Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

15. – 16. Juni: Useldeng am Mëttelalter
Stories

15. – 16. Juni: Useldeng am Mëttelalter

Wéi all Joers Mëtt Juni versammele sech Ritter, Gaukler a

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Stories

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten
Stories

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten

Vum 3. September un, huet déi Maartelenger Sportshal e weidere

Wat soll een als jonke politesche Mënsch maache, wann déi eege Partei bei de Wahle verléiert?

Wat soll een als jonke politesche Mënsch maache, wann déi eege Partei bei de Wahle verléiert?

No de Bundestagswahlen an Däitschland an de Gemengewahlen hei am Land stelle sech der vill d’Fro, wat mat de soziale Parteien nëmme lass ass. Mir hunn d’Geleeënheet ergraff, fir mat zwee jonke Politiker, dem Hanne Wendorff (30, SPD) an dem Tim Rozenski (31, Gemengerot Quierschied, SPD), e Gespréich ze féieren, wéi si déi Wahlen an Däitschland erlieft hunn a wéi et weider ka goen.

Wéi bass du zur Politik komm? Ginn et gewëssen Themen, déi dech ganz besonnesch reizen?

Tim: Ech mengen, ech war schonn ëmmer en zimlech politesche Mënsch. Allerdéngs stamen ech aus enger sozialdemokratesch gepräägtener Famill, do war den entscheedende Schrëtt da villäicht keen esou e grousse méi. Meng Bom a mäi Bop ware scho Member bei der SPD, mäi Monni souz am Gemengerot an huet fir d‘IGBCE Summerfester organiséiert. Mi konkret ass et da ginn, wéi ech u menger Realschoul en Artikel iwwert Mobbing net an der Schülerzeitung verëffentleche duerft an ech en dunn mat Nodrock um Schoulhaff weiderginn hunn. 2003 goufen e puer Kollegen an ech gefrot, op mer Loscht hätten, eng Juso-Grupp a Göttelborn ze grënnen an den 10. Dezember vum Joer war et dunn esou wäit. Zënterhier ass mer besonnesch (politesch) Aarbecht mat der Jugend an och d‘Agoe op d‘Bedierfnesser vu Jugendlechen, déi leider oft ignoréiert ginn, e grousst Uleies.

Ech sinn der Iwwerzeegung, datt ech nëmmen zesumme mat anere, déi meng Iddien vu Gesellschaft an Zesummeliewen deelen, eng Auswierkung kann hunn.

Hanne: Zur Politik sinn ech eigentlech scho ganz fréi komm. Meng Eltere sinn allen zwee politesch aktiv, besonnesch an de Gewerkschaften. Doduerch hat ech selwer scho fréi Beméiungen mat politeschen Themen. Mat 16 Joer hunn ech dunn selwer domat ugefaangen, mech politesch ze engagéieren. Ech hu mech beim Netzwerk für Demokratie und Courage Saar e. V. zur Teamerin ausbilde gelooss. Als Teamerin féiert een zesumme mat aneren verschidde Projektdeeg a Schoulen, mee och a Jugendzentren duerch. Bei de Projektdeeg geet et ëm Viruerteeler, Diskriminéierung, Rassismus, Neonazien, mee och dorëmmer, wéi eng Gesellschaft sech d’Jugendlecher wënschen. E wichtegen Deel vun all de Projektdeeg ass, datt mer d’Jugendlecher dozou encouragéieren, eppes ze maachen. Am NDC sinn ech haut ëmmer nach aktiv. Mi spéit sinn ech dann eréischt Member bei enger Gewerkschaft ginn an hunn e bëssche mi spéit mech dozou decidéiert, der SPD bäi ze trieden. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt ech nëmmen zesumme mat anere, déi meng Iddien vu Gesellschaft an Zesummeliewen deelen, eng Auswierkung kann hunn.

Nieft mengem antifaschisteschen Engagement ass et mer ëmmer wichteg, datt all Mënschen déi selwecht Chancen hunn, onofhängeg vun hirem Hannergrond, wéi zum Beispill Geschlecht. Feminismus gehéiert dowéinst och zu den Theme, mat deenen ech mech am meeschte beschäftegen. Well och a menger Partei ass et mat der Gläichberechtegung vu Männer* a Fraen* ëmmer esou eng Fro, déi awer scho fréi bei der Fërderung vu jonke Mënschen, virun allem vu Fraen*, ufänkt.

Elo, wou s de e bësschen Distanz zum Wahlresultat krut hues: Wéi fills de dech bei dësem Resultat?

Och duerch Distanz gëtt d’Gefill net besser.

