Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?
International

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo!

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
International

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
International

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO

Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert déi rezent Exekutioun, vun 42 zum Doud veruerteelte Gefaangener am Irak, schockéiert gewisen. Hie fäert dann och datt et an de nächste Wochen zu weidere Massenexekutioune kéint kommen.

„Et mécht mech immens betraff vun der Exekutioun vun 42 Prisonéier an engem Dag ze héieren“, esou den Zeid Ra‘ad Al Hussein an engem Communiqué. „Entspriechend dem internationale Recht, kann d‘Doudesstrof nëmmen imposéiert ginn, wann eng ganz Rei Ufuerderunge respektéiert goufen“, esou den UN-Kommissär, dee bezweiwelt dat séchergestallt ginn ass, datt all d‘Prozeduren agehalen an d‘Garantie fir e gerechte Prozess och gi war.

Zweiwel déi sech doduerch rechtfäerdegen, well keng Informatioun zu de Persounen déi hei exekutéiert gi sinn virleien. Kee Numm, net wou se gewunnt hunn, wéini se veruerteelt gi sinn an och soss keng Detailer zu de Verbriechen an de Geriichtsverhandlungen. „Hei ass de Risk vun engem Justiziertum evident“, ënnersträicht de Zeid Ra‘ad Al Hussein. Hie weist och drop hin, datt d‘Doudesstrof nëmme fir ganz schwéier Verbrieche kann ausgeschwat ginn.

Op der Grondlag vum Antiterror-Gesetz

Um Méindeg hat den irakesche Justizministère d‘Exekutioun duerch de Strang vun 42 Persoune bekannt ginn. Si waren zum Doud veruerteelt gi wéinst „Entféierung“, „Mord“ an „hierstellen a benotze vu Sprengfalen“. Déi Condamnéiert sinn am Prisong vun Nassiriya am Aklang mam Antiterror-Gesetz opgehaange ginn, esou d‘Autoritéiten.

„Mir kënnen alleguerten domatter iwwereneestëmmen, datt d‘Membere vun terroristesche Banden déi schwéier Verbrieche begaangen hunn, musse veruerteelt ginn“, betount den UN-Kommissär. Mee seng Kritik baséiert virun allem, datt d‘Doudesstrof a ganz ville Fäll besonnesch „Large“ ausgeluecht gëtt, an esou och fir Doten ausgeluecht gëtt déi net als „schwéiert“ Verbrieche kënnen ugesi ginn.

Iwwer dausend waarden op de Gaalgen

„Ze erwaarde sinn nach eng ganz Rëtsch Exekutiounen“, esou den Zeid Ra‘ad Al Hussein. Ronn 1.200 vun de 6.000 Prisonéier déi zu Nassiriya agespaart sinn, goufen zum Doud veruerteelt. Dat sinn d‘Zuelen déi de Vereenten Natioune virleien, déi sech op Statistike vun den irakeschen Autoritéite berifft.

„Dat bedeit, datt an de nächste Woche Massenexekutioune stattfanne wäerten“ esou den UN-Kommissär deen e Moratoire zu der Doudesstrof am Irak fuerdert. Hie rifft och d‘Regierung op en Organ ze schafen, deen d‘Prozeduren am Zesummenhang mat der Doudesstrof iwwerwaacht. Dat Organ soll och Virschléi ausschaffe wéi een de Justizsystem ka reforméieren, fir sécher ze stellen, datt all Ugekloten e gerechte Prozess kritt.

mat AFP

Foto: Zum Doud Veruerteelter opzehänken, huet am Irak eng laang Traditioun. Schonn an de 1960er Joren (hei eng Exekutioun vum 27. Januar 1969 zu Bagdad) ass net laang gezéckt an de Gaalgen deemools nach ëffentlech opgestallt ginn. © AFP

Ähnlech Sujeten Doudesstrof, Gaalgen, Irak, Vereente Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel