Search

You may also like

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt
International Neiegkeeten

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt

Schwéier Situatiounen erfuerdere kreativ Moossnamen. Solidaritéit an Zäite vun der

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden
International Neiegkeeten

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net

dislike
Findel: Keng Eenegung a Siicht
International Neiegkeeten

Findel: Keng Eenegung a Siicht

Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren

Den Alter ass e perséinlechen, sozialen a kierperleche Phenomen, deen eis all Sekonn begleet. Weltwäit gëtt d’Bevëlkerung ëmmer méi al, woumat och d’Erausfuerderungen an de kommende Jore klammen. En oppent Ouer fir d’Elteren a d’Grousselteren ass awer essentiell – aus hiren Erkenntnisser an Erliefnisser kéinte mir Villes léieren. Eis eeler Leit gi mam haitegen Aktiounsdag geéiert.

Bei der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen um 14. Dezember 1990 gouf den 1. Oktober als Internationalen Dag vun den eelere Leit ernannt (Resolutioun 45/106). Tëscht 1950 an 2010 ass d’Liewenserwaardung nämlech duerchschnëttlech vun 46 op 68 Joer geklommen. Eleng am leschte Joer goufen iwwer 703 Millioune Mënschen iwwer 65 Joer gezielt.

Virun allem ëstlech Regioun a Süd-Ost Asien sti mat 261 Milliounen eelere Persounen un der weltwäiter Spëtzt. Ma, et gëtt geschat, datt bis 2050 ganzer 1,5 Milliarden eeler Mënschen op eisem Planéit liewe wäerten.

eeler Leit

Ob een et elo positiv oder negativ ophëlt, datt de Mënsch ëmmer méi al gëtt, esou muss ee sech den Erausfuerderungen upassen, déi beschtméiglech Versuergung bidden an hinnen e Liewe ginn, dat si esou wäit et nach méiglech ass, selwer an der Hand hunn. An dësem Kader déngt den haitegen Aktiounsdag net nëmmen der Sensibiliséierung, mee och als Éierung fir all d’Leeschtungen, déi eeler Leit an hirem Liewe erbruecht hunn.

Déi sanitär Kris als Haaptthema

D’Joer 2020 ass gepräägt vum Covid-19. Wärend Senioren an Alters- a Fleegeheemer mam Lockdown vun hire Famillen an der Baussewelt ofgeschnidde gi sinn an domat immens ze schafen haten, hu verschidden eeler Mënschen Initiative gestart, fir hiren Engagement an d’Solidaritéit mat de Gläichgesënnten ze beweisen.

Ab 65 Joer gëllt de Mënsch als Vulnerabel, besonnesch ufälleg fir den neiaartege Coronavirus.

Passend zum Aktiounsdag huet den RBS Center fir Altersfroen eng besonnesch Aktioun gestart. Op Facebook ginn haut Portraite vu Senioren verëffentlecht, déi besonnesch aktiv waren, Engagement gewisen hunn an Initiative gestart hunn fir anere Persounen ze hëllefen.

eeler LeitRBS Center fir Altersfroen / Facebook

D’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet iwwerdeems ervirgehuewen, datt verschidde solidaresch Initiativen, wéi beispillsweis d’Verdeele vu Masken vun de Scouten u vulnerabel Persounen, d’Verbindung tëscht den Noperen an de Generatioune gestäerkt huet. Zesummenhalt gouf bewisen, kee sollt eleng gelooss ginn.

„Dëst speziellt Joer, dat vun der Covid-19-Kris dominéiert gëtt, huet den Alldag vun der ganzer Gesellschaft a virun allem den eelere Persounen op d”Kopp gestallt. De Confinement, duerno déi sozial a physesch Distanz, hunn hinnen d’Liewe schwéier gemaach an awer ziele mir eng grouss Unzuel u Persounen, déi Courage a Solidaritéit bewisen hunn. Ech soen hinnen nach emol éierlech Merci fir hiren Engagement“, sou d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

eeler Leit

Si wëssen, wéi d’Liewe wierklech funktionéiert

Eréischt am Réckbléck versti mir d’Liewen esou richteg, gesi wat positiv an negativ war, wouraus mir geléiert hunn, wat eis weiderbruecht huet a wat een deemools hätt kënnen anescht maachen. Mat all Erliefnis gi mir méi schlau a léieren aus de Feeler.

Am Magasinn „Ein Leben lang wachsen“ stoung eng Editioun ënnert dem Thema „Was wir vun alten Mënschen lernen können“. Hei presentéiert d’Auteurin Sonja Schiff 5 Asiichten, déi eeler Persounen hir bäibruecht hunn:

  • Déi eegen Talenter liewen: Amplaz aus Angscht säin Dram net ze liewen, an et spéider ze bereien, soll een der banneschter Stëmm nogoen a seng Ziler verfollegen.
  • Et kritt een, wat een ausdeelt: Huet een am Liewe vill Léift ginn, sech hëllefsbereet gewisen an aner Mënsche gutt behandelt, esou kritt een dat och spéider zeréck. Besonnesch wann ee sech gutt ëm seng Kanner këmmert, da wäerte si een och am Alter begleeden an ënnerstëtzen.
  • De Rucksak vum Liewen: Ab der Gebuert gëtt de perséinleche Rucksak vum Liewe mat positiven an negativen Erliefnisser gefëllt. Dobäi geet et net ëm d’Quantitéit vun den Erliefnisser, mee dorëm bewosst „ze paken“, heiansdo ëmzepaken an auszemëschten.
  • D’Séil kennt keen Alter: Fale kommen, d’Hoer gi gro, mee bannendran ass een nach ëmmer ee selwer. Eis Wënsch, Ängschte, Dreem, jo och eis geckeg Oder bleift eis ëmmer erhalen.
  • Et gëtt alles gutt: Bal kee verléisst dëst Liewe schwéier, déi Meescht hunn e friddlechen Ausdrock wa si eis fir ëmmer verloossen. Zum Schluss si mir all selwecht, an och wärend eiser Liewenszäit ginn Déiften duerch Héichte kompenséiert.

eeler Leit

An d’Rezept fir e laangt Liewen? Brauche mir iwwerhaapt esou vill Zäit, oder ass et net méi wichteg déi Zäit déi mir hunn, mat Qualitéit ze fëllen? Vill Uebst a Geméis, reegelméisseg physesch Aktivitéiten, Anti-Aging-Crème hei, gro Hoer fierwen do – den Alter kann een net verhënneren. D’Rezept fir e schéint Liewen ass einfach säi Gléck ze fannen, dat Bescht aus der kuerzer Existenz ze maachen.

Opmaacherbild: © Micheile Henderson / Unsplash

Related topics Aktiounsdag, al Generatioun, Corinne Cahen, Gesondheet, Internationalen Dag vun den eelere Leit, Liewenserwaardung, Lockdown, Resolutioun 45/106, Vereent Natiounen, Versuergung
Next post Previous post