Hanne: Och duerch Distanz gëtt d’Gefill net besser. Di grouss Parteien hunn alle béid verluer a mat der Alternative für Deutschland (AfD) ass säit laangem erëm eng rassistesch, faschistesch a mënscheveruechtend Partei am däitsche Bundestag. Dat wäert verheerend Auswierkungen op d’Gesellschaft hunn. D’AfD wäert d’Ängscht vun enger Minoritéit bedéngen an domat e Bedrohungszenario opbauen, dat sech op d’Majoritéit vun der Gesellschaft iwwerdréit. Ech wunnen an enger klenger Stad am Saarland. Ech weess net, wéi oft ech am Wahlkampf héieren hunn, datt ee jo net méi wéisst, a wéi engem Land een nach géif liewen. Ech fannen dat beängschtegend. Bekannter a Frënn*dinnen, déi als net-däitsch wouer geholl ginn, erziele mer ëfters vun Erliefnisser, bei deene si sech onwuel gefillt hunn, well se komesch ugekuckt gi sinn. Ech froe mech, wéi laang et nach dauert, bis och si oppen an aller Ëffentlechkeet bedréit ginn. Dat mécht mir Angscht.

Als Sozialdemokrat sinn ech natierlech enttäuscht.

Tim: Als Sozialdemokrat sinn ech natierlech enttäuscht. Ech hunn zesumme mat ville jonke KandidatInnen, déi et um Ënn och net gepackt hunn, geféiwert. Vum Gefill hir ass jiddereen total frustréiert iwwert d‘Merkel an de Schäuble, mee um Enn huet e groussen Deel vun der Bevëlkerung se awer gewielt. An dat, obwuel di mannste Saachen, déi an der leschter GroKo iwwerhaapt ëmgesat gi sinn, wéi d‘Mietbremse, de Mindestloun oder d‘Bestietnes fir all mat oder vun der SPD mat abruecht gi sinn. A wéi een „aus Protest“ Rietspopuliste wiele kann, wann 42 Parteien zur Wiel stinn, kann sech mir wuel och nie erschléissen. E bëssche konfus léisst mech d‘Wielerverhale vu verschiddenen dann dach zeréck.

Wat ännert sech fir dech no de Wahlen? Wäerts du däi politescht Engagement éischter zeréck schrauwen oder ausbauen?

Tim: Fir mech ass dat e Wächruff an et gëllt elo, „graadselääds“ nach méi ze maachen. Do wäerte weiderhin d‘Jusos, mäin Ortsverein Göttelborn a meng Gemengerotsmandater déi entspriechend Ulafplaze sinn. Op d‘Bundespolitik hunn ech keen Afloss, an der Kommunalpolitik op der Plaz kann ech awer duerchaus eppes bewegen.

Hanne: Virun allem mäin antifaschistescht Engagement wäert ech nach ausbauen. Ech fannen opginn ass keng Optioun! Ech wëll an enger fräier, toleranter a gerechter Gesellschaft liewen an dofir wäert ech mech weiderhin engagéieren.

Wéi mengs du, datt ee mat der AfD an hirer Wielerschaft ëmgoe sollt?

Menger Meenung no war d’AfD vill ze oft verharmloost ginn an als „just rietspopulistesch“ duergestallt, sou wéi wann dat an der Rei wier.

Hanne: Ech mengen, datt am Ëmgang mat der AfD de „Schweriner Weg“ gutt wier. Dat war eng gemeinsam Strategie vun SPD, CDU, Linke a Grüne am Ëmgang mat der NPD am Landtag. D’Abgeordnete verstännegen sech doropper, ëmmer geschlosse géint d’NPD opzetrieden a keng Anträg oder Gesetzesentwërf vun dëser Partei zouzestëmmen. En ähnlechen Ëmgang géing ech mer och mat der AfD an alle Parlamenter wënschen. Menger Meenung no war d’AfD vill ze oft verharmloost ginn an als „just rietspopulistesch“ duergestallt, sou wéi wann dat an der Rei wier. Wien sech de Programm vun der AfD mi genau ukuckt, kann een op ville Plazen hier mënscheveruechtend Grondastellung entdecken. Dobäi kommen dann nach Bundestagsabgeordnete, déi eng aschlägeg Vergaangenheet bei den extrem Rietsen hunn.

Fir déi sinn ech Deel vum Establishment an déi wëllen och guer net mat mer schwätzen.

Tim: Schwéier. Engersäits sinn do Leit, déi verängschtegt sinn, mat deenen een awer schwätzen a villäicht souguer ëmstëmme kann. Anerersäits ginn et do, op mannst online, awer och vill, déi stänneg den Aluhut un hunn, u Reptiloiden a Chemtrails oder un eng flaach Äerd gleewen. Fir déi sinn ech Deel vum Establishment an déi wëllen och guer net mat mer schwätzen. Grondsätzlech sinn ech awer grad dowéinst Kommunalpolitiker, well ech bei Hausbesich, op Infostänn, bei Veranstaltungen a Fester direkt mat de Leit schwätze wëll. A villäicht sinn do dann och e puer AfD-Wieler dobäi.

Mëttlerweil héiert ee jo, datt een ëmmer méi op d‘Ängscht vun dëser Wielerschaft agoe wëll. Gesäis du do eventuell Problemer?

Ech hunn nämlech net viru Flüchtlingen an Auslänner, mee virun Nazien Angscht.

