Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!
International radiometric dating means placing events

orlando speed dating 50+

Bis zu 15% vun de Stroumkäschte bei der ëffentlecher Beliichtung kéinten

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
International radiometric dating means placing events

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft
International radiometric dating means placing events

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft

Um Europäesche Geriichtshaff (EuGH) zu Lëtzebuerg hunn d‘Magistrate gëschter entscheet,

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

Per Gesetz wëll Russland den Internetverkéier exklusiv iwwer national Server lafe loossen

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

An der russescher Duma (Parlament) soll e Gesetzprojet ugeholl ginn, mat deem beschloss gëtt, den Internetverkéier am eegene Land nëmmen nach iwwert russesch Server lafen ze loossen. An der russescher Blogosphär ass d‘Opreegung entspriechend grouss a fäerten datt et zur Zensur kënnt.

Dat gesäit den Auteur vum Gesetzprojet, de Senateur Andrej Klichas, eppes differenzéiert: „Et geet eis heibäi ëm een eenzegt Zil: den Internet virun den Aflëss vu baussen ze schützen, déi derzou féieren datt et a Russland net méi funktionéiert oder et zu eeschthafte Stéierunge kënnt“ a begrënnt dat mat der Warnung vu sengen Experten, déi do behaapten et kéint Russland quasi ausspären.

Virun esou eng Moossnam muss ee sech schütze well: et geet hei wäit iwwert de Notze vum Internet am Fräizäitberäich. Esou muss Moskau seng Souveränitéit an alle Beräicher verdeedegen. An dat net eleng op militäreschem oder wirtschaftlechem Niveau, mee och – oder haut grad vläicht – am Internet. An hei wier d‘Dominanz vun den US-Entreprisen eng seriéis Bedreeung.

Wat déi aner Klack gelaut huet

D‘Interpretatioun vum Senateur gëtt natierlech esou net generell gedeelt. Vill Russe gesinn an dësem Gesetz de wëlle vun der Regierung, d‘Kontroll iwwert den Zougrëff op den Inhalt vum Internet ze iwwerhuelen. A scho Mëtt Mäerz waren si zu Dausende géint de Gesetzprojet op d‘Strooss gaangen, well si fäerten, datt d‘Regierung hinnen déi lescht Fräiheeten am Netz hëlt.

An dësem Kontext dierf drun erënnert ginn, datt schonn 2018 déi zoustänneg russesch Autoritéit „Roskomnadzor“ de Versuch ënnerholl hat, den Messenger-Service „Telegram“ ze blockéieren. Eigentlech verréckt wann ee bedenkt, datt dëse Service vun engem Russ entwéckelt ginn ass, an ënnert de Fans als e „séchere“ Déngscht unerkannt gëtt, firwat en dann och immens beléift ass.

Wien net spuert kritt et ze spieren

De Pawel Durow ass zudeem ee ganz konsequente Mënsch, an huet sech bis ewell geweigert dem russesche Geheimdéngscht (FSB) Zougank zu de verschlësselte Chat-Raim ze ginn. Mam neie Gesetz misst dann awer och den Datentransfer vun Telegram iwwert staatlech kontrolléiert Server lafen. Telegram ass erfollegräich, well de Programm déi ganzen Zäit seng IP-Adressen ännert.

Elo schéngt alles an déi Richtung ze goen, dat wien net bereet ass ze kooperéieren, sech drastesche Konsequenzen aussetzt. Eng Erfahrung déi dat ominéist Carrière-Netzwierk „LinkedIn“ da schonn emol gemaach huet. Dëst Netzwierk ass a Russland net méi erreechbar, well sech seng Bedreiwer widdersat haten, d‘Date vun de russeschen Notzer op russesche Server ze hannerleeën.

„Runet“ vun der Welt ofkoppelen?

De russeschen Internet ass de „Runet“ an dee vum globalen Internet ofzetrennen, wier laut dem russesche Blogger an Internetexpert Anton Merkurov, net esou ouni Weideres méiglech. De Runet „vu baussen ofschalten“ wier eng lächerlech Floskel. Et géif esou duergestallt, datt et beispillsweis a Frankräich, Amerika oder esouguer bei eis géif e Knäppche ginn, fir den Internet auszemaachen.

Et ass awer net dat éischt Gesetz dat d‘Russen agefouert hunn. Geet et dem Andrej Klichas no, ass et esou: „Et geet eis drëms, d‘Reegelen aus dem reale Liewen – mat deenen déi ganz Gesellschaft averstanen ass – an de Beräich vum Internet anzeféieren“. Déi zwee virecht Gesetzer hu sech mat „Fake News“ an der Mëssuechtung vu staatlechen Instanzen (erfollegräich) beschäftegt.

mat indymedia/mow/ber

Ähnlech Sujeten Andrej Klichas, Anton Merkurov, Internet, Runet, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel