Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanada kritt säin Dreck zréck
International Kultur Neiegkeeten

Kanada kritt säin Dreck zréck

D‘Bevëlkerung vun de Philippinnen war es sat, datt hiert Land

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
International Kultur Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

Kriss du 8 Richteger an eisem Weltfraendag Quiz?
International Kultur Neiegkeeten

Kriss du 8 Richteger an eisem Weltfraendag Quiz?

Haut ass Weltfraendag. Grond genuch also, fir eng Kéier e

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS) de Weltdag vun der sexueller Gesondheet an d’Liewe geruff. Dobäi gëtt ee verantwortungsvollen Ëmgang mat der Sexualitéit gefuerdert, sou datt Scham an Diskriminéierung ofgebaut, dofir awer méi Wëssen iwwerdroe gëtt.

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet eng Definitioun fir de Begrëff “Sexuell Gesondheet” erausbruecht: Et geet ëm Integratioun vu somateschen, emotionalen, intellektuellen a sozialen Aspekter op eng Weis, déi positiv beräichert an d’Perséinlechkeet, d’Kommunikatioun an d’Léift stäerkt. D’Basis fir dëst Konzept ass d’Recht op sexuell Informatioun an d’Recht op Loscht.

Gläichgeschlechtlech Koppele sinn hautdesdaags, op alle Fall an eiser Géigend, virum Gesetz bal genee esou opgestallt, ewéi heterosexuell Koppelen. Themen ewéi “sexuell Gewalt” a “sexuelle Mëssbrauch” kréie méi Opmierksamkeet. Och Beschneidunge vu Fraen, Zwangsbestietnes a Prostitutioun ginn ëffentlech diskutéiert.

sexuell Gesondheet

© Toa Heftiba / Unsplash

Gutt, et sinn nach keng Léisungen. Mä d’Bewosstsinn, datt et e Problem gëtt, ass schonn e wichtege Schratt an déi richteg Richtung. Sexualitéit soll fräi vu Gewalt an Diskriminéierung sinn. Et geet ëm dat biologescht Geschlecht, sexuell Orientéierung,  Loscht, Erotik, Fantasien a sou vill méi. Selbstverständlech sollen och d’Rechter vun de LGBT-Gruppe gestäerkt ginn.

Haut sollen et weltwäit Aktioune ginn, déi de Mënsche Courage solle maachen, fir oppe mat hirer Sexualitéit ëmzegoen. A fir d’Affer – datt se de richtege Schrëtt maachen an no Hëllef froen. Sech géint Gewalt wieren.

Wosst Dir zum Beispill, datt Gonorrhö, och Tripper genannt, net nëmmen duerch Geschlechtsverkéier iwwerdroe gëtt, mä och duerch Zongekusser? Dat hunn australesch Wëssenschaftler an enger Etüd verëffentlecht.

Hei zu Lëtzebuerg ass d’Associatioun CESAS fir d’Berodung, d’Sensibiliséierung an d’Formatioun am Beräich vun der sexueller Gesondheet zoustänneg. D’Internetsäit ass nawell informativ – och wat d’Preventioun vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten ugeet. Wéi schützt e sech am Beschten? Wat ass sécher? Ass Sex mat enger Behënnerung méiglech? Wéi verhüten ech am beschten? Wat kann ech nach léieren? Wéi klären ech Kanner  richteg op – ouni vu Beien a Blummen ze schwätzen? Wou ass déi richteg Berodungsstell fir mech ze fannen? Et war nawell eng léierräich Recherche.

Also, genéisst de Sex a passt op Iech op!

Ähnlech Sujeten Berodung, CESAS, Informatioun, Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet, LGBTQI, Mëssbrauch, sexuell iwwerdrobar Krankheeten, Tripper, Verhütungsmëttel, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, World Associatioun for Sexual Health
Nächsten Artikel Virrechten Artikel