Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…
Kultur Neiegkeeten

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well

De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen
Kultur Neiegkeeten

De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen

Gëschter huet S.A.R. d’Ierfgroussherzogin Stéphanie, zesumme mam Prënz Charles dierfen

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt a verschiddene

Am Interview mam Manfred Theisen: Vu Vanillsglace a Risiken

Am Interview mam Manfred Theisen: Vu Vanillsglace a Risiken

Gëschter gouf dem Manfred Theisen säi Wierk Uncover – Die Trollfabrik presentéiert. Mee wien ass d’Persoun hannert dem Auteur? Elo léiere mir hien méi no kennen.

Wéini hutt Dir bemierkt, dass Dir en Talent zum Schreiwen hutt?

Eigentlech schonn ëmmer, ma ech war awer eréischt mat 37 Joer an der Lag wierklech literaresch ze schreiwen. Virdrun war ech als Journalist am journalisteschen Handwierk ënnerwee. No menger Kënnegung goung et richteg lass.

Ewéi huet sech Äert Liewen no den éischten Verëffentlechungen verännert? Sidd Dir vum Erfolleg iwwerrascht ginn?

Ech hunn dat Geld fir de Loyer an d’Famill gebraucht. Erfolleg moosst sech also dorun, ob mir dervun iwwerliewen. Bis elo ware mir erfollegräich. Iwwerrascht huet et mech schonn, well de Gewënn bei engem Buch zimlech geréng ass. Awer et geet, mir kënnen domat liewen.

War et schwiereg fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?

Nee, meng Lektorin wollt et direkt an huet bal näischt drun geännert.

Wat ass fir Iech de schwéierste Moment – den éischte Saz ze schreiwen oder den leschten?

Näischt vu béiden, am schwéiersten ass d’Verbesseren, dat ronderëm dréie vu Sätz, d’Ofschmaachen vu Formuléierungen an d’Erausrappe vu Sproochbiller. Ech weess, dass déi meeschte Lieser dës Sproochbiller net gären hunn, also geheien ech se eraus. Dat deet mir heiansdo leed.

Hunn aner Auteuren Iech beaflosst – a wann jo: wéi?

Den Daniel Defoe huet mech mat senger Geschicht “Die Pest zu London” beaflosst. Et ass eng gefakte Reportage, déi einfach grandios geschriwwen ass. Soss liesen ech den Juan Rulfo gär – déi zwee Auteuren si leider schonn dout. Zäitgenëssesch Literatur langweilt mech, do liesen ech léiwer Saachbicher.

Wéi laang dauert et vun der Iddi bis zum fäerdege Buch?

Dat kënnt drop un, wéi déck d’Buch ass. Ech schreiwen all Dag véier Säiten, geheien eng ewech, da bleiwen der nach dräi – dat mécht an zéng Deeg 30 Säiten, an …

Schreift Dir mat der Hand, der Schreifmaschinn oder dem Computer? Ewéi kann e sech Är Aarbechtsplaz virstellen?

Wann et geet, sëtzen ech um Balcon. Soss an der Kichen oder am Hotelszëmmer. D’Bett gefält mir och. Normalerweis um Laptop. Heiansdo, oder meeschtens um Handy.

EBooks oder Papierbicher?

Dat ass mir egal. Ech bliederen ni, ech fille mech net an d’Buch vum Auteur an. Ech liese Wuert fir Wuert, Zeil fir Zeil. Dofir ass d’Medium mir egal. Et si Buschtawen um Pabeier. Ech ka mech just a meng eege Figur erafillen, net an déi aner.

Huelt Dir Iech d’Kritiken zu Häerz?

Jo, mä dann ass d’Buch jo scho geschriwwen. Ech hunn léiwer d’Kritik vun der Lektorin am Virfeld, da kann ech wéinstens eppes drun änneren.

Wat ass d’Geräisch/de Geroch vun Ärer Kandheet?

Vanillsglace! Ech hat deemools eng Mandeloperatioun a wollt ëmmer aus dem Spidol fortlafen. Da gouf et dës Glace, een eeklege Geroch, deen mech jorelaang verfollegt huet, ma elo hunn ech se gär. Ech weess net firwat.

Wéi ee Kandheetsdram hutt Dir Iech nach net erfëllt?

Ech wollt ëmmer professionelle Vëlosfuerer ginn, mä ech war ni bei der Tour de France. Schued!

Wann Dir mat engem Fangerschnëpsen eppes an Ärem Liewen ännere kéint – wat wär dat? A firwat?

Ech géif net méi studéieren a manner Joren an d’Schoul goen. An éischter Kanner kréien. Et huet vill ze laang gedauert, bis dass endlech d’Kanner komm sinn.

Wann Dir eng Figur aus engem Roman oder Film treffe kéint – wien wier dat? Wat géift Dir hier soen?

Forrest Gump. Ech géif ëm soen, e soll endlech stoe bleiwen. “Huel dir Zäit.”

Hutt Dir e Liblingsbuch?

„Die Pest zu London“

Liblingszitat?

„Kontrolle ist gut, Vertrauen ist besser!“ (Umkehrung des alten Leninzitats)

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Riskéiernd, kannerléif, schreiwend.

Wat ass Iech wichteg am Dag gemaach ze hunn?

Wann mech meng Kanner froen, ob ech mat hinne spillen, wëll ech ëmmer “jo” gesot hunn. So nimools “nee”, spill mat denge Kanner.

Déi bescht Entscheedung vun Ärem Liewe war?

Meng Aarbecht als Journalist ze kënnegen!

Wéini kënnen Är Lieser mat dem nächste Buch rechnen?

All Dag. Ech schreiwe jo stänneg eppes. Et ass eng Anthologie erauskomm, an där ech eng Coronageschicht ënnerbréngen konnt.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel