Search

You may also like

Sam Tanson iwwerhëlt kommissaresch de Justizministère
International Neiegkeeten

Sam Tanson iwwerhëlt kommissaresch de Justizministère

Et ass keng einfach Aufgab an och nach eng Erausfuerderung:

Eng dezentraliséiert Reprise
International Neiegkeeten

Eng dezentraliséiert Reprise

No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!
International Neiegkeeten

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!

Nodeems d’Sauer ëmmer erëm verknascht ginn ass, konnt een zwar

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn

No der quasi-Krichserklärung vum Trump, fuerdert d‘Parlament den Ofzuch vun allen auslänneschen Zaldoten

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn

An enger Sonnersëtzung huet dat irakescht Parlament eng onverbindlech Resolutioun gestëmmt, mat där den Ofzuch vun allen auslänneschen Zaldote gefuerdert gëtt. Och de Ministerpresident hat sech fir den Ofzuch ausgeschwat. Den Donald Trump huet doropshin der irakescher Regierung mat Sanktioune gedreet. Däitschland, Frankräich a Groussbritannien wëllen d‘Lag berouegen.

Nom Killer-Optrag géint den irakesche Generol an héichrangeg Vetrieder vun der Hezbollahmiliz, mat deem den Donald Trump e Krich beendegen an d‘US-Interessen an der Regioun verdeedege wollt, si weder déi irakesch Regierung nach d‘Deputéiert un enger weiderer Zesummenaarbecht mat den USA interesséiert. Si stinn an der éischter Rei a riskéieren hiert Liewe wa si d‘USA stëtzen.

IrakEsou huet dann och de Ministerpresident Adel Abdel Mahdi erkläert, datt en Truppenofzuch déi beschten Optioun an dëser Situatioun ass. Déi auslännesch Truppe sinn op der Plaz fir am Kader vun der US-geleeter Koalitioun géint den Islamesche Staat (IS) d‘Land virun Terror ze schützen, net d‘Land an en neie Krich ze féieren. Vill kurdesch a sunnitesch Deputéiert waren ewechbliwwen…

Mat der Resolutioun ass d‘Regierung eigentlech verflicht hir Demande fir militäresch Hëllef am Kampf géint den IS zréckzezéien. An der Resolutioun ass zudeem gefuerdert ginn, datt een den „Auslänner“ net méi erlaben dierf den irakesche Loftraum ze notzen. Dat dierft Washington eppes anescht bewäerten, well do ass een dovunner iwwerzeegt, datt d‘Iraker dat net ze entscheeden hunn.

Besatzung?

De Ministerpresident Adel Abdel Mahdi hat dem Parlament virun der Ofstëmmung proposéiert op ee vollstännegen Ofzuch vun den US-Zaldoten hinzewierken. Hei géif et, esou de Mahdi, zwou Méiglechkeeten: 1) déi auslännesch Presenz direkt beendegen; 2) en Zäitplang fir den Ofzuch vun den Truppe festzeleeën. Den Zäitplang ass keng gutt Optioun, well dann awer kee verschwënnt.

Fir de Mike Pompeo, deen dem „Chef“ seng Decisioun ze verdeedegen huet, wier den Zäitplang an d‘Begrënnung, déi zur Ermordung vum Quassem Soleimani a Membere vun der Hezbollahmiliz, eng richteg gutt Entscheedung gewiescht. Den US-Geheimdéngscht hat däitlech Erkenntnisser zu engem onmëttelbar bevirstoenden Ugrëff vum Soleimani gehat. Detailer nennt hien awer keng.

IrakHien huet wuel selwer näischt zur Resolutioun gesot, dofir awer wéi den US-President, den Iraner mat Militärasätz géint d‘Membere vun der Regierung gedreet. Déi virecht Regierungen hätten sech ëmmer nëmmen op déi schiitesch Milize konzentréiert, den Donald Trump awer géif sech elo den Hannermänner, also den Ajatollahen zu Teheran zouwennen, déi fir dat alles verantwortlech sinn.

„Den Iran kann net seng Stellvertrieder asetzen an da mengen et géif engem näischt geschéien (…) Mir wäerte géint déi tatsächlech Entscheedungsträger virgoen, déi fir d‘Bedreeung verantwortlech sinn“, esou de Mike Pompeo. Zur „Opfuerderung sech zréckzezéien“ huet sech den Ausseminister net geäussert. Hien ass sech awer bewosst, datt zur Stonn all Amerikaner am Irak eng Zilscheif ass.

