Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert
International Stories

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe
International Stories

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe

Mat vill Spontanitéit huet hatt sech am Concours ageschriwwen, mëttlerweil

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie
International Stories

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie

Den National Lampoon ass an Europa keng esou bekannten Entitéit,

Den Zougang zum Internet als Mënscherecht verankeren

Fir de President vum EU-Parlament, David Sassoli, muss den universellen Internetzougank jidderengem erméiglecht ginn

Den Zougang zum Internet als Mënscherecht verankeren

Eng vun de Lektiounen déi d‘Covid19-Pandemie eis sollt erdeelt hunn, bezitt sech op de Rôle vum Internet. Wärend dem Lockdown hu Millioune Mënschen an Europa an op der ganzer Welt sech missen op den Internet kënne verloossen. Op et war fir ze schaffen (Homeoffice), ze léieren (home schooling) mee och fir anzekafen an/oder mat senge Frënn an der Famill a Kontakt ze bleiwen.

Wéi wichteg den Internet war an ass, wier folgerichteg net méi ze beweisen. Et ass leider awer och ee Fakt, datt vill Leit, sief dat aus wirtschaftlechen, sozialen oder geographesche Grënn, net konnten op den Internet zougräifen. Wien am Fall ass, riskéiert net nëmme marginaliséiert ze ginn, et gëtt däitlech ausgegrenzt an dat ass eng Situatioun déi eiser Gesellschaft net wierdeg ass.

Iwwert all déi Méint, hu vill ze vill Kanner hiert fundamentaalt Recht op Bildung entzu kritt, a wie keen Zougang zum Internet hat ass praktesch vun der Gesellschaft ausgeschloss ginn. Mee et sinn net nëmmen eis Kanner déi, wann si keen Internetzougank hunn, vum gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ginn. Och déi Erwuessen déi net op den Internet zougräife kënne gi marginaliséiert

Fir den EU-Parlamentspresident steet fest: „Den Internet wéi mir e kennen, baséiert op dem radikale wéi profundem Prinzip vun der Netzneutralitéit. Dëse Prinzip bedeit, datt all Bit deen duerch d‘Netz zirkuléiert muss gläichbehandelt ginn“. Den David Sassoli opposéiert sech dem Gedanken, datt den Zougrëff op d‘Daten – jee no Portmonni – méi séier oder esouguer prioritär ka gestalt ginn.

Esou wéi et den EU-Parlamentspresident duerstellt, ass déi Europäesch Unioun dee „global Player“ dee mëttels Gesetzer an Direktiven dëse fundamentale Prinzip a sengen Texter verankert huet. Mee dat geet dem David Sassoli net duer: „Wann den Internet net soll zur Ongläichheet bäidroen, muss dësen op Reegele begrënnt ginn, déi d‘Fairness garantéieren“. An hie weess wéi een et kann ugoen.

Internet

„Änlech wei beim Stroum oder aneren essentiellen Déngschtleeschtungen, huet déi sougenannten digital Divisioun Auswierkungen déi berufflech, geschäftlech, wëssenschaftlech, sozial a kulturell Entwécklung. Och den Impakt op den Alldag dierf net ënnerschätzt ginn“, betount den David Sassoli deen nach noleet a mengt: „Et muss eis bewosst sinn, datt d‘Digitaliséierung op kee waart“.

Et wier falsch unzehuelen, datt Mënschen déi wéineg technologescht Wëssen hunn, net vun engem fairen a wierdegen Accès zur digitaler Welt géife profitéiere kënnen. Dat féiert um direkte Wee zu Ongläichheeten. „Richteg ass dogéint, datt mir net wëlle gesinn, wéi Mënsche mat Applikatiounen iwwerwältegt ginn (…) d‘Informatioune mussen transparent a fir jiddereen och verständlech sinn. Et muss séchergestallt ginn, datt all Mënsch sech no beschtem Wësse kann entscheeden“.

Aus dësem Grond ass et dem EU-Parlamentspresident wichteg, datt den Zougang zum Internet als neit Mënscherecht muss unerkannt ginn. A wann een dem David Sassoli opmierksam nogelauschtert huet, konnt een eraushéieren, datt d‘Europaparlament bereet ass, sech dëser Erausfuerderung dann elo och unzehuelen. Wéi a wéini dat soll ugepaakt ginn, huet den EU-Parlamentspresident net gesot.

Illustratioun: Den Accès zum Internet als Mënscherecht definéieren, wier de richtege Wee, dat gesi vill Acteuren aus dem digitale Secteur eigentlech och esou. De Problem, et spillen hei eng ganz Rei wirtschaftlech Interesse mat. A wann et ëm de maximale Profit geet, gi Mënscherechter ëmmer gäre verworf. Mat de richtege Gesetzer kann een dat verhënneren. © Brooke Cagle / unsplash

Ähnlech Sujeten David Sassoli, EU-Parlament, EU-Parlamentspresident, Intermet, Mënscherecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel