Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium
Kultur Neiegkeeten

Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium

D‘Ukënnegung vum US-President, ab e Méindeg den Import vu Stol

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Kultur Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Kultur Neiegkeeten

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Am Interview mam Veit Etzold – Erfolleg kritt een net geschenkt

Deel 1

Am Interview mam Veit Etzold – Erfolleg kritt een net geschenkt

Den Dr. Veit Etzold ass net nëmmen e begaabten Thrillerauteur – hien ass och Beroder. Storytelling nennt sech dat Ganzt. Op senger Facebooksäit gëtt hien eis e gudden Abléck a seng Aarbecht. Ech si frou, dass hien sech Zäit geholl huet, mir dës Froen ze beäntwerten!

Wéini hutt Dir gemierkt, dass Dir en Talent zum Schreiwen hutt?

Eigentlech als Kand schonn, do hunn ech eng Kéier eng Krimi-Kuerzgeschicht geschriwwen an als Teenager e Fantasyroman, e war zwar net allze laang, ma wéinstens ass e fäerdeg ginn. Ech hunn gemierkt, wann een eng gewësse Struktur a senge Geschichten notzt, da ginn se éischter vun de Lieser gegleeft.

Wéi huet sech Äert Liewen no den éischte Verëffentlechunge verännert? Gouft Dir vum Erfolleg iwwerrascht?

Also mäin alleréischt eegent Buch Das große Tier war mëttelméisseg – vum Erfolleg hier. Et ass 2010 beim Kiepenheuer &Witsch Verlag op de Marché komm. Ech hat mech immens gefreet, dass ech e renomméierte Verlag fonnt hunn. Dat éischt Buch un deem ech bedeelegt war, ass am Joer 2008 erauskomm, dat war Dem Tod auf der Spur mam Michel Tsokos. Et war e Spiegel-Bestseller.
Dat louch natierlech um Michel Tsokos als Chef vun der Rechtsmedezin. Do war mäin Deel éischter dat schéint Schreiwen an net de Contenu.
Final Cut, 2012 huet mech schonn iwwerrascht – dass dat esou en Erfolleg hat. Do huet de Verlag extrem vill dofir gemaach, e bësse geplangt hu mir et och.

War et schwéier fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?

Jein. Ech hunn 2002 schonn divers Manuskripter un Editioune geschéckt an do hat ech guer kee Succès. Dunn hunn ech geduecht, ech maachen dat iwwert eng Literaturagentur, déi hunn ech op engem Literaturseminar kennegeléiert. Si heescht script for sales – d’Petra Hermanns war deemools do täteg. An dunn hunn ech de Werner Irro, fréiere Lektor vum Rowohlt Verlag kennegeléiert, hien huet mäin alleréischt Manuskript Korrektur gelies.

Dat géif ech jiddwerengem recommandéieren – nach eemol vun engem Profi driwwer kucken ze loossen. Et brauch een zwar Geld dofir, mä ëmsoss ass näischt. Agenturen hunn besser an aner Méiglechkeeten.

Wat ass méi schwéier ze schreiwen? Den éischten oder de leschte Saz?

Do géif ech soen, den éischten. Nee, eigentlech déi zwee. Beim leschte Saz ass alles fäerdeg, dat ass jo schéin, den éischte Saz kann een nach optiméieren oder upassen. Den éischten Entworf ass souwisou ëmmer Mëscht vun dohier, gleewen ech net, dass een de perfekte Saz direkt schreift, mä dass een se nach iwwerschaffe muss.

Hunn aner Auteuren Iech beaflosst – wa jo, wéi?

Als Teenager war ech e grousse Fan (a sinn et ëmmer nach) vun Tolkien (Herr der Ringe) a vum Stephen King. Dat huet mech ugefixt. An och den Howard Phillips Lovecraft ass en gudden Auteur aus den USA. D’Klassiker – den Edgar Allen Poe, den Thomas Harris (Das Schweigen der Lämmer), den Dan Brown a sou weider.  Déi Auteuren hu mir gewise wéi Spannung gutt funktionéiert.

Wéi laang dauert et vun der Iddi bis zum fäerdege Buch?

Ma méi laang ewéi e Joer däerf et net daueren, se komme jo an deem Zyklus eraus. Also zwee Méint plangen, sechs Méint schreiwen, Fein-Tuning, Marketing am Verlag, et ass zimlech duerchstrukturéiert.

Schreift Dir mat der Hand oder mam Computer? Wéi kann e sech Är Aarbechtsplaz virstellen?

Ech schreiwe mam Computer, da kann ech och ënnerwee mam Laptop schreiwen. Doheem hunn ech e groussen Apple iMac. Dat mat der Hand schreiwen ass villäicht romantesch a schéin, mä zäitlech net méiglech. Am Word kann een méi upassen a veränneren. Ech kann meng eege Schrëft net liesen, dee Problem besteet beim Computer natierlech net. Meng Aarbechtsplaz gesäit een op der Foto, et ass e Büroszëmmer mat Schreifdësch a Bicherregal – e bëssen esou, ewéi een sech dat bei Auteure virstellt.

 

 Opmaacherfoto: © Veit Etzold

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Auteur, Erfolleg, Inspiratioun, Interview, J.R.R. Tolkien, Literatur, Veit Etzbold, Veit Etzold
Nächsten Artikel Virrechten Artikel