Search

You may also like

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)
Neiegkeeten

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)

D‘Bierger vun Europa erwaarde vill vun der EU-Kommissioun, déi awer

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff
Neiegkeeten

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

E Méindeg huet Google matgedeelt, datt si am Mäerz e

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount
Neiegkeeten

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount

D’OIKOPOLIS-Betriber kompenséieren erëm hire CO²-Foussofdrock. D’Grupp spent jeeweils 11.977€ un dräi Veräiner

Internationalen Dag vun den Infirmièren an Hiewanen

Internationalen Dag vun den Infirmièren an Hiewanen

Déi aktuell sanitär Kris léist eis fillen, wéi wichteg d’Fleeg fir onse Gesondheetssystem ass. D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet d’Joer 2020 als d’Joer vun den Infirmieren an den Hiewanen deklaréiert. An deem selwechten Kader gouf e Rapport „State of the world‘s nursing“ verëffentlecht, mat deem d’Regierungen an all concernéiert Acteuren dozou opgeruff ginn, an d’Formatioun, d’Aarbechtsplazen an de Leadership vun den Infirmièren an Infirmieren ze investéieren.

An enger Entrevue tëscht der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Vertrieder vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) konnten ënnert anerem d’Fuerderungen aus dësem Rapport beschwat ginn.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert: „Fir mech ass den internationalen Dag genau sou wéi d’Joer vun den Infirmieren an Hiewanen eng eemoleg Geleeënheet, fir dëse Gesondheetsberuffer eisen déiwen Dank auszeschwätzen. Nieft den Dokteren stinn si an éischter Linn vun der Prise en charge an assuréieren e mënschleche Kontakt mam Patient. D’Infirmieren hunn dowéinst eis voll Ënnerstëtzung, fir d’Qualitéit vun hirer Ausbildung a fir hir wichteg Rollen an dem Beräich vun den Soins weider auszebauen.“

Vum 1. Juni u gëtt iwwerdeems d’Funktioun vum „Chief Nursing Officer” am Gesondheetsministère besat. Déi ënnerschiddlech Acteure kréien heimat eng Uspriechpersoun fir Froen, déi d’Fleeg oder den Infirmiers-Beruff betreffen. Den „Chief Nursing Officer” wäert bei strategeschen Entscheedungen, déi d’Fleeg betreffen, matwierken.

Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL: „D’Infirmièren/Infirmieren sinn d’Experte vun der Fleeg a musse fir sech selwer an der Fleege-Politik matschwätze kënnen. Den „Chief Nursing Officer” ass e wichtege Schrëtt an eng immens Wäertschätzung vun der Aarbecht vun all Infirmier(ère) während an no der Corona-Pandemie!“

Matgedeelt vum Gesondheetsministère an der ANIL (Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg)

Opmaacherbild: © Graham Ruttan / Unsplash

Related topics ANIL, Anne-Marie Hanff, Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg, Chief Nursing Officer, Fleeg, Gebuert, Internationalen Dag vun der Hiewan, Paulette Lenert, Qualitéit, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Next post Previous post