Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?
International Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?

Wien all Dag Lëtzebuergesch schreift, dee weess, datt et ëmmer

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich
International Neiegkeeten

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich

Wëll d‘Regioun vum Grand Est als Covid19-Hotspot identifizéiert ginn ass,

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
International Neiegkeeten

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

Internationalen Dag vun der Hiewan – Eng Aarbecht, déi Respekt verdéngt

Internationalen Dag vun der Hiewan – Eng Aarbecht, déi Respekt verdéngt

Zënter 1991 gëtt den internationalen Dag vun der Hiewan all Joer um 5. Mee an iwwer 50 Länner zelebréiert, fir esou op d’Bedeitung vun dësem Beruff opmierksam ze maachen. Zu Lëtzebuerg ass et d’Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes (ALSF), déi sech fir d’Hiewanen an d’Frae wärend der ganzer Schwangerschaft, der Gebuert an der postnataler Period engagéiert.

An dësem Joer huet d’ALSF sech dofir ee ganz konkrete Motto ausgeduecht: „D’Hiewanen zesumme mat de Fraen: Zelebréieren, opmierksam maachen, mobiliséieren, sech verbannen – T’ass eise Moment!“

Am vergaangene Joer goufen zu Lëtzebuerg vill Fortschrëtter an dësem Beräich gemaach. Vun enger neier Nomenclature fir fräiberufflech Hiewanen, iwwert besser Informatioune fir d’Ëffentlechkeet duerch déi steigend Presenz an de Medien, bis zu Upassungen an de Gesetzestexter zu de Kompetenzberäicher vun den Hiewanen konnte grouss Schrëtter gemaach ginn. Um Erfolleg soll ee sech awer bekanntlech net ausrouen.

Hiewan

© Luma Pimentel / Unsplash

Gebuertshëllef zur Krisenzäit

Mat der Arrivée vum Covid-19 hunn och d’Hiewanen sech missen upassen, fir esou déi beschtméiglech Betreiung vu Mammen an hire Puppelcher garantéieren ze kënnen. Wéi d’ALSF matdeelt hätte sech déi fräiberufflech Hiewanen schnell op d’Demande an d’Besoinen an dëser Krisenzäit ëmstelle kënnen.

No de fréizäitegen Entloossungen aus der Maternité goufen déi frësch gebaakte Mammen Doheem betreit. Donieft sinn och virtuell Gebuerts-Virbereedungscoursen ugebuede ginn. Duerch d’Teleconsultatioun konnt et erméiglecht ginn, schnell an ouni physesche Kontakt op d’Froe vun de Fraen a Mammen ze äntweren.

D’Lëscht vun de fräiberufflechen Hiewanen gëtt reegelméisseg aktualiséiert a verëffentlecht. Zu gudder Lescht konnt eng speziell Hotline ageriicht ginn, sou datt am Noutfall schnell an einfach eng Hiewan erreecht ka ginn.

Hiewan

© Anastasiia Chepinska / Unsplash

Einfach emol Merci soen

Zum internationalen Dag vun der Hiewan gouf d’Campagne #IThank op d’Been gestallt. Op de soziale Medie kënne Fraen esou hirer Hiewan fir d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung virun, wärend an no der Gebuert Merci soen. Wie matmaache wëll, dee ka seng Geschicht verëffentlechen a mam Hashtag #IThank (plus den Numm vun der Hiewan) markéieren.

D’ALSF ënnersträicht an dësem Kader och déi essentiell Zesummenaarbecht tëscht de Maternitéen, de Professionellen am Gesondheetsberäich, sou wéi de verschidde Gruppen an Associatiounen, déi sech fir de Respekt an de Schutz vun de Rechter vu Fraen an Hiewanen asetzen.

Folgend Fuerderunge gëllt et nämlech ervirzehiewen:

  • All Fra soll d’Recht hu vun enger Wonschpersoun, respektiv engem klengen ausgewielte Grupp u Leit wärend der Schwangerschaft, der Gebuert an der postnataler Period begleet ze ginn;
  • Eng „one-to-one“-Betreiung muss wärend der Gebuert méiglech sinn;
  • D’Fraen sollen d’Plaz, wou hiert Kand op d’Welt komme soll, selwer wielen dierfen;
  • D’Nomenclature zu den Tariffer vu fräiberufflechen Hiewanen soll par Rapport zu de fest ugestallten Hiewanen ugepasst ginn;
  • D’Formatioune vun den Hiewanen mussen ugepasst ginn, fir esou den héije qualitativen Niveau vum Beruff weiderhin garantéieren ze kënnen.

Zil vun all dëse Fuerderungen ass et, d’Rechter vun de Fraen ze respektéieren, déi hinne laut de Mënscherechter zoustinn.

Hiewan

© Sharon McCutcheon / Unsplash

D’Entstehung vum internationalen Dag vun der Hiewan

D’Iddi zum Aktiounsdag geet dobäi op d’International Confederation of Midwives (ICM) zeréck. Am Joer 1987 hu si d’Konzept um Internationalen Hiewenekongress an Holland presentéiert. Knapp 4 Joer méi spéit konnt de Plang an d’Realitéit ëmgesat ginn.

Scho bei der zweeter Editioun huet den Dag vun der Hiewan zuelräich Participanten fonnt, déi gemeinsam op déi schwiereg Situatioun vun de gréisstendeels fräiberufflechen Hiewanen opmierksam maachen, an d’Ëffentlechkeet sensibiliséiere wollten. Et ass ee Beruff, dee weltwäit gebraucht gëtt, fir zukünfteg Mammen ze begleeden, bei der Gebuert ze assistéieren an och duerno nom Wuelergoe vu Mamm a Kand ze kucken.

An dësem Kader maache mir drop opmierksam, datt d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) d’Joer 2020 zu Éiere vun den Hiewanen an Infirmièren erkläert huet.

Opmaacherfoto: © ALSF

Ähnlech Sujeten ALSF, Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes, Gebuert, International Confederation of Midwives, Internationalen Dag vun der Hiewan, Mamm, Schwangerschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel