Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump
matchmakers dating site

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh huet e Samschdeg virum ieweschte

best free online dating sites to hook up
matchmakers dating site

sweet dating quotes

Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2
matchmakers dating site

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2

Nodeems mer d‘lescht Woch schonn e puer méi schwéier Wieder

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Eng Ausso déi een esou an der Raum stelle kéint a kaum ee géif et schlecht wëlle rieden. Elo ass et awer am reale Liewen esou, datt sech der e sëllechen am „Netz“ ronderëmdreiwen deenen de Sproch an d‘Recht schonn emol souwisou hanne laanscht ginn.

Haass an Verdrësslechkeet verbreeden, op an de sozialen Netzwierker oder einfach als Kommentar op der Säit vun enger Zeitung, dat ass dach awer esou einfach a vill kann engem jo eigentlech och net passéieren. Woubäi wann een dann awer emol gepëtzt gëtt, dann deet et awer och richteg „gutt“.

Eng konstruktiv Diskussiounskultur

Zu Lëtzebuerg huet sech de Presserot an Zesummenaarbecht mat „Bee Secure“ eng iwwerluecht a féiert eng sougenannten Netiquette an. Déi soll zu enger méi konstruktiver Diskussiounskultur féieren, dat natierlech op de Plattforme vun de Medienhaiser.

Et soll een dierfe kritesch bleiwen ouni sech am Toun ze vergräifen. „Dofir erfollegt an der Netiquette fir unzefänken den Opruff sech sachlech ze äusseren, net a Polemik ze verfalen an aner Leit net ze beleidegen“, esou de President vum Presserot Paul Peckels zum Zweck vun der Aktioun.

Dem Paul Peckels säi fromme Wonsch ass et, datt de géigesäitege Respekt ëmmer un éischter Plaz steet. Dat heescht, datt eng ganz Rëtsch Saachen net toleréiert ginn. Dat geet vun illegalem Inhalt, iwwer rassistesch Äusserunge bis hin zu diskriminéierende Kommentaren.

Reegelen, déi wann een se dann net befollegt, vun de Medien awer ëmgesat ginn. Wéi dat ausgesäit ass an der Netiquette och gereegelt: Notzer ginn op hiert Feelverhalen higewisen an hir Kommentare gi geläscht. Wien dann nach ëmmer keng Rou gëtt, dee kritt de Mond verbueden an deem e gespaart gëtt. Dat kann och dauerhaft sinn. Déi ganz béis riskéiere béi strofbarem Verhalen den Autoritéite gemellt ze ginn.

Keng Plaz fir Rassismus an Haass

D‘Barbara Georges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon (déi och d‘Bee Secure Hotline mat verwalt) mengt: „Rassismus an Haass solle keng Plaz am Liewe fannen. Weder On- nach Offline“. D‘Medienhaiser wäerten deem zoustëmmen an de Rot behäerzegen. Et ass also gutt, datt eis Medien dann de Message un hir Netzwierkadministrateure weider ginn, an elo alles besser gëtt.

„De Presserot mécht sech mat senge Partner staark, fir datt dës Netiquette vun de Medien och ëmgesat gëtt“, esou de Paul Peckels. Deen ass iwwerzeegt, datt wann all d‘Medienhaiser déi gläich Reegelen hunn, dat och fir de Lieser e grousse Virdeel ass.

Ähnlech Sujeten Bee Secure, Medien, Netiquette, Presserot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel