Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest
Fail International Neiegkeeten

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest

Sollt ee vläicht dovunner ausgoen, datt de Viktor Orban iwwerzeegt

dislike
USA: Briteschen Hacker-Held hanner Gitter
Fail International Neiegkeeten

USA: Briteschen Hacker-Held hanner Gitter

De Marcus Hutchins, briteschen Expert a Cybercriminalitéit, ass an den

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
Fail International Neiegkeeten

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

dislike

Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun

Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun

Mat Täsche voller Geld oder wéinst zweiwelhafte Begnodegungen aus dem Prisong komm; esou hunn am Irak déi Korrupt nach vill schéiner Deeg virun sech. An obwuel d’Autoritéite schwieren de Kampf mat alle Mëttel opgeholl ze hunn.

Den Irak läit op Plaz 10 vun de korruptste Länner, an ofgesi vun den Ukënnegungen dréckt een deem aneren de schwaarze Péiter zou. Riichter, grouss a kleng Politiker, an och bei de Police ass et net wierklech besser. Och d’Lutte géint d’Ënnerschloe vu Fongen „ass nach am Stadium vun der Theorie“, lästert den irakesche Politolog Hicham al Hachémi.

An nach iert den Islamesche Staat (IS) ganz vernicht ginn ass, huet de Premierminister Haider al-Abadi déi nächst Schluecht ugekënnegt. Déi géint all déi korrupt Elementer a sengem Staat, deenen hien e „puer Iwwerraschungen“ versprach huet.

De Gedanke wier gutt, esou den Hachémi, deen awer iwwerzeegt ass datt „sech näischt wäert änneren esou laang wéi déi korrupt Persounen am Wirtschaftsberäich, der Arméi an der Sécherheet net belaangt ginn“.

Fir déi Deputéiert Majeda al-Tamimi wäert de Kampf géint d’Korruptioun keen einfache sinn. An alle Parteie gëtt et korrupt Elementer, a wat ee méi héich an der Hierarchie klëmmt, wat och d’Proportioune klammen.

Dräi mol de Budget

An den Zynismus kennt och keng Grenzen. Esou huet e Politiker rezent erkläert, datt „bis zu 60 Milliounen US-Dollar, een nach dovunner sollt ausgoen, datt de betraffenen éierlech ass. Et ass eréischt bei héijer Montante wou ee vu Korruptioun ka schwätzen“.

D’Regierung huet wuel d’Ënnerstëtzung vu westlechen Enquêteuren an och d’UNO-Missioun, déi op der Sich ass nom Geld vu Fongen déi sech einfach a Loft opgeléist hunn, mee kënnt net virun. „D’Korruptioun déi eng Kéier d’Gréisst vun enger Ameis hat huet sech zu engem Dinosaurier entwéckelt“ bedauert d’Majeda al Tamimi, am Bezuch op 2003, d’Joer vun der US-Invasioun.

Fir den Deputéierte Rahim al-Darraji, vun der parlamentarescher Kommissioun fir Transparenz „sinn zanter 2003, 6.000 Phantom-Verträg am ëffentleche Secteur ënnerschriwwe ginn“. Alles an allem hätten sech iwwer Schäin-Entreprisen „228 Milliarden US-Dollar a Loft opgeléist“. Dat entsprécht dräi mol dem Staatsbudget an iwwertrëfft och de BIP vum Irak.

Chantieren an aner Projeten déi „versprach“ waren, huet et nëmmen um Pabeier ginn. Dat erkläert och firwat et am Irak kaum Infrastrukture gëtt an och industriell oder landwirtschaftlech Projeten ni realiséiert gi sinn.

Dorausser ergëtt sech, datt den zweete Pëtrolsproduzent vun der OPEC säi Stroum an och Raffinéiert Pëtrolsproduite muss importéieren. Vun de Milliarden US-Dollar déi aus dem Verkaf vum Pëtrol erakommen, verléiert sech de Gros a pharaonesche Projeten, fir déi et beschtefalls e Plang gëtt.

Et kënnt och tatsächlech emol vir, datt eng Transaktioun reell stattfënnt. Allerdéngs leien dann déi effektiv Käschte wäit ënnert der agedroener Zomm, déi „iwwerwise“ gëtt.

Als Beispill nennt den Deputéierte Rahim al-Darraji de Fall vum Verdeedegungsministère ënnert dem Mandat vum Nouri al-Maliki. Hei waren 12 Fliger bei engem tschechesche Constructeur bestallt ginn. Präis: 155 Milliounen US-Dollar. No der Enquête ass erauskomm, datt den tatsächleche Präis bei 11 Millioune geleeën huet an de Rescht vum Goss fir Bestiechung a „Kaddoen“ drop gaangen ass.

En zolitte Geschäftsmann aus Bassora hat engem lokale Sender erkläert, datt de fréiere Gouverneur – deen ass aktuell op der Flucht – vum him eng „Kommissioun“ vu 15% op den integrale Montant vun engem Vertrag gefuerdert huet: „Hien huet wuertwiertlech gesot, ech huelen 10% a 5% si fir meng Partei“.

Wann et brenzeleg gëtt maachen se sech duerch d’Bascht

Wann ee berécksiichtegt, datt vill Verantwortlecher sech net musse rechtfäerdegen, esou hunn anerer – dorënner Minister – en Tipp kritt a konnten sech duerch d’Bascht maachen. Dat zumindest de Fazit aus engem Rapport vum ieweschte Riichter-Rot.

An den Zeitunge kann ee reegelméisseg verfollegen, wéi héich Responsabel sech an d’Ausland ofsetzen, wëll se beschëllegt gi Milliarden US-Dollar ënnerschloen ze hunn. „Vill Uerteeler ginn ni vollstreckt“, bedauert de Rot dee mam Fanger op d’Exekutive weist. Eng Exekutive, déi grad wéi d’Parlament ëmmer nees d’Onofhängegkeet vun der Justiz ënnersträicht.

De Comité géint d’Korruptioun – dee vum Premierminister gesteiert gëtt – fuerdert eng Verschäerfung vun de Gesetzer a wëll net méi, datt et fir Korruptioun eng Begnodegung ka ginn. Well och wann d’Gesetz ugewannt gëtt, esou geléngt et de Politiker ëmmer nees déi Beschëllegt aus der Schosslinn ze huelen.

Fir de Riichter Abdel Settar Bayraqdar huet „d’Parlament an engem Gesetz zur allgemenger Begnodegung och déi Fäll ageschloss, wou sech Leit wéinst Korruptioun musse rechtfäerdegen“. E Gesetz dat festleet, datt wann déi korrupt Persoun dat ënnerschloe Geld zréckginn, si nees Fräi gelooss gëtt. De Profit, dee mat dësem Geld erwirtschaft ginn ass, spillt do keng Roll.

„Wann also eng Persoun virun 10 Joer zwou Milliarden Dinar geklaut huet, aus deenen der dann 20 gi sinn, kann dës Persoun labber déi „geklauten Zomm“ zréckginn an aus dem Prisong kommen“ esou eng Source bei den Autoritéiten. „Et ass bal wéi e Prêt op enger Bank…“.

mam Ammar Karim/AFP

Foto: Säit Abrëll fuerderen d’Unhänger vum irakesche geeschtleche Moqtada Sadr an zivil Aktiviste Reformen a Mesurë géint d’Korruptioun. Manifestatiounen déi quasi all Woch stattfannen an och schon emol mat Gewalt opgeléist ginn. © Jean-Marc Mojon/AFP

Ähnlech Sujeten Irak, Korruptioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel