Als Au-Pair zu Lëtzebuerg – e kulturellen Echange fir Jonker a Gaaschtfamillen
De Programm Au-Pair Lëtzebuerg kréie jonk Erwuessener d’Méiglechkeet eng besonnesch
De Programm Au-Pair Lëtzebuerg kréie jonk Erwuessener d’Méiglechkeet eng besonnesch
Esou wéi de Koalitiounsaccord tëscht der CSV, DP an déi
Ee Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch säi Gesetzprojet agereecht,
No engem Concours am Mee 2019 hat d’Associatioun schliisslech seng jonk Talenter tëscht 14 an 18 Joer fonnt fir esou eng éischte Kéier un dësem Turnéier deelzehuelen an d’Land ze vertrieden. De ganze Summer iwwer duerften déi kreativ Käpp entwéckelen, testen a verfeineren. Ee Mol zu Dubai ukomm huet de Roboter verschidden Aufgabe bei de Qualifikatiounsronne léise missen. Ënnert 189 Natioune konnt d’Lëtzebuerger Ekipp sech um 108. Rang placéieren. Eng Rëtsch technesch Problemer hu fir schweesseg Hänn gesuergt.
Och wa keng méi héich Placéierung erreecht konnt ginn, weist d’Team sech houfreg iwwert d’Resultat. „Ech hunn ëmmer un eis Ekipp gegleeft. Et ass eis positiv Ausstralung déi eis gehollef huet d’Schwieregkeeten ze iwwerstoen! Mir hu vill geléiert bei dësem Treffen“ schlussfolgert de Leo, 18 Joer a Kapitän vum Lëtzebuerger Team.
Zënter 2017 organiséiert FIRST Global pedagogesch Roboter-Turnéier, déi dorausser besteet, datt international Ekippen duerch d’Technik eis aktuell ekologesch Erausfuerderunge léisen. All Joer ass och d’Associatioun Make it op der Sich no Talenter, fir esou eng Ekipp zesummen ze stellen. Den nächsten nationalen Turnéier ass fir de 16. a 17. Mee 2020 geplangt. Aschreiwen, fir de sougenannte Luxembourg Youth Robotics Challenge (LYRC), kann ee sech ab elo iwwert www.lyrc.lu. Weider Informatioune ginn et per Mail um robots@makeit.lu.
Dank der Ënnerstëtzung vun der UNI.lu (SnT) gëtt d’Participatioun um Championnat iwwerhapt méiglech gemaach. Finanziell ënnert d’Ärem gegraff kritt d’Ekipp vum Fonds National de la Recherche, vu Let’s make it happen an Turkish Airlines.