Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?
International Neiegkeeten

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss,

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
International Neiegkeeten

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…
International Neiegkeeten

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…

Tëscht der EU a Groussbritannien ass et um Freideg nach

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum Schwangerschaftsofbroch (IVG) gestëmmt ginn. Den Zäitraum wou en Agrëff méiglech ass, gëtt bewosst op ee puer Woche begrenzt. D‘Gesetz soll zudeem de nationalen Debat lancéieren.

D‘Deputéiert, an der Majoritéit Republikaner, vun dësem landwirtschaftlech ausgeriichten US-Staat hunn de Schwangerschaftsofbroch ënnersot, ab deem Moment wou d‘Häerzklappen nozeweisen ass. Dat ka schonn de Fall ab der sechster Woch sinn. Heivunner ausgeholl, d‘Affer vun enger Vergewaltegung oder engem Inzest.

Vun de Géigner gëtt de Gesetzestext ofgeleent, well heimatter ville Fraen d‘Recht ofgeschwat gëtt, en Avortement virzehuelen. Dat méiglecherweis nach iert se iwwerhaapt wëssen datt si schwanger sinn. D‘Gesetz muss elo nach vun der republikanescher Gouverneurin ënnerschriwwe ginn, fir kënnen a Kraaft ze trieden.

D‘Kim Reynolds, selwer eng streng Géignerin vum Schwangerschaftsofbroch, huet sech nach net geäussert. Et ass awer gewosst, datt esou eng Aschränkung zu wäitleefegen Ausenanersetzunge virun de Geriichter wäert féieren. Dat dann och op federalem Niveau.

Konsequent oder Réckstänneg?

„Mir hunn haut ee couragéierte Schratt gewot, fir der Natioun ze soen, datt den Iowa seng vulnerabelst Bierger, déi wou keng Stëmm hunn, eis ongebuere Kanner, wäerte verdeedegen“, esou d‘Deklaratioun vun der Republikanerin Shannon Lundgren.

Déi politesch Vertrieder déi sech hannert dësen Text gestallt hunn, wëllen erreechen, datt de ieweschte Geriichtshaff vun den USA saiséiert gëtt. Deen hat den Avortement 1973 an den USA legaliséiert, an den Debat ass bis haut „intensiv“ bliwwen an de Gruef tëscht de „Pro“ an de „Kontra“ war laang net méi esou déif wéi haut.

Esou gesinn dann och d‘Unhänger vu „Pro-Life“ am US-President e staarken Alliéierten. Den Donald Trump ass den éischte President, deen aus dem Wäissen Haus eraus, hire „Marsch fir d‘Liewen“ – deen all Joer am Januar zu Washington stattfënnt – ganz oppen ënnerstëtzt huet.

De Republikaner Steve King, begréisst en Text, deen de Wee kéint fräi maachen, fir e Recht op den Asproch géint e Schwangerschaftsofbroch op nationalem Niveau. „Mir hunn eng Pro-Life Representantekummer, en amerikanesche Pro-Life Senat, e Pro-Life President an en ieweschte Geriichtshaff, dee geschwënn e neie Verfassungsriichter kéint kréien“, esou säi Communiqué.

Ass et nach Politik oder scho reliéise Fanatismus?

D‘Géigner vum Schwangerschaftsofbroch hoffen dann och, datt et dem Donald Trump enges Daags geléngt, op mannst e wiedere konservative Riichter um ieweschte Geriichtshaff ze ernennen. Domatter kéint dat bestoend Gläichgewiicht bei der héchster gesetzlecher Instanz gekippt ginn, a de Wëlle vu Gott nees an Amerika duerchgesat ginn.

An den ieweschte Geriichtshaff hat dann och schonn 2016, de Recours vun den US-Staaten Norddakota an Arkansas refuséiert. Dat nodeems lokal Geriichter ähnlech Gesetzprojeten, déi sech beim Schwangerschaftsofbroch op d‘Häerzklappe beruff haten, annuléiert haten.

D‘ACLU, déi mächteg ONG fir d‘Verdeedegung vun den ziville Rechter, huet an engem Communiqué d‘Zoustëmmung vum Gesetzestext veruerteelt. D‘ACLU ass iwwerzeegt, datt mat dësem Gesetz „d‘Fraen am Iowa 50 Joer an der Zäit zeréckversat ginn“.

„Alles wat mir den Ament kënne soen, ass datt mir dëst Gesetz bei all Etapp vum Prozess bekämpft hunn, a bedaueren, datt et esouwäit konnt kommen“, esou d‘Veronica Fowler, d‘Spriecherin vun der ACLU am Bundesstaat Iowa. „Dëst Gesetz verstéisst ganz kloer géint d‘Verfassungsrecht a verhënnert d‘Recht op den Avortement fir d‘Majoritéit vun de Fraen“.

mat AFP

Ähnlech Sujeten ACLU, Avortement, Iowa, Kim Reynolds, Steve King, Veronica Fowler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel