Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)
International Neiegkeeten

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)

Nodeems déi nei liberal ausgeriicht Partei mam Numm Fräi Allianz

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde
International Neiegkeeten

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte

surprise
Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
International Neiegkeeten

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Ugrëff op eng US-Basis am Irak sinn dräi Mënsche gestuerwen. Beim Géigeschlag sinn eppes méi spéit 18 irakesch Kämpfer ‚neutraliséiert‘ ginn. Zu den Hannergrënn ass näischt gewosst.

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Rakéitenugrëff op d‘US-Basis zu Tadschi (onwäit vu Bagdad) sinn dräi Persounen: een US-Zaldot, ee briteschen Zaldot an en US-Bierger dee fir eng Privat Partnerfirma vun der US-Arméi geschafft huet, ëmkomm. Am offiziellen Arméi-Jargon heescht et: „Et war de bluddegsten Ugrëff op eng US-Basis am Irak zanter Joren“. Am Dezember war en Zivilist zu Kirkuk ëmkomm.

Laut dem offizielle Statement vun US-geleeter Militärkoalitioun, gouf d‘US-Basis vun 18 Rakéite getraff. Ausser den dräi Affer, wieren nach 12 Persoune verletzt ginn. Fir d‘Attack huet bis ewell keen d‘Verantwortung iwwerholl. D‘Amerikaner ginn awer dovunner aus, datt d‘Attack vun de pro-iraneschen Hezbollahmilizen ausgaangen ass. Déi sinn den Ament net gutt op d‘USA ze spriechen.

US-BasisKuerz no dëser Attack, esou beriichten Aktivisten op der Plaz, sollen dräi Kampffliger vun der Koalitioun, Stellunge vun der irakescher Hasched al-Schaabi Miliz am syresche Grenzgebitt ugegraff hunn. Hei wieren op mannst 18 Kämpfer ëm Liewe komm, esou de Statement vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR). Bestätege léisst sech dës Ausso leider net.

Och hu weder d‘USA nach den Etat-Major vun der Koalitioun sech zum maassgeeblechen Ugrëff op d‘Hasched al-Schaabi Miliz geäussert. E Vergeltungsschlag fir de Beschoss vun der Basis zu Tadschi läit awer duerchaus am Ermiessungsspillraum vun der Militärkoalitioun. Zudeem ass et den Ament eppes komplizéiert, tëscht den USA, der Militärkoalitioun an der irakescher Regierung.

US-BasisD‘Lag am Irak hat sech zum Joreswiessel dramatesch verschlechtert. No engem Rakéitebeschoss mat engem doudegen US-Bierger, haten d‘USA ee Vergeltungsschlag géint pro-iranesch Milize duerchgefouert. Dobäi ware mindestens 25 Kämpfer ëmkomm. Ufank Januar huet d‘US-Arméi da mat enger geziilter Dronenattack den iranesche Generol Quassem Soleimani ëmbruecht.

Eng Aktioun déi derzou gefouert huet, datt déi irakesch Regierung d‘USA opgefuerdert huet seng Zaldoten aus dem Land ofzezéien. Eng Fuerderung déi vu Washington „ignoréiert“ gëtt. Den Donald Trump huet den Iraker am Fall vun engem „Rausworf“ mat „schlëmmere Sanktioune wéi se den Iran jeemools erlieft huet“ gedreet. Am Irak sinn aktuell ronn 5.200 US-Zaldote stationéiert.

mat indymedia/tlv

Foto: Op der US-Basis vun Tadschi si bei engem Rakéitebeschoss dräi Mënsche gestuerwen. © US-Army (handout)

Ähnlech Sujeten Hasched al-Schaabi Miliz, Hezbollah, Irak, Iran, Quassem Soleimani, Tdaschi, US-Basis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel