Search

You may also like

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
International Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?

Zënter dem 1. Januar 2021 si Produzente vun Elektroproduiten a

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert
International Neiegkeeten

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert

Nodeems am Beetebuerger Gemengerot den 13. Juli den definitive Projet

Irak a Libyen erzwéngen EU-Ausseministersommet

Irak a Libyen erzwéngen EU-Ausseministersommet

Wéinst der ugespaanter Situatioun am Noen Osten an ass fir haut eng Sonnersëtzung vun den EU-Ausseminister aberuff ginn. Et ass net dat et hei géif zu wäitreechende Beschlëss kommen, wann et eng „gemeinsam“ Positioun, déi d‘Minister och op nationalem Niveau vertriede kënnen, sollt ginn, wier dat scho bal en Erfolleg.

Schold un dëser Hetz hunn déi jéngsten Entwécklungen an der Golfregioun wéi och an Nordafrika. Nodeems den US-President mat der Ermordung vun engem iranesche Generol d‘Ajatollahen zu Teheran mat Réck widder d‘Mauer gedréckt haten, war eng Eskalatioun déi logesch Folleg. An de Sträit ëm d‘Muecht a Libyen, huet sech elo den NATO-Partner Tierkei agemëscht.

IrakDen neien EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, de katalanesche Sozialist Josep Borell, deen d‘Frederica Mogherini ofgeléist huet, war dann och déi lescht Deeg gutt beschäftegt. Woubäi, wierklech méi wéi hëlleflos Appeller zur Retenue huet och hien net Opweises. Dat ass dem Fait geschëlt, datt et och „Europäer“ gëtt, déi nëmmen all ze gären zu de Waffe gräife wéilten.

Elo awer weider un der Spiral vun der Gewalt ze dréinen, kann nach net emol am wirtschaftlechen Interessi sinn. Zudeem sinn d‘Méiglechkeete vun der Unioun, an der Kriseregioun Afloss ze huelen zimlech geréng. Dem entgéint gesat: d‘Risike fir d‘Unioun sinn immens. En neie Golfkrich oder och nëmmen d‘Operstoe vum Islamesche Staat (IS), géif ënner Ëmstänn d‘EU splécken.

Nuklearofkommes mam Iran

Nodeems d‘USA sengerzäit eesäiteg den Atomvertrag mam Iran gekënnegt hat, hunn d‘Europäer villes ënnerholl dësen Accord iergendwéi ze retten. Woubäi déi europäesch Signataire vum Accord, ni déi versprache Wirtschaftsbezéiungen op d‘Bee gesat hunn, déi si Teheran eigentlech versprach haten. Si konnten d‘Verspriechen net halen, well d‘USA dat mat de Sanktioune verhënnert hunn.

An awer schéngt de Josep Borell den Atomvertrag och weiderhin als deen „Hiewel“ ze gesinn, mat deem ee Verhandlunge kéint ustoussen. Dat ass vill „Optimismus“ an ënnerschléit de Fait, datt de Vertrag hifälleg ass, Teheran sech net méi dru gebonne „fillt“ an et fir d‘Iraner net wierklech den Zäitpunkt ass, sech mat de Serviteure vu Washington ofzeginn. Verhandlunge brauche Vertrauen…

Dat et den Europäer net gelongen ass déi diplomatesch Kanäl mam Iran opzehalen, dat zumindest schéngen se elo zu Bréissel erkannt ze hunn. Datt den Iran mat der Trump-Administratioun – déi elo och wëll NATO, an iwwert dëse Wee d‘Europäer, an dëse Konflikt abannen – den Ament net wëll Verhandelen, huet de Josep Borell an der tëscht dann awer och verstanen, an hie sicht no Léisungen.

Russland a China gemässegt intresséiert

Op europäeschem Niveau wëll een déi diplomatesch Kanäl gemeinsam mat Russland a China oppen halen, woubäi d‘Zilsetzung, d‘Iraner iwwert dëse Wee net zum Anhale vum Atomvertrag ze beweegen, beschtefalls als „gutt gemengt“ ze qualifizéieren ass. D‘EU nämlech, huet den Iraner elo erkläert, datt een net géif toleréieren, wa si géife géint en Accord verstoussen, deen et net méi gëtt.

D‘Russen, déi EU-Sanktiounen operluecht kritt hunn an elo och dru gehënnert ginn eng Gaspipeline fäerdeg ze stellen (NordStream2) wäerten aus diplomatesche Grënn sécher den Androck maachen, sech ze involvéieren. En Interessi den Europäer d‘Kuelen aus dem Feier ze huelen, ka Moskau awer net hunn, zumindest net esoulaang d‘Amerikaner de politesche Kurs vun der Unioun bestëmmen.

China sengersäits huet eege Suerge mam Donald Trump a senger Administratioun an den Ament kaum e Grond sech dem iranesche Patient unzehuelen. Kloer huet och Peking keng Loscht op eng bewaffent Ausenanersetzung an der Regioun, well esou eppes och ëmmer dem Handel schued an den Iran ass nach ëmmer „ee gudde Client“. Mee fir de Recht hu si aner Chantieren um lafen.

An dann ass do och nach Libyen

An de Kontext vun der amerikanescher Fuerderung, d‘NATO misst sech méi am Noen Osten „asetzen“ – also déi amerikanesch Krichsverbriechen a Verstéiss géint Vëlkerrecht ënnerstëtzen – invitéiert sech dann och de Konflikt a Libyen. Hei huet sech de Fayez al-Sarraj déi militäresch Hëllef vum NATO-Partner Tierkei am Kampf géint de Generol Chalifa Haftar geséchert.

Mam NATO-Partner gëtt et zudeem och Sträit, wéinst den tierkeschen Uspréch op d‘Gas-Reserven am Mëttelmier. Italien a Frankräich ënnerstëtzen awer och de Regime vun Tripolis a gläichzäiteg, stäipen si de Projet „EastMed“ Gaspipeline, vun deem Ankara faktesch ausgeschloss ass. Berlin wëll vermëttelen, woubäi déi eigentlech Géigner „al-Sarraj/Haftar“ net méi eleng de Problem sinn.

Dat huet mat den ongezielten Acteuren ze dinn, déi sech an dëse Konflikt agelueden hunn. Sech hei op de „Berliner Prozess“ ze beruffen, wéi et den däitschen Ausseminister Heiko Maas versicht, hätt wann iwwerhaapt, nëmmen dann eng Chance op Erfolleg, wa sech all déi auslännesch „Kämpfer“ géifen aus dem Land zréckzéien. Esou wéi déi auslännesch Zaldoten och den Irak verloosse sollten.

mat indymedia/bru/tlv

Foto: E Mëttwoch hu sech den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell, den EU-Rotspresident Charles Michel an den däitschen Ausseminister Heiko Maas mam soi-disant President vu Libyen Fayez al-Sarraj a sengem Ausseminister Mohamed Taha Siala zu Bréissel getraff, wou festgestallt gouf, datt et séier eng Wafferou brauch an et ënnert der Leedung vun der UNO soll zu „politesche“ Verhandlunge kommen. © EEAS

Related topics EU- Ausseminister, Irak, Iran, Libyen, Sommet, USA
Next post Previous post