Search

You may also like

Fir méi Transparenz: E Lobbyregëster fir d‘Chamber
International Neiegkeeten

Fir méi Transparenz: E Lobbyregëster fir d‘Chamber

D‘Piratepartei, déi sech zanter hirer Grënnung fir méi Transparenz an

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!
International Neiegkeeten

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun

Altersaarmut an Däitschland
International Neiegkeeten

Altersaarmut an Däitschland

Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen

Virwuert: Ze beriichten datt eppes stattfonnt huet, féiert an dësen Zäiten oft derzou, datt een an de sozialen Netzwierker éischter gejot gëtt, wéi datt ee Luef kritt. Dat weist eis zum engen datt d’Welt am Ëmbroch ass, leider nach net zum Virdeel vun der Mënschheet. Als Journalisten kann een deem net einfach fräie Laf loossen, firwat mir eis als Redaktioun zuweilen och musse positionéieren. A wa mir all Meenung respektéieren, soll dat net heeschen datt mir domadder averstane sinn. Mir si géint Gewalt, fërdere mat eise Moyenen d’Solidaritéit an Toleranz, an dat leider net ëmmer esou erfollegräich wéi mir eis et wënschen.

Wéi kann een Är Organisatioun ënnerstëtzen?

Well d’Sea-Watch komplett spendebaséiert ass, si mir immens drop ugewisen. Duerch d’Spende kënne mir dofir suergen, datt mir eis Asätz am Mëttelmier weider duerchféiere kënnen. Anengems siche mir ëmmer Fräiwëlleger, déi bei ons um Schëff, an an de Fligeren. Et schaffen och immens vill Aktivist*innen u Land, déi fir Sea-Watch Eventer engagéieren.

Interesséierter kënnen och a Lokalgruppen aktiv ginn a sech zesummen dofir asetzen, Séinoutrettung am Mëttelmier méiglech ze maachen.

SeaWéi vill Mataarbechter sinn u Bord? Gëtt och fir eng psychologesch Betreiung fir d’Personal garantéiert?

Op der Sea-Watch 3 hu mir 22 Persounen an der Crew: Nautiker*innen, Kapitän*innen, Maschinist*innen, Bosuns, Dokter*innen, Käch*innen, Fotograf*innen a sou weider. Op der Sea Watch 4 fuere mir mat enger Besatzung vu 27 Persounen (7 dovunner si medezinescht Personal vun Dokteren ouni Grenzen, 22 si vun der Sea-Watch Crew). Virun all Missioun gëtt et e psychologescht Briefing fir jiddereen. Ausserdeem gëtt et no all Asaz méi kleng Bespriechunge fir d’Nobereedung vun den Asätz u Bord. Wa mir um Land sinn, kënnt e Psycholog u Bord a preparéiert alles fir d’Missioun mat der Crew no. Dono sti fir eis Aktivist*inne Psychologen zur Verfügung, falls se iwwer verschidden Erliefnisser schwätze wëllen. An eiser Backoffice-Struktur hunn mir en Supervisiounsteam, wat sech ëm d’Besoinen um Land këmmert.

Wéi gitt Dir mat den Ufeindungen am Netz ëm?

Mir hunn mat villen Ufeindungen am Netz ze dinn. Eis Aarbecht stéisst op Widderstand, allerdéngs ass d’Unzuel vun Ënnerstëtzer*inne méi grouss. Duerch breet, zivilgesellschaftlecht Engagement, ewéi beispillsweis duerch d’Séibréck oder United4Rescue, bleiwe mir motivéiert weiderzemaachen.

SeaKënnt Dir eis Äert schéinst Erliefnis erzielen?

Schéin Erliefnisser ginn et ëmmer. E Moment deen eis Crew erliichtert, ass d’Ulandung an engem sécheren Hafen an de Moment, an deem déi Geretten endlech vu Bord goe kënnen.

Et gëtt awer och déi kleng Momenter, vertraute Gespréicher mat de Mënschen, déi bei eis u Bord sinn, spontan Gottesdéngschter oder d’Sange vu Lidder aus hirer Heemecht. An esou Momenter mierkt een ëmmer erëm, datt mir zesummenhale mussen an et eis Flicht ass, eis fir dat Recht vu aneren anzesetzen.

An dat Schlëmmst?

An der Vergaangenheet gouf et vill schlëmm Erliefnisser. Beispillsweis huet eis Crew dacks missen doudeg Kierper aus dem Mier biergen. Un e Moment erënneren ech mech am beschten – ech hunn zwee Jongen am Alter vu 14 Joer missen informéieren, datt hire Brudder net u Bord ass an d’Iwwerfaart warscheinlech net iwwerlieft huet. Et sollt net eis Aufgab sinn, Mënschen ze soen, datt e Familljemember gestuerwen ass. Et muss an der Verantwortung vun den europäeschen Acteur*inne leien, dofir ze suergen, datt kee Mënsch am Mëttelmier erdrénke muss. A soulaang Europa dës Aarbecht net mécht, musse mir eis dofir asetzen, esou vill Liewen ze retten, ewéi et eis méiglech ass.

SeaWéi vill Mënscheliewe goufe schonn duerch Iech gerett?

Mat eise Schëffer ware mir säit 2015 un der Rettung vun iwwer 37000 Mënsche bedeelegt. Duerch eis Loftopkläerungsfligeren, déi säit 2017 Booter a Séinout sichen, Rettungsmissioune koordinéieren a Mënscherechtsverletzungen dokumentéieren, konnte mir dofir suergen, datt ville Séinoutfäll nogaange goufen a sou weider Liewe gerett goufen.

Wat wënscht Dir Iech fir d’Zukunft?

Mir wënschen eis engersäits, datt déi zivil Séinoutrettung endlech ofgeschaaft ka ginn, well Europa d’Verantwortung selwer iwwerhëlt. Dofir fuerdere mir eng europäesch koordinéiert Séinoutrettungsmissioun am Mëttelmier an déi schnell an human Ulandung vu Geretten an europäeschen Häfen. Ausserdeem fuerdere mir laangfristeg legal Fluchtweeër an een Europa, wat op Solidaritéit an net op Ofschottung berout.

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Mëttelmier, MSF, Sea-Watch, Sea-Watch4, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post