Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung
Kultur Neiegkeeten

Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung

Am Kader vum 4. Zyklus vun der gemeinsamer Evaluatioun, duerch

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark
Kultur Neiegkeeten

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark

Wat nach virun ee puer Deeg als „Rumeur“ verkaf ginn

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier
Kultur Neiegkeeten

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier

An dësem Joer kënnt d’Lyrik-Anthologie Das Ende vom Lied (Phi-Verlag)

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent

De Sebastian Fitzek ass wuel allen Thriller-begeeschterte Persoune bekannt. Datt awer d’Dr. Sabine Fitzek, duerch hiere Medezinstudium an hire Joren als Chefdoktesch, gelegentlech hire Schwoer zum Thema psychesch Extremzoustänn beréit, wëssen allerdéngs déi Wéinegst. Mëttlerweil hëllt si selwer als Auteurin gesondheetspolitesch Mësstänn an de Gesondheetssystem a Form vu spannenden Thrilleren ënnert d’Lupp.

Wéini hutt Dir gemierkt, dass Dir Talent zum Schreiwen hutt? Ewéi koum et zum Wiessel – vun der Neurologie zum Thriller schreiwen?

A menger Schoulzäit hunn ech schonn éischt Geschichte geschriwwen, ma ech hätt mir ni zougetraut, e Beruff doraus ze maachen. Dofir sinn ech Doktesch ginn, dat huet mech och interesséiert an nawell vill Zäit gefriess: d’Ausbildung zur Neurologin, d’Aarbecht un der Universitéit mat Dräifachbelaaschtung vu Léier, Fuerschung, Patienteversuergung, asw – doniewent Famill an zwee Kanner, et ass bal keng Zäit gewiescht fir Loft ze huelen.

Iergendwann hunn ech an enger Vakanz ugefaangen, Saachen déi mech bei der Aarbecht beschäftegt hunn an eng Geschicht ëmzesetzen. Moies, ier den Hotel wakereg ginn ass, mat enger Taass Kaffi Cuban an der Bar sëtzen, eng waarm Reendrëps fält vum Himmel – ech si mir ewéi den Hemingway virkomm. Ech hu gemierkt, dass d’Schreiwe mir risege Spaass mécht, ech empfannen et net als Aarbecht, mä als Entspanung.

A vun do un, hunn ech an all fräier Minutt weider geschriwwen. Iergendwann war aus menger Siicht d’Geschicht fäerdeg an ech hunn se mengem Schwoer Sebastian Fitzek gewisen. Deen huet gemengt: Ok, dat ass elo guer kee schlechte Réidiamant, dee muss de awer nach mat engem Lektor iwwerschaffen.

Iwwregens schreiwen ech keng Thriller. Ech hunn se net gär. Déi maache mir Angscht an dat Gefill fannen ech onangenehm, ech probéieren et ze vermeiden. Et däerf scho spannend gi wärend dem Liesen, awer net ze vill a virun allem däerfen et keng bluddeg Geschichte sinn.

Wéi huet sech Äert Liewen no der éischter Verëffentlechung verännert? Gouft Dir vum Erfolleg iwwerrascht?

Et huet mech natierlech vill gefreet, ze héieren, dass et Mënsche gëtt, deene mäi Buch gefall huet. Ech kréie wierklech léif Réckmeldungen déi mir Mutt maachen. Mä mäin Liewen ass nach genee esou ewéi virdrun. Ech schaffen nach ëmmer als Doktesch, just dass d’Schreiwen elo och e festen Deel vu mengem Alldag ass.

War et schwéier fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?

Ganz schwéier. Ech hunn iwwerhaapt kee fonnt, si hunn mir all frëndlech Ofsoe geschéckt. Dunn huet mäi Schwoer Sebastian mir e gudden Tipp ginn. “Sich kee Verlag, sich dir léiwer en Agent.”

Wat ass méi schwéier ze schreiwen? Den éischten oder de leschte Saz?

Weder nach. Fir mech ass et am schwieregsten, e Konzept ze entwéckelen. Dat heescht, ech ka schonn eent erstellen, mä ech fannen et net einfach mech och drun ze halen. Ech schreiwe léiwer aus dem Bauch eraus a weess am Ufank selwer nach net, wien de Mäerder ass. Dat ass elo natierlech e bëssen iwwerdriwwen, ma et beschreift d’Situatioun ganz gutt. Ech schaffe léiwer intuitiv. Net nëmme beim Schreiwen, och beim Kachen oder bei aneren Tätegkeeten. Wann een e Krimi schreiwe wëll, ass et guer net esou verkéiert, sech virdrun e genaue Plang ze maachen.

Wéi laang dauert et vun der Iddi bis zum fäerdege Buch?

Dat éischt Buch huet Jore gedauert, et louch tëschenduerch ëmmer erëm (och laang) am Tirang. Dat zweet hunn ech a puer Méint geschriwwen.

EBooks oder physesch Bicher? Wat haalt Dir vun Ieselsoueren a Bicher?

Ganz kloer Pabeierdrock. Mä um Strand oder an der U-Bahn ass en EBook vill méi praktesch a mëttlerweil loossen ech mir och gären aus Bicher virliesen. Ech hunn de Geroch an Ubléck vu frëschen, onbenotzte Bicher an Zeitunge gären. Wann de Besuch mir zum Beispill meine neue Zeit “zerliest”, da muss ech mech zesumme rappen. Mä wann ech d’Bicher selwer gelies hunn, hunn se e ganze Koup Ieselsoueren an aner Gebrauchsspueren.

Wéi e Kandheetsdram hutt Dir Iech nach net erfëllt?

Als Kand wollt ech e Päerd besëtzen a Balletsdänzerin ginn. Haut sinn dat keng Saachen, deenen ech notraueren. Dono wollt ech onbedéngt Schräiner ginn an hunn mech nom Abi och beim Schräinermeeschter aus menger Uertschaft fir eng Léierplaz ageschriwwen. Mä hie konnt mech net huelen, well en anscheinend keng Toilettë fir Meedercher huet.

Eigentlech wollt ech Architektin ginn, ma et huet awer geheescht, et wär besser fir d’éischt en Handwierk ze léieren – fir dass e sech um Bau auskennt. Do huet sech d’Maus erëm an de Schwanz gebass. Ech hat a mengem Ëmfeld och keng Virbiller oder Beroder an ech duecht, dass een och gutt an der Mathe muss sinn (wéinst der Statik) an ech war schlecht.

Hutt Dir e Liblingsbuch? Liblingszitat?

E richtegt Liiblingsbuch hunn ech net. Dës lescht hunn ech mol eng Kéier erëm Die Blechtrommel vum Günter Grass gelies a war faszinéiert, ewéi hie mat wéinege Wierder e Mënsch esou ëmfaassend beschreiwe konnt:

„Mama konnte sehr lustig sein. Mama konnte sehr ängstlich sein. Mama konnte schnell vergessen. Mama hatte dennoch ein gutes Gedächtnis. Mama schüttete mich aus und saß dennoch mit mir in einem Bade…
Sie setzte sich manchmal ins Unrecht, obwohl es ringsherum Stühle genug gab.“

Wéini kënnen d’Lieser mat dem nächste Buch rechnen?

Wann Corona mir kee Stréch duerch d’Rechnung mécht, am Hierscht 2020.


  • Passend heizou: Artikel zur Buchpresentatioun vum Sabine Fitzek hirem Wierk Verrat (Knaur TB, 2019).
Ähnlech Sujeten Auteur, Buch, Interview, Kandheetsdram, Neurologie, Sabine Fitzek, Sebastian Fitzek, Thriller, Verlag, Verrat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel