnunge kéinten en Lach am Portmonnie hannerloossen.

Natierlech kann och en einfache Kartong eng Kaz begeeschteren!

De Moment waarden 30 Kazen am Gaasperecher Déierenasyl op en neit Doheem. Den Interessi fir d’Adoptioun ass oft do, mee leider ass d’Begeeschterung am Gréissten, wann d’Kaz nach kleng ass. Op jiddwer Fall ass esou en Déier Balsam fir d’Séil. De Pelz heemelen an d’Vibratioun vum Schnurren héieren – et wierkt sech berouegend op de Mënsch aus. Si deelt hier Energie mat eis.

Sollt Dir am Déierenasyl net Är Wonschkaz treffen, kaaft wann ech gelift just bei engem seriéisen an gepréiften Ziichter.

Opmaacherbild © Jonas Vincent / Unsplash

Related topics Adoptioun, Charakter, Gaasperecher Déierenasyl, Hausdéier, Internationale Kazendag, Kaf, Kueder, Miessi, Minitiger, Verantwortung, Zäit
Next post Previous post