Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei
best online dating for artists

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei

E Méindeg sinn se zu Ankara eppes „aus der Këscht

dating methods in physical anthropology
best online dating for artists

golden dating site friendship

Et ass déifsten Hiecht, de Wanter steet vrun der Dier

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens
best online dating for artists

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Déi lescht Woch waren d‘Gewerkschaften ALEBA, LCGB-SESF an OGBL-SBA sech

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng

Fir vill jonk Politiker ass de Wahlkampf 2017 déi éischte Kéier, datt se sech op enger Lëscht opgesat hunn. Dëst ass och beim Joël Back de Fall, deen zu Péiteng fir déi gréng kandidéiert. Mir hunn eis d’Zäit geholl, fir mat him doriwwer ze schwätzen, wat hien erreeche wëll a wat sech zu Péiteng verbessere kéint.

Am Joer 2011 konnten déi gréng hiert Resultat vun 10,85% op 14,6% steigeren. Wat sinn d’Hoffnunge vir dës Kéier?

Eist Mindestzil ass, d’Resultat vun 2011 ze bestätegen, wat schonn en Erfolleg wier, well 2017 dräi Parteie méi untriede wei bei der leschter Kéier. Ech sinn awer gudder Déng, dass mer gutt Chancen hunn, eist Resultat vun 2011 ze verbesseren.

Wat kéint sech konkret zu Péiteng an dengen An verbesseren?

D’Gemeng Péiteng huet en groussen Nohuelbedarf beim Ausbau vun den erneierbaren Energien. Heizou fuerdere mir d’Schafung vun engem Solarkadaster fir dass d’Leit wëssen, ob hiren Daach fir d’Installatioun vu Solarzelle gëeegent ass. Och sollen déi ëffentlech Gebaier souwäit wei méiglech mat Solarpanneaue bedeckt ginn. Duerch déi geografesch Lag am Dräilännereck mat Frankräich an der Belsch huet d’Gemeng Péiteng enorm Problemer mam Verkéier.

Als Gréng fuerdere mer de konsequenten Ausbau vum ëffentlechen Transport an der doucer Mobilitéit. An deene leschte Joren ass zwar en Vëloswee duerch d’Gemeng geschafe gi mee wat d’Infrastruktur zum Ofstelle vun de Vëloe betrëfft, z. B. duerch Vëlosboxe bei de Garen, wier nach munches ze maachen. An dem Kontext sti mir och fir eng Gemeng vun de kuerze Weeër. Dofir wëlle mir d’Geschäftsliewen an den Duerfkären erëm beliewen, dat duerch Projete wei ,,Eis Epicerie”, wat an der Gemeng Suessem a Form vun enger Kooperativ ëmgesat gouf. Doduercher kéinte lokal Aarbechtsplaze mat Wäertschöpfung entstoen a regional/lokal, biologesch a fair hiergestallte Produiten do verkaaft ginn. An dem Sënn fuerdere mir och, dass d’Gemeng Péiteng endlech zur Fairtrade- a pestizidfräier Gemeng gëtt.

Beim Wunnengsbau wëlle mir nom Virbild vun Déifferdeng d’Ofrappe vun Eefamiljenhaiser stoppen

Projete wéi Urban Gardening a Schoulgäert gehéieren och zu eise Prioritéiten. Beim Wunnengsbau wëlle mir nom Virbild vun Déifferdeng d’Ofrappe vun Eefamiljenhaiser stoppen, de soziale Wunnengsbau stäerken, kooperatiivt Wunne fërderen, Studentewunnenge schafen, en Baulückenprogramm opstellen an ongenotzte Wunnraum duerch Dialog mam Besëtzer mobiliséieren, woubäi och virun Taxen net zeréckgeschreckt däerf ginn am Fall wou Wunnunitéiten iwwer Joren eidel stinn.

Projeten, dei Jonk an Al, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger zesummebréngen, dat duerch d’Weiderféiere vum Café des âges, wou Jonk an Al sech treffe kënnen, an d’Schafe vun engem Café des langues, bei dem Leit mat verschiddene sproochlechen Hannergrënn zesummekomme kéinten, solle weiderhin ausgebaut resp. lancéiert ginn. Datselwecht gëllt fir d’Schafe vun enger Plattform, bei där sech Leit melle kënne fir neizougezunnene Bierger*innen d’Gemeng Péiteng ze weisen an dobäi de sozialen Austausch ze fërderen. Schlussendlech soll d’Gemeng Péiteng weiderhin hir Verantwortung bei der Opnam vu Geflüchteten an der Ënnerstëtzung vun ONGen huelen, woubäi dëse Bäitrag roueg soll erhéicht ginn.

Et ass Är éischte Kéier, datt Dir bei engem Gemengewahlkampf matmaacht. War et eng schwéier Decisioun fir Iech, do mat ze maachen?

Nee, dës Decisioun ass mir net schwéier gefall. Ech sinn säit bal fënnef Joer politesch aktiv, dat bei déi jonk gréng an déi gréng mee awer och vun 2012 bis 2016 am Jugendparlament. An dem Kontext ass meng Bedeelegung um Gemengewahlkampf eng logesch Konsequenz vun mengem bishäregen Engagement.

De Péitenger Gemengewahlkampf huet mat enger neier Partei – déi konservativ – en neit Element erhalen. Wéi mengt Dir, datt sech dat auswierkt?

Ech ginn net dervunner aus, dass Déi Konservativ vill Stëmme wäerte kréien. Hire Spëtzekandidat, de Joe Thein, souz elo sechs Joer fir d’ADR am Gemengerot an ass do reegelméisseg duerch e respektlost Behuele géigeniwwer deenen anere Gemengeréit opgefall. An de sozialen Netzwierker ass hien ëmmer erëm duerch rietspopulistesch an nationalgesënnten Aussoen opgefall, wat säi rezenten Erausworf aus der ADR méi wéi iwwerfälleg gemaach huet. Dat heescht awer net, dass domadder däraarteg Positiounen net méi präsent wäre bei der ADR, wat déi rezent islamophob Aussoe vun enger ADR-Kandidatin aus der Stad weisen.

Perséinlech ginn ech dervunner aus, dass sech d’ADR an Déi Konservativ géigesäiteg Stëmmen ewech huelen a schlussendlech keng vun deenen zwee Parteien am nächste Gemengerot vertruede wäert sinn.

Wéi sidd Dir selwer an d’Politik komm?

Mat 14 Joer hunn ech ugefaangen, all Dag d’Zeitung ze liesen, wat dunn mäin Interessi un der Politik ugereegt huet.

Mat 14 Joer hunn ech ugefaangen, all Dag d’Zeitung ze liesen, wat dunn mäin Interessi un der Politik ugereegt huet. Dunn hunn ech ugefaangen, mech mat deene verschiddene Parteien ze befaassen an ech hunn mech dunn ebe fir déi gréng entscheet.

Wéi eng Theme reizen Iech am meeschten?

Ech interesséiere mech méi oder wéineger fir all Thema, woubäi Außen-, Geflüchteten-, Reliouns- a Landwirtschaftspolitik sécherlech erausstiechen.

A Bezuch op d’Gemeng Péiteng wëll ech mech virun allem fir d’Ëmsetzung vum Konzept vun der Bëschcrèche, eng nohalteg Mobilitéits- an Energiepolitik souwéi den Austausch tëscht Jonk an Al asetzen an de Bau vun enger neier Museksschoul asetzen.

Et gëtt gäre gesot, datt déi jonk Generatioun sech manner fir Politik am allgemengen, a Gemengepolitik am konkreten interesséiert. Mengt Dir, datt dat stëmmt? Wat kéint ee maachen, fir den Interesse ze steigeren?

Dat stëmmt sécherlech zum Deel, woubäi dat gréisstendeels net un deene Jonke läit. Fir jonk Leit un d’Politik erunzeféieren, muss scho ganz fréi ugefaange ginn. Dofir begréissen ech et, dass et hei zu Péiteng säit e puer Joren en Kannergemengerot gëtt. Och ass en Jugendgemengerot a Planung, woubäi et wichteg ass, d’Jugendhaus bei dem Projet mat anzebezéien.

Bei Projeten, déi déi Jonk betreffen, mussen sinn onbedéngt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche mat abezu ginn. Och wier et sënnvoll, wann regelméisseg an net nëmme viru Wahlen Table Ronden zu deene verschiddensten Themen am LTMA oder an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus géife stattfannen.

D’politesch Bildung an de Schoule muss onbedéngt verstäerkt ginn.

D’politesch Bildung an de Schoule muss onbedéngt verstäerkt ginn. Et geet net duer, ee Joer laang en Civiquescours ze hunn. Politesch Bildung muss sech onofhängeg dovunner, wou een an d’Schoul geet an a wei engem System (Classique/Technique) een sech befënnt duerch de ganze Schoulparcours zéie fir déi jonk Leit zu mëndege Bierger*innen ze formen.

D’Jugendparteie spillen natierlech eng wichteg Roll fir d’Abannung vun deene Jonken. Et ass awer och esou, dass politeschen Engagement net nëmmen a Parteie mee och an aneren Organisatioune stattfanne kann. Vue que dass Jonker oft skeptesch géigeniwwer de Parteie si respektiv sech net un dës banne wëllen, ass et wichteg, dass et Alternative gëtt fir sech kënnen anzebréngen. Hei ass z. B. d’Jugendorganisatioun vum Mouvement écologique, Move, ze nennen, wou sech Jonker mat enger Hällewull vun Theme befaassen an och Recommendatioune fir d’Gemengewahlen erstallt hunn. D’Beispill vu Move weist op exemplaresch Aart a Weis, dass Jonker sech duerchaus zu politeschen Themen abréngen.

En anert Beispill ass d’Demo géint TTIP/CETA vu leschtem Oktober, wou ee vill Jonker konnt gesinn, déi mat demonstréiert hunn. Schlussendlech ass awer och d’Gesamtgesellschaft gefuerdert fir de politeschen Interesse vu Jonken ze erhéijen. Dass méi wei 80% vun den Leit beim Referendum vun 2015 mat Nee zu der Fro vum Jugendwahlrecht gestëmmt hunn, war sécherlech net fërderlech fir déi Jonk méi un d’Politik erunzezéien.

Vue que dass et si sinn, déi am meeschte vun de politeschen Entscheedunge vun haut betraff sinn, wier et a mengen Ae sënnvoll gewiescht, hinnen dat Wahlrecht zouzegestoen, och wann d’Resultat vum Referendum natierlech ze respektéieren ass. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass déi Jonk villfälteg Méiglechkeeten hunn, sech anzebréngen, an dass si och Gehéier fir hir Iddie bei der Politik fannen.

Opmaacherfoto: Vum MMFE – Eegent Wierk, CC BY-SA 3.0

Foto: Joel Back

Ähnlech Sujeten déi gréng, Gemengewahlen 2017, Joël Back, Péiteng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel