Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?

Wéi all Woch presentéiere mer iech och dës Kéier en

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
Neiegkeeten

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

money
Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen
Neiegkeeten

Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a

De 17. September ass den internationalen Dag vun der Patientesécherheet

De 17. September ass den internationalen Dag vun der Patientesécherheet

Un dësem Méindeg erënnert den Gesondheetsministère un d’Problemer vun der Sécherheet vun der Fleeg. Laut der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt all administrativ Etapp och vun engem Risk fir de Patient begleet.

Esou kënne beispillsweis Problemer um Niveau vun der Praxis oder vun den benotzte Produiten entstoen. An schwéiere Fäll kënne beim Patient oder dem Fleegepersonal temporär oder dauerhaft Schied entstoen, déi schlussendlech zu laangen Hospitalisatiounen oder souguer zum Dout féieren.

D’WHO schätzt, dass an Europa 7% vun den hospitaliséierte Patienten eng Infektioun kréien, déi duerch Fleeg verursaacht gëtt, wouvun een Drëttel evitéiert kéint ginn. Bei verwonnte Patienten, déi op der Intensivstatioun, leie klemmt Infektiounsgefor souguer op 30%.

Trotzdeem senkt een den Risk fir Infektiounen, duerch sougenannte Spidolskeimer, mat heefegem Hänn wäschen an der virgeschriwwener Hygiène.

„Hygiène duerch heefegt Hänn wäschen ass fir Fleegepersonal dat sécherst, wierksamst a bëllegst Mëttel fir Infektiounen ze vermeiden. Et ass een wiesentlecht Mëttel am Kampf géint Ausbreedung vu Krankheetserreeger“, ënnersträicht Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch.

Esou onerwënschte Virfäll an der Fleeg entstinn net duerch eng Feindséilegkeet, mee se reflektéieren d‘Komplexitéit vum aktuelle Gesondheetssystem. Verbesserung vun der Sécherheet fir Patienten hänkt soumat am Zesummespill vum System an den Acteuren.

Zu Lëtzebuerg sinn schonn etlech Mëttelen an Apparater, fir d‘Sécherheet vun de Patienten, ze fannen. Als Beispill gëllt hei d‘Spidolsgesetz, dat Ufank vun dësem Joer agefouert ginn ass.

D‘Recommandatioun vun der virgeschriwwener Praxis oder Checklëschten, sou wei se bei Operatiounen ugewannt ginn, sinn aner Beispiller. Verschidde Risiken, wei d‘Verbreedung vun Infektiounen, sinn am Laf vun den Joren ëmmer méi zum Thema vun der Politik an der Sécherheet ginn.

Den internationalen Dag vun der Sécherheet vun den Patienten adresséiert sech un all Persoun aus dem Beräich vun der Santé an der Fleeg, sou wei och un de Bierger, fir soumat d‘Bewosstsinn vun der Wichtegkeet vun dësem Thema ze ënnersträichen.

Lëtzebuerg ënnerschreift Deklaratioun vun Tokyo iwwert Patientesécherheet

Mam Ënnerschreiwe vun der Deklaratioun vun Tokyo um drëtte Sommet, den 13. an 14. Abrëll 2018 a Japan, huet Lëtzebuerg säin Engagement vun der Patientesécherheet ënnerstrach.

Dës Deklaratioun engagéiert d‘Länner hire Fortschrëtt an der weltwäiter Verbesserung vun der Patientesécherheet ze beschleunegen. Dofir soll d‘Transparenz erhéicht ginn, an eng Verbesserung vun der Qualitéit an der Fleeg erméiglecht ginn.

2016 gouf zu London den internationale Ministersommet fir d‘Sécherheet vun de Patienten organiséiert. Zil ass et all Acteure vun der Santé an der Politik ze sensibiliséiere mat der Ausso: „Léieren an handele fir Problemer vun der Patientesécherheet ze behiewen“.

Bei dësem Treffen hunn sech Gesondheetsministeren an international Experten zesummefonnt fir iwwert dëst gemeinsamt Ziel ze diskutéieren. Den Datum vum 17. September als internationalen Dag vun der Patientesécherheet gëtt duerch Lëtzebuerg vertrueden.

Schonn 2005 während der europäescher Presidence, huet Lëtzebuerg Initiativen ergraff, esou datt d‘Sécherheet vun den Patienten am politeschen Agenda vun der europäescher Unioun agedroe gouf, an eng Strategie zur Promotioun vun dësem Thema entwéckelt konnt ginn.

Dëst Treffen huet och zur „Déclaration de Luxembourg“ mat sech bruecht. Déi enthält eng ganz Rei Recommandatioune fir déi national Autoritéiten an d‘Fleegepersonal.

Patientesécherheet an Zuelen

Schied u Patiente sinn op der weltwäiter Skala vun den Krankheeten op der 14. Platz, an domatter op dem gläichen Niveau wei Tuberkulos oder Malaria.

Laut den gesammelten Date vun der WHO ass bei enger Hospitalisatioun een vun zéng Patienten Opfer vun engem onerwënschte Virfall. 7 vun 100 Patiente kréien Infektiounen duerch Feeler am Spidol.

D‘WHO gëtt un, datt esouguer Aarbechtsplazen am Beräich vun der Aviatioun oder der nuklearer Energie, manner Risiken opweise wei de Beräich vun der Gesondheet. Statistesch gesi steet d‘Chance eent zu enger Millioun, dass een Passagéier am Fliger een Accident huet. Am Gesondheetssystem läit dës Chance bei 1 zu 300, datt e Patient een onerwënschte Virfall erlieft.

Laut der OECD gi 15% vun den Spidolskäschte verschëlt, duerch Schwaachstellen am Gesondheetssystem. Iwwer 40% vun den onerwënschte Virfäll kéinte vermidde ginn. D‘Verbesserung vun der Patientesécherheet géif et erméiglechen, weltwäit iwwer 3 Millioune Stierffäll pro Joer ze vermeiden.

Nëtzlech Linken:

mat SIP

Ähnlech Sujeten Gesondheetsministère, OECD, Patientesécherheet, Spidolsgesetz, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel