Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall
International Kultur Neiegkeeten

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall

Am Mee haten d‘Philippinnen „de Stecker gezunn“ an no engem

Silverstone: Komplizéierte Weekend fir de Dylan Pereira
International Kultur Neiegkeeten

Silverstone: Komplizéierte Weekend fir de Dylan Pereira

Am kader vun der Formel 1 Meeschterschaft, ass déi véiert

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
International Kultur Neiegkeeten

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

Haut ass Internationalen Dag vun der Frëndschaft!

Haut ass Internationalen Dag vun der Frëndschaft!

Et gëtt nees Zäit senge beschte Frënn ze soen, datt ee frou ass, si ze hunn. Datt een d’Bezéiung ze schätze weess an iwweraus dankbar ass, datt si engem ëmmer zur Säit stinn. Ma, haut um internationalen Dag vun der Frëndschaft, deen offiziell zënter 2011 zelebréiert gëtt, ass déi ideal Geleeënheet dozou!

Ugefaangen huet den Aktiounsdag 1958 zu Paraguay bei engem Treffen ënnert gudde Kollegen. Dem Dr. Artemio Bracho hat d’Zesummekonft esou gutt gefall, datt hie virgeschloen huet den Dag fest am Kalenner z’etabléieren. D’Initiative huet ab dësem Ament den Numm „Cruzada Mundial de la Amistad“ gedroen. No an no hunn déi eenzel Länner den Dag vun der Frëndschaft zu verschidden Zäitpunkte gefeiert.

Bei der UN-Generalversammlung am Joer 2011 gouf schliisslech den Internationalen Dag vun der Frëndschaft ausgeruff. Zil ass et d’Verbindung tëscht Mënschen, Länner a Kulturen ze genéissen, ze schätzen an ze fërderen. Just duerch d’Frëndschaft an dat domat verbonnent Vertraue kënne Brécken tëscht de verschidde Communautéiten gebaut ginn.

Frëndschaft

© Joshua Clay / Unsplash

Wat bedeit Frëndschaft eigentlech?

Et geet dorëm d’Mënschlechkeet ze stäerken a géigesäiteg Solidaritéit ze weisen. Frëndschaft mécht glécklech, bitt eng gewëss Sécherheet a Schutz, wouduerch Krisen an Erausfuerderungen, mat de richtege Leit als Stäip, besser meeschtere loossen.

Iwwregens: Och wa Frëndschaft individuell empfonnt an ausgelieft gëtt, esou huet de Begrëff an d’Gefill awer eng einfach Erklärung. Laut dem Duden bedeit Frëndschaft nämlech e Verhältnis tëscht Mënschen, dat op géigesäiteger Zouneigung berout a sech duerch Sympathie a Vertrauen auszeechent.

Frëndschaft

© Katie Treadway / Unsplash

Och d’Wëssenschaft gesäit Virdeeler a frëndschaftleche Bezéiungen

Gutt Frëndschafte mussen wéi ee Gaart gefleegt ginn. D’Friichten dorausser verbesseren net eleng eist Wuelbefannen, mee stäerken eis psychesch Gesondheet. Folgend Virdeeler kann ee verspieren:

  • Stressreduktioun: D’Ursaache vu Stress si bal ëmmer Schwieregkeeten an Drock. Ze wëssen, datt e Frënd/eng Frëndin engem an dëser Zäit zur Säit steet an en oppent Ouer huet, reduzéiert Ängschten an domat och Stress.
  • Gesteigert Liewensqualitéit: Mat enger Frëndschaft huet een automatesch eng Persoun, déi sech ëm ee suergt a kuckt, datt et engem gutt ergeet. Generell kritt een esou d’Gefill, datt et wichteg ass op sech opzepassen.
  • Manner Péng: Wie Frënn huet, ass an all Situatioun emotional gutt opgestallt. Etüden hu bewisen, datt Zouneigung e positiven Afloss op physesch Péng.
  • D’Liewenserwaardung klëmmt: Enk Frëndschaften wierke sech net nëmme positiv op eis Psych, mee och op den Häerz-Kreeslaf-System aus. Zudeem ass bewisen, datt et souwuel eng Verbindung tëscht der Einsamkeet an engem fréien Dout, ëmgekéiert awer och tëscht Frëndschaft an enger laanger Liewenserwaardung gëtt.

Frëndschaft fillt sech un wéi Doheem sinn. Wéini hutt Dir fir d’Lescht Äre Beschte gesot, wéi frou Dir mat hinne sidd? Egal wéi laang et hir ass, sot et haut nach emol! E klenge Geste kann den Dag verséissen.

Opmaacherbild: © Freepik

Ähnlech Sujeten Aktiounsdag, Cruzada Mundial de la Amistad, Dr. Artemio Bracho, frëndschaftlech Bezéiung, Gesondheet, internationalen Dag vun der Frëndschaft, Liewensqualitéit, Stress, UN-Generalversammlung, Verbindung, Vertrauen, Wuelbefannen, Zouneigung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel