Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

hook up muay thai schedule
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

Alles Guddes un de Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien!

Um haitegen Dënschdeg kann um groussherzoglechen Haff direkt aus zwee

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Zanter 2002 aktiv an der Fërderung an der Verbreedung vun

Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach

Organiséiert vum Veräin „Petanque Pavillon Iechternach“ fënnt dës international Renconter elo scho gutt 20 Joer statt. Dee vum Jim Schuler, Nicole Kahn a Nico Tholl – mat der Ënnerstëtzung vun enger léiwer Equippe u Fräiwëllege – ofgehalene Tournoi an der „Doublette“ ass op fir jiddereen, dee Freed a Spaass drun huet.

D‘Morgane an de Kay. De beschten an och schéinste Beweis, datt d‘Petanque ee Sport ass dee sech och fir jonk Leit eegent. Petanque ass bei wäitem kee Rentnersport, woubäi dee sech bis an den héijen Alter praktizéiere léisst.

An den Erfolleg vum Evenement léisst sech och an Zuelen ausdrécken. Net manner wéi 61 Koppelen haten sech ageschriwwen. D‘Participante waren aus Däitschland, Holland an dem Frankräich ugereest. Esou kann ee dann och vun engem véier Natiounen Turnéier schwätzen.

D‘Hollänner vum „Jeu de Boulesclub t‘Barrierke“ sinn all Joer mat derbäi. Eng lëschteg Band déi dem Tournoi trei ass an virun allem wéinst der Ambiance an de laangjärege Frënn zu Iechternach op de Start geet.

Den Tournoi, dee selbstverständlech vun engem héich offizielle Schiidsriichter begleet ginn ass, stellt awer elo net d‘Competitioun an de Virdergrond. Et ass dat, wat een am Jargon vun de Petanquisten eng „Amicale“ nennt. Gespillt gëtt de „Schwäizer System“ (och als Point Buchholz bekannt) wou no fënnef Ronnen déi erziilte Punkten (goal average) déi beschten Equippe bestëmmt.

E gëllege Spaass fir all Alter

Vum Jim, deen eigentlech ee Germain ass, si mer nach gewuer ginn, datt vill vun de Sportler scho praktesch zum Inventar gehéieren. Esou beispillsweis d‘Hollänner vum „Jeu de Boulesclub t‘Barrierke“ déi all Joer hiert Kënnen ënner Beweis stellen. Och d‘Männer vum Bollendorfer „Kulturverein Sauerstaden e.v.“ sinn Dauergäscht vum Evenement.

De Jim Schuler vum Petanque Pavillon Iechternach huet eis erkläert ëm wat et beim Tournoi „Doublettes“ gaangen ass. Selbstverständlech louch och bei dësem sportlechen Evenement d‘Freed um Spill an de Spaass ee schéinen Nomëtteg zesumme verbruecht ze hunn, un éischter stell.

Mee natierlech huelen och ee sëlleche Lëtzebuerger um Tournoi deel. Ervirzehiewe sinn hei d‘Delegatioune vun de Veräiner. Hei waren da besonnesch d‘Veräiner aus dem Süden zueleméisseg déck vertrueden.

D‘Eugenie Linden vum Miseler Carreau. Dat gesäit net nëmme gutt aus, et ass virun allem esou wéi een et sollt maachen.

Esou waren aus Esch Uelzecht ganzer dräi Veräiner zu Iechternach vertrueden. Well mat dräi Equippen d‘Boule d‘Or déi stäerkste Fraktioun duergestallt huet, hu mer eis déi méi no ugekuckt. Den Escher Traditiounsclub huet den Tournoi mat zwou gemëschten Equippen an enger staarker Härenequipe bestridden. Déi hunn sech dann alleguerten ënnert de beschten 20 placéiert.

Wou en Tournoi, do och Gewënner

Beim Tournoi sinn un déi zéng bescht Koppele Präisgelder gaangen. Dat gesamte Präisgeld huet sech aus der Aschreiwungstax (5€ pro Spiller) zesummegesat. Woubäi et hei zu gudder Läscht net ëm de Montant gaangen ass. Mee ee sportlechen Tournoi muss jo och ee Klassement virweisen a mir weisen iech déi zéng dann och hei:

1. Plaz Bocca Luca/Lombardelli Claudio 65:21

2. Plaz Cattazzo Serge/ Adrien Daunois 65:29

3. Plaz Eddy/Fabien 64:30

4. Plaz Nico Jost/Zaurinni Cuciano 53:23

4. Denis Viard/Halim Baitiche 53:23

6. Plaz Laurent Kretchner/Heyder Christophe 59:30

7. Plaz Pickar Thomas/Pickar Andrea 61:34

8. Plaz Seltzer Anja/Seltzer Christian 64:41

9. Plaz Delporte Philippe/Fogens Liliane 60:38

10.Plaz Lorig Astrid/Lintz Christian 58:38

Wëssenwertes

Wien Loscht a Freed un der Petanque huet, an op elo zu Iechternach oder Esch Uelzecht sech wëll ausprobéieren, deen dierft Folgendes interesséieren:

De Veräi Petanque Pavillon Iechternach trëfft sech all Donneschdeg ab 18 Auer an all Samschdeg ab 15 Auer zu Iechternach am Park. Ee ganz schéine Site, deen eleng scho Loscht op Méi mécht. Wien hei méi Informatioune wëll hunn, kann sech déi beim Jim Schuler (gschuler@pt.lu) oder dem Nico Tholl (tni@pt.lu) mellen.

Um Escher Gaalgebierg kann ee beim „Boule d‘Or“ all Mëttwoch ab 14 Auer (Ugespillt gëtt um 14:45) un der „melée formée“ deelhuelen. Dës Rencontere sinn op fir jiddereen dee kann a wëll. Op dëser Plaz den Hiweis, datt um 19. August e klengen Tournoi am sougenannten „Tête à Tête“ stattfënnt. (Méi op der Internetsäit vum Club)

Wien den 19. August net kann, awer Loscht huet. Deem sief dann un d‘Häerz geluecht, datt de „Kulturverein Sauerstaden e.v.“ um 20. August och en Tournoi organiséiert. Hei muss sech virun 10 Auer ageschriwwe ginn. All néideg Informatiounen zu dësem Tournoi kritt ee beim Meyers Paul (paulm@pt.lu)

Wie generell méi iwwer d‘Petanque wësse wëll, sollt sech op der Säit vun der Lëtzebuerger Federatioun (FLBP) informéieren. Hei sinn och d‘Adresse vun der Veräiner aus ärer Géigend.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Iechternach, Lëtzebuerg, Petanque, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel