Search

You may also like

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg

Am Joer 2015 ass Lëtzebuerg, genau wéi de Rescht vun

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun
International Neiegkeeten

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Gëschter ass mat engem grenziwwerschreidenden Appell, a Form vum Programm

money
Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front
International Neiegkeeten

Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front

Den Donald Trump ass nees ganz aus dem Haischen. Gëschter

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter

Nodeems mir gëschter dem Chris Carter säi jéngsten Thriller „Bluthölle“ presentéiert hunn, geet et haut eenzeg an eleng ëm de brasilianesche Schrëftsteller an Auteur. Wat ass säi Rotschlag fir zukünfteg Auteuren a wäert hien deemnächst de Buchgenre wiesselen?

Hues Du eng kleng Anekdot aus denger Zäit an der Psychologie?

Et ass eng zimlech düster.

Wéi vill Läiche brauch ee fir eng Bier ze wiesselen?
Ech weess et och net, mä et si keng 6 – a mengem Keller ass et nach ëmmer däischter!

Spills Du nach Musek?

Nëmmen doheem. Fir mech. Ech spillen net méi mat Gruppen.

Wat wäerten den Hunter an de Garcia nach erliewen? Wat géifs du hinne soen?

Ech hunn wierklech keng Anung, well ech meng Geschichten net plangen. Ech géing hinne Merci soen – fir alles wat se fir mech gemaach hunn.

Hues du e Rot fir zukünfteg Auteuren?

Ech denken, de beschte Rot deen ech ka ginn ass: Vertrau dengem Bauch! Vergiess Reegelen, Schreifcoursen oder Ähnleches. Erzielt d’Geschicht esou ewéi Dir denkt, datt se erzielt soll ginn. Denkt drun, et ass Är Geschicht. Erstell deng Charakteren esou, wéi se solle sinn. Looss se handelen, wéi se wëllen.

Erzielt d’Geschicht op déi nämmlecht Manéier, ewéi Dir eng Geschicht erzielt wëllt kréien. Am Eescht, vertraut Ärem Talent. Wann se fäerdeg ass, liest se nach eemol. A wann Dir denkt, datt se anerer wäert begeeschteren, dann ass et och esou. Genee dat hunn ech gemaach. Ech hat keng Erfarung, ech hat ni eng Kuerzgeschicht geschriwwen. Ech hunn ni e Cours besicht. Ech hunn mech einfach dohinner gesat an ugefaangen Der Kruzifix-Killer ze schreiwen.

Kanns Du eis eng Geschicht mat 6 Sätz erzielen?

Eemol hunn ech en Interview geschriwwen. Do sinn ech gefrot ginn, ob ech eng Geschicht mat 6 Sätz kéint schreiwen. Ech duecht dat wär einfach. Also hunn ech mech dohinner gesat fir d’Geschicht ze schreiwen. Et war net einfach. Also hunn ech opginn.

Kanns du Literatur an dräi Wierder beschreiwen?

Si just Wierder

Kanns du Dir virstellen d’Buchgenre ze wiesselen?

Nee. Op kee Fall. Ech sinn zefridde mat Thriller.

Wéini kann ee mat engem nächste Buch rechnen? Schaffs Du un engem Projet? Gëtt et villäicht schonn s en Datum?

Nee, ech maache grad eng Paus vum Schreiwe fir u menger geeschteger Gesondheet ze schaffen an ze probéiere mäi Liewen erëm nei opzebauen. Ech weess mol net, ob et iwwerhaapt en neit Buch gëtt oder net …

Opmaacherbild © Andrzey Banas / Polska-Press

Related topics Auteur, Buchgenre, Chris Carter, Garcia, Hunter, Interview, Literatur, Musék, Psychologie, Rot, Schrëftsteller, Schreifprozess, Thriller
Next post Previous post