En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika
Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen erwächt. Sënn an Zweck vum Fong: d’Fërderung vun enger nohalteger Bewirtschaftung vun de Bëscher an Zentralamerika. D’Zil ass dann awer éischter e Beitrag géint de Klimawandel ze leeschten.
Datt de Finanzminister Pierre Gramegna der Meenung ass, Lëtzebuerg kéint als Land séier wéineg géint de Klimawandel maachen, ass ugesicht der Mobilitéitspolitik esou falsch net. Dofir huet hien da bei der Virstellung vum FCCF (Forestry and Climate Change Fund) an der Spuerkeess och ze verstoe ginn, datt de Privatsecteur an d’Banken awer Méiglechkeeten hätten.
Fir den zukünftegen Investisseuren den FCCF gefälleg ze maachen, hunn dann de Finanz- an de Nohaltegkeetsministère entscheet mam gudde Beispill virzegoen. Esou huet de Fong also schonn emol 12,5 Milliounen US-Dollar zur Verfügung.
Elo muss en allerdéngs uecht doen, well et geet beim FCCF net drëms einfach Geld op der Bank ofzeginn. De Gedanken hannert dem Fonds ass villméi, de Leit op der Plaz ze erméiglechen sech eng nohalteg Wirtschaft opzebauen. Also Hëllef zur Selbsthëllef, e bëssi wéi deemools mam Mikrofinanzfong LMDF.
An et huet ee schonn déi Interessente fonnt: d’Spuerkeess (BCEE), d’Assurance Le Foyer an d’BIL hu jiddereen eng hallef Millioun an den Fonds gestach. An keen investéiert eng hallef Millioun ouni sech Profit ze erwaarden. An dësem Fall soll et sech awer net nëmme finanziell lounen. Villméi setzt een hei op den ökologeschen a soziale Profit. De Fonds selwer ass op 15 Joer Lafzäit festgeluecht ginn.
Mat de Sue soll an Zentralamerika d’Bewirtschaftung vun de sougenannte „secondär“ Bëscher erméiglecht ginn. Riets ass hei vu jonke Bëscher déi op fréiere landwirtschaftleche Fläche gewuess sinn. Flächen iwwregens déi der Landwirtschaft verluer gaange ware, well se ze „intensiv“ genotzt goufen.
Fir elo ze verhënneren, datt dës „nei“ Bëscher a Flamen opginn, fir nees Landwirtschaft op deene Flächen ze bedreiwen, wëll een de Leit op der Plaz d’Méiglechkeet ginn, Geld mat der nohalteger Notzung vun de Bëscher ze verdéngen. Méiglech ass dat, well sech den FCCF d’Beroder vun „Unique Forestry and Land Use“ mat an d’Boot geholl hunn. De Fonds selwer huet awer elo net wëlles Bëscher oder Land ze kafen.