Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen
Kultur Neiegkeeten

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt,

What the Fakt – D’Weltausstellung vun 1958 mam Atomium!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – D’Weltausstellung vun 1958 mam Atomium!

Vum 17. Abrëll bis den 19. Oktober 1958 ass an

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?
Kultur Neiegkeeten

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?

Um haidege Freideg mussen sech d’Iren mëttels Referendum fir oder

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
© Ville de Luxembourg / Sven Becker
Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
© Ville de Luxembourg / Sven Becker
Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
© Ville de Luxembourg / Sven Becker
Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
© Ville de Luxembourg / Sven Becker
Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
© Ville de Luxembourg / Sven Becker

Bei der 10. Editioun vum urbanen Danz-Festival fir Jonker mam Numm Intra Urban Youth Dance Festival wäerten 23 Gruppen um Knuedler optrieden. Organiséiert gëtt dëst Evenement vum Service Jeunesse a Begleedung vun der Stad Lëtzebuerg an a Kollaboratioun mam Luxembourg City Tourist Office.

Den Intra Urban Youth Dance Festival ass eng net-kompetetiv Plattform bei der de Wäert vun de verschiddene Stiler vum urbanen Danz – dorënner beispillsweis Hip Hop a Break-Dance – am Virdergrond steet. De Jonken aus Lëtzebuerg an der Groussregioun gëtt esou d’Méiglechkeet gebueden hir Choreographien op der Bühn a lockerer Atmosphär ze presentéieren.

Tëscht 15:30 an 18:00 Auer trieden esou 23 Gruppen op, wouvunner der 15 aus Lëtzebuerg, 4 aus Frankräich, 3 aus Däitschland an 1 aus der Belsch sinn. Op der Bühn um Knuedler weise si hiert Kënnen: LIMITLESS CREW (L), THE REJECTS (L), KEY TO ARTS (L), JAL‘Z (L), BEATS’N MOTION (D), ART IN MOTION – ADVANCED (L), SPORT VITALITÉ PRÉ – ADO / HIP HOP (F), LIL SOLDIERS (L), WOLFPACK (L), VVS (L), ART IN MOTION – INTERMEDIATE (L), SPORT VITALITÉ / HIP HOP (F), REMINISCENCE (L), M.J. LINKS (B), ART IN MOTION BEGINNERS (L), TAKE YOUR TIME (D), LOST & FOUND (L), LX TEAM (L), MASH – UP (L), MIXITÉ JUNIOR (F), SPORT VITALITÉ / MODERN JAZZ (F), SOUL CRUSHERS (L), 2. CHANCE SAARLAND E.V. (D).

Future Talent Stage

Vun 19:00 bis 22:00 Auer kënnen d’Spektateuren op der selwechter Bühn Danz-Ufänger aus Lëtzebuerg an der Danzregioun bei hirem Talent nokucken. Fir dës zweet Editioun vum Future Talent Stage wäerten Acts, wéi C’est Karma, Castelló an Mafalda Yohanna -B.P.M. zur musikalescher Begleedung bäidroen.

Och dës Aktioun ass eng Initiative vum Service Jeunesse, der Stad Lëtzebuerg. Ënnerstëtzt gi si vum David Galassi (De Läb/de Läbbel) an dem Kristian Horsburgh (Trust in Talent).

Ähnlech Sujeten C'est Karma, Castelló, Danz-Festival, Hip-Hop, Intra Urban Youth Dance Festival, Mafalda Yohanna - B.P.M., Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel