Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet
Stories

Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet

Déi Lénk hunn ee Mangel an der aktueller Schoulpolitik vun

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60
Stories

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Fir dem Client uerdentlech Déngschtleeschtunge bidden ze kënnen ass et

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
Stories

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?

An der Nordstad ass niewent Ettelbréck Dikrech wuel dee wichtegste Pol. Mir riichten am Kader vun de Gemengewahlen eise Bléck op d’LSAP, déi mam Claude Haagen den aktuelle Buergermeeschter stellt. Mir hu mat engem jonke Member, dem Tom Sauber e kuerzt Interview iwwert d’Prioritéiten vun der lokaler Politik an dem Nowuess geféiert.

Wat huet Iech an d‘Politik am generellen an zur LSAP am spezifesche bruecht?

Wann een mech freet, mech selwer ze beschreiwen, äntweren ech wéi aus der Flënt „engagéiert“.

Sech an der Gesellschaft fräiwëlleg vir eng Saach anzesetzen steet vir mech un éischter Stell. Sief dat Trainer an engem Veräin ze sinn, vir eng Gewerkschaft mat op d’Strooss ze goen, en politescht Mandat an senger Gemeng ze bekleeden oder einfach emol dem Noper d’Wiss méien. Jiddereen fënnt schonns eppes, wann en well.

Et war virun 7 Joer éischter déi motivéiert Equipe ronderëm den Claude Haagen, déi mech dozou bruecht huet, mech der LSAP Dikrich unzeschléissen. Sou sinn ech säit 2011 Member an den Dikrecher Gemengekommissiounen vum Jugend, Sport, Jugend an Ëmwelt. 2015 sinn ech mäin Engagement als Sekretär vum Nordbezierk an Member vun der LSAP-Parteileitung agaang, fir deene Jonken am Norden eng Stëmm op nationalem Plang ze ginn. Et ass duerchaus intressant un Projet’en matzeschaffen, déi deng Regioun betreffen, iert se vun Oppositiouns-parteien schlecht geschwat ginn. Säit 2016 sinn ech dann och Sekretär vun der Lokalsektioun, wou ech vill Iddien a Wëssen konnt matbréngen, ma nach vill ech hunn zanter deem och vill vun mengen routinéierte Komeroden an der Sektioun bäigeléiert.

Wéi schwéier huet een et, fir Jugendlecher fir Politik ze begeeschteren? Vill Associatioune mengen et wier schwiereg Leit an de Benevole ze kréien. Ass dat och de Fall fir d’Parteien? Wéi géift Dir dat konteren?

Bei dësen Gemengewahlen hunn mir besonnesch am Norden eng gesond Mëschung tëscht Jonk an Al op eisen Lëschten.

Et ass wuel bekannt, datt et hautdesdaags schwéier ass, allgemeng Leit ze fannen déi hir Fräizäit wëllen hiergi fir sech nieft Aarbecht an Famill nach weider ze engagéieren. Esou geet et de Parteien net anescht wéi de Lokalveräiner. Ech sinn awer fest der Iwwerzeegung, datt wann d’Zieler vun engem Veräin oder d’Féierung vun enger Partei, déi richteg sinn, da mécht et och engem Jonke Spaass an e fënnt Zäit a Loscht sech anzebréngen. Duerch déi gutt Zesummenaarbecht an Oppenheet fir jiddereen an der LSAP mierkt een deen Jugendverloscht net sou an eiser Partei. Bei dësen Gemengewahlen hunn mir besonnesch am Norden eng gesond Mëschung tëscht Jonk an Al op eisen Lëschten. Och d’Jugendorganisatioun, d’Jonk Sozialisten Lëtzebuerg (JSL), ass breet opgesat an schafft aktiv an den LSAP-Gremien mat.

Vun dohier denken ech, datt de Wee deen d’LSAP ageschloen huet, deen richtegen ass. Déi Jonk sollen duerfen matschwätzen, dann sinn si och ze begeeschteren.

Wat sinn déi gréissten Erausfuerderungen, deene sech Dikrech an de nächste Jore muss stellen?

Dem Verkéier. Ganz kloer muss Dikrech un Verkéiersléisunge schaffen. D’LSAP Dikrich huet do well en flott Konzept ausgeschafft an hofft dat an der nächster Legislaturperiod ëmsetzen ze kennen. Mam Verkéier, gëllt et awer och neie Parkraum ze gestalten. Am Interêt vun der Geschäftswelt an der Liewensqualitéit vun den Dikrecher Leit, huet och an dësem Thema déi Dikrecher LSAP Léisungen well um Dësch leien.

Nieft dem stänneg wuessendem Verkéierschaos, huet sech d’LSAP Dikrich als Aufgab gesat aktiv um Wunnmarché ze schaffen. Als Gemeng besetzt een déi néideg Instrumenter, déi een richteg asetzen well, fir den stänneg wuessenden Präisser um Wunnmarché entgéint ze trieden.

Besonnesch um Häerz leit mir awer och datt en Event wéi „Dikrich Live“ nach méi attraktiv gemaach gëtt fir déi lokal wéi och regional Jugend. Dikrech huet d’Potenzial en Magnéit fir d’Jugend ze ginn an do wéilt ech gären hin.

Wat ass Är Perspektiv am ëffentlechen Transport? Virun allem mat der Zuchlinn op Dikrech?

Wann d’Schinnen emol ofgerappt ginn, wäerten se sécher net méi sou séier zréckkommen.

Wien Verkéierschaos bekämpfen wëll, kënnt net laanscht eng nohalteg Verbesserung vum Réseau am Ëffentleche Transport. Besonnesch an de Nordstad-Gemenge begéint een ëmmer nees ville Bussen, déi an de Spëtzestonne wuel gutt gefëllt sinn, mee ausserhalb dovun kaum gefëllt iwwert d’Stroossen fueren an soumat fir iwwerflëssegt Verkéieropkommes suergen. Iert Dikrich awer op de Wee geet an iwert seng Grenzen eraus de Verkéierschaos ze bewältegen probéiert, setzt sech d’LSAP-Dikrich fir den nationale Contournement Fridhaff-Selz an. Mat engem Contournement deen Dikrech ëmgeet, dréit een dem ville Transitverkéier Rechnung.

Fir op den Ëffentleche Transport zréckzekommen, huet d’LSAP-Dikrich als eenzeg Lokalpartei sech 2013 fir den Erhalt vum Schinnereseau tëscht Diekirch-Ettelbruck agesat. Dëst am Sënn fir fréier oder spéider op en „op Schinne gebonnent Gefier“ ëmzeklammen. D’Gefor beim Schafe vun feste Busspuren, wéi sou muench Oppositiouns-Parteien nach haut froen, ass eng banal an alles anescht wéi nohalteg Léisung.

Wann d’Schinnen emol ofgerappt ginn, wäerten se sécher net méi sou séier zréckkommen.

D’LSAP-Dikrich gesäit en „op Schinne gebonnent Gefiert“, dat op puer Arrêt’en halen bleiwen an d’Geschäftswelt tëscht Ettelbréck an Dikrech nach méi enk verbannen kann. Méi wéi dat elo schonns de Fall ass. Fir Dikrech ganz intressant wier eng Verbannung mam Schoul- a Sportkampus an der „Rue Merten“. Esou géif een déi vill Bussen aus Dikrech kennen verbannen.

Weider Info iwwert dëst Thema fannt dir hei.

Op Ettelbréck oder Dikrech, et gëtt am Moment vill iwwer Fusioune geschwat. De Buergermeeschter vun Dikrech schéint awer am Moment näischt dovunner héieren ze wëllen. Wéi stitt Dir dozou?

Eng Fusioun innerhalb der Nordstad kann nëmmen dann entstoen wann all d‘Gemengen un engem Strang zéien. Hëlt een d’Beispill vum Projet eMovin (Car&Bike-Sharing), sou get deen wuel als Nordstad- Projet gehandelt, ma leider net vun all den Nordstad-Gemenge gedroen.

Mat der Gemengefinanzreform hun Ettelbréck an Dikrech méi Moyen’en krit fir an deenen Domainen ze schaffen, déi der Nordstad gutt dinn. Esou kennen d’Nordstad-Gemenge weider Projet’en ugoen, déi der Nordstad gerecht ginn zB. ZANO, Ciné Scala etc. D’Gemeng Dikrich ass besonnesch an dësen Projeten ëmmer nees Haaptakteur.

Schlussendlech sinn ech awer der Meenung datt eng Gemengefusioun nëmmen dann gesond ass, wann d’Bierger dat och wëllen…

En aneren Thema ass de Kino, dee jo och vun der Oppositioun kritiséiert ginn ass an och schonn zum Eclat gefouert huet. Alles nëmmen Theater? Oder huet een sech do wierklech iwwerholl?

Besonnesch als Jonken stellen ech fest, datt ech soss hu missten op de Kierchbierg fueren fir déi neiste Filmer kucken ze goen. Mir haten zwar wuel en Kino zu Dikrech, mee méi nostalgesch wéi zäitgeméiss. Haut maachen ech dat mam Vëlo. Wann een bedenkt datt Frënn vu Wolz, Wëntger, Réiden oder Miersch och op Dikrich an de Kino kommen, dann gëtt de Kino der ganzer Regioun gerecht.

Nach gëschter war ech en Film kucken an hu mer den Sall mat villen Leit gedeelt. De Kino huet déi éischt 8 Wochen am Duerchschnëtt ëm 2000 Visiteur’en/Woch empfaang an genéisst domat zu Recht säin Succès. Ech hunn zwar well eng Rei Oppositiounsmemberen am neie Ciné Scala begéint, mee et huet sech nach keen während dem Film iwwert de Bau vum Kinokomplex beschwéiert.

Vun der Oppositioun gëtt d’LSAP zu Dikrech och gären als net besonnesch Dialogbereet bezeechent. Wéi ass do är Aschätzung?

Beispill Kino:

De Schäfferot huet sech un d’Gesetzer gehal. Alles war bekannt. Et muss ee kloer drun erënneren datt d’Pläng vum Kinoskomplex an der Bautekommissioun virgestallt goufen, wou all Partei Vertrieder setzen huet. Och d‘„Option d’Achat“ war bekannt an ass 2014 vun der DP matgedroen ginn. Trotz allem werft een der LSAP Intransparenz an deem Dossier fir.

Wann een als Oppositioun net mat eegenen Iddien Wahlkampf ze bedreiwen weess, dann muss een de Wee aschloen an den amtéierende Buergermeeschter mat Intransparenz ugräifen. Kloer ass datt d’LSAP Dikrich ronderëm de Claude Haagen ganz vill fir d’Stad geschafft huet an nach vill méi Iddien fir d’Zukunft huet.

Opmaacherfoto: Vum Robby – Eegent Wierk, CC BY-SA 4.0

Kandidatefoto: Tom Sauber

Ähnlech Sujeten Dikrech, Gemengewahlen 2017, Interview, LSAP, Nordstad, Tom Sauber
Nächsten Artikel Virrechten Artikel