Krichsdiplomatie

An den USA huet déi demokratesch Kandidatin Elizabeth Warren an engem Interview mat NBC gemengt, datt nom Dout vum Generol Amerika net méi sécher gi wier, mee elo un der Schwell zu engem krich stoe géif. Deen ass längst amgaangen, an soll elo méiglecherweis am Wahlkampf fir d‘Amt vum US-President, fir Stëmme suergen. Dat mécht däitlech datt et kengem ëm Fridde geet.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, deen de militäresche Schlag vun den USA am Irak fir eng gutt Iddi hält, trotzdeem Uerder ginn huet mat der Ausbildung vun den irakeschen Zaldoten opzehalen, huet eng Drénglechkeetssëtzung fir den haidege Méindeg aberuff. Déi däitsch Alliéiert hunn an der tëscht entscheet den Kontingentwiessel bei der CJTFOIR auszesetzen.

IrakVum Ausseminister Heiko Maas heescht et dozou, datt ee wuel grondsätzlech bereet wier den Irak och weider am Kampf géint den IS ze ënnerstëtzen, dat awer nëmme wann et och erwëscht ass an d‘Lag et erlaabt. Och Däitschland huet d‘Ausbildung vun den Zaldoten am Irak agestallt. Dat ass scho bal en Hiwäis drop, datt ee bereet wier, wann dat esou gewollt ass, d‘Wallissen ze paken.

Berlin huet allerdéngs Angscht, datt sollten déi auslännesch Truppe wéi gewënscht (dat wäert awer net fräiwëlleg geschéien) aus dem Irak ofzéien, et zu engem Muechtvakuum kënnt an den IS nees Iwwerhand kritt. Dat ass ee wéineg koherenten Zeenario, wëll déi vum Iran ënnerstëtze Milizen an d‘Kurde jo op der Plaz bleiwen. Dee Réckzuch vun den Däitsche géif awer Washington veriergeren.

Den US-President

Fir de Milliardär steet fest, datt wann den Irak vu sengem Recht gebrauch mécht d‘USA aus dem Irak ze geheien, d‘Regierung zu Bagdad sech op muss op zolidd Sanktiounen astellen. Den Iraner huet hie gedreet, sollt et zu Uschléi op US-Ariichtungen oder US-Zaldoten an/oder -Bierger kommen, hie senger Arméi den Uerder gëtt, sech den 52 ausgemaachten Ziler am Iran unzehuelen.

Dat heescht: sollt et zu engem, wéi et den Donald Trump genannt huet „feindséilege Rausschmëss“ kommen, géif Washington dem Irak Sanktiounen operleeën déi d‘Land esou nach ni gesinn hätt. Den Irak misst d‘Konditioune fir en US-Truppen Ofzuch erfëllen: dat heescht den USA déi Käschte rembourséieren déi ugefall sinn, fir eng amerikanesch Besatzung vum Irak méiglech ze maachen.

IrakEsou de Präis fir e modernen US-Loftwaffestëtzpunkt, dee Milliarde kascht huet an och net vun den Iraker genotzt gëtt. „Mir zéien net of, et sief si bezuele fir alles“, esou de Milliardär, deen nach, fir de Fall datt d‘Regierung net „kuscht“, mat Sanktioune gedreet huet: „Am Verglach dozou, wäerten d‘Iran-Sanktiounen eenegermoossen harmlos erschéngen“. Gutt datt hien alles verstanen huet…

Den Ament hunn d‘USA eng 5.000 Zaldoten am Irak stationéiert. Nach 13.000 Mann stinn am Kuwait bereet anzegräifen, an do sollen nach emol bis zu 3.500 Mann derbäi kommen. Och d‘Saudie kéinten sech op d‘Säit vun den USA schloen an am Irak „agräifen“ scho fir nees déi sunnitesch Kräften un d‘Muecht ze bréngen. Déi wieren och net géint eng Invasioun vum Iran.

mat indymedia/tlv/nyc/ber

Related topics Hezbollah, Irak, Iran, Krich, Quassem Soleimani, Schiiten, Terror, USA
Next post Previous post