Tim: Jo. Ech hunn nämlech net viru Flüchtlingen an Auslänner, mee virun Nazien Angscht. Frënn vu mir si scho vun Nazien ugegraff ginn, während mir en tierkesche Noper Iesse geschenkt huet. Och virun enger Iwwerfriemung hunn ech keng Angscht – Däitschland war schonn ëmmer e Schwammp, dee kulturell Aflëss opgeholl huet an doduerch mi staark ginn ass. Döner Kebab a Currywurst sinn zwee Aushängeschëlder a wieren net ouni indesch Gewierzer oder tierkesch Gaaschtaarbechter während dem Wirtschaftswonner entstane. Dibbelabbes géif et guer net ouni déi aus Südamerika importéier Gromper ginn. Natierlech ass Integratioun schwéier an et wäert Problemer ginn. Déi sougenannten „Integrationsverweigerer“ gesinn ech unhand vum AfD-Resultat duerchaus op der däitscher Säit. Integratioun ass eng Voie unique, béid Säiten mussen openeen duergoen, musse sech kennen- a vun eneen léieren.

Kee muss Angscht virun enger Iwwerfriemung oder souguer virun enger „Umvolkung“ hunn.

Hanne: Ech sinn der Iwwerzeegung, datt dës Ängscht zum Groussdeel net gerechtfäerdegt sinn. Kee muss Angscht virun enger Iwwerfriemung oder souguer virun enger „Umvolkung“ hunn. Mee d’Angscht virum sozialen Ofstig ass berechtegt. Mënschen, di 30 Joer laang geschafft hunn an dann aus wéi enge enge Grënn och ëmmer aarbechtslos ginn, kréie maximal zwee Joer Aarbechtslosegeld 1 (dat hänkt ënnert anerem vum Alter of). Mat iwwer 50 ass et awer guer net méi sou einfach, eng nei Ustellung ze fannen. Wann dëst dann och net geléngt, rutsche d’Mënschen automatesch an de Bezuch vum Arbeitslosengeld 2. Dës Befierchtunge kann ech novollzéien, ähnlech verhält et sech bei der Angscht virun der Altersaarmut. Eise Pensiounssystem misst dréngend iwwerschafft ginn, de Deutsche Gewerkschaftsbund huet do e gudde Virschlag ausgeschafft.

D’Schold dorunner awer bei de Mënschen, déi heihinner geflücht sinn, ze sichen, ass falsch. Ech denken, datt d’Politik genau dës Befierchtungen eescht huele misst an dorunner schaffe sollt, statt iergendwellech Gesetzer, déi zu enger besserer Iwwerwaachung vu Bierger*inne bäidroen, ze beschléissen oder Grenzen dicht ze maachen.

D‘Politik beschwéiert sech gären iwwert en Nowuessmangel. Ass da bei iech en Thema? Falls jo, wéi gitt dir dat un?

Hanne: Naja, dat mam Nowuessmangel ass sou eng Saach. Ech mengen, et feelt net onbedéngt u Nowuess, mee u jonke Mënschen, déi sech un d’System Partei upasse wëllen. A mengem Kreesverband si vill jonk Mënschen aktiv. E puer vun hinne sinn och Member bei der SPD, muencher si ganz bewosst nëmme Member bei de Jusos. An ech kann et verstoen, datt Jugendlecher a jonk Erwuessener do net ëmmer esou vill Loscht drop hunn. Ugefaange bei de formale Saachen: vill Kreessvirstandssëtzungen an der SPD sinn oft zu Zäiten, déi fir jonk Mënschen éischter onattraktiv sinn. Vill Genossinnen* a Genossen* loossen op esou Plazen awer net vill Verännerung zou, “mir hunn dat schonn ëmmer esou gemaach”.

Mee och, wann ech mer di momentan personell Neiopstellung vun der SPD um Niveau vum Bund ukucken. Do heescht et dann „et géing keng qualifizéiert jonk Frae ginn“. Dat ass einfach net wouer. Et ginn op Niveau vum Bund vill qualifizéiert jonk Fraen (a Männer*).

De Problem ass also net, datt et keng jonk Erwuessener ginn, mee datt grad an der Basis Parteiaarbecht oft zu Zäiten duerchgefouert ginn, déi Aarbechtnehmer*inne a Studenten net entgéint kommen.

Tim: Hei a mengem Ortsverein hu mer d‘Gléck, datt sech vill jonk Leit abréngen. Deelweis hu mer souguer bei de Kommunalwahlen kandidéiert a Mandater krut. Datt méi jonk Kandidaten an besonnesch och Fraen op der Lëscht ze fanne sinn, huet sech bei eisem ganz gudden Wahlresultat gewisen. A menger Zäit als Juso-Kreesvirsetzenden am Raum Saarbrücken-Land hunn ech awer och aner Erfahrunge gemaach. Do gouf et op der Plaz engagéiert Jusos, déi vun de Virstänn awer reegelrecht torpedéiert gi sinn. Grondsätzlech sollt ee Jugendleche a Mënschen vun all Alter wierklech eescht huelen a si méi fërderen, hinne weisen, datt sech nëmmen dann eppes anescht, wa se Verantwortung iwwerhuelen. Sabbelen eleng geet net duer.

 

Ähnlech Sujeten Däitschland, Politik, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel