Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Budget 2018 an 9 Tweets
International https://moien.lu/dating-a-russian-american/

https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
International https://moien.lu/dating-a-russian-american/

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
International https://moien.lu/dating-a-russian-american/

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar

Bagdad zelebréiert d‘Befreiung vun Tal-Afar, eng vun de leschte vum Islamesche Staat (IS) besate Stied am Irak. Ënnerstëtzt vun der internationaler Koalitioun, huet déi irakesch Arméi sech eng vun de Schlësselpositiounen zréck geholl.

Um Donneschdeg, no zwielef Deeg an deels schwéiere Kampfhandlungen, konnt den irakesche Premierminister Haider al-Abadi senge Landsleit d‘Befreiung vun Tal-Afar an der ganzer nërdlecher Provënz vun Ninive verkënnegen. Eng wichteg Victoire géint de „Kalifat“ deen derbäi ass säin Afloss ze verléieren.

Mam Verloscht vun Tal-Afar, hält den IS – deen 2014 ëmmerhin en Drëttel vum Irak eruewert hat – nach just eng Stad nërdlech vu Bagdad an e puer Dierfer an der Wüst, am Grenzgebitt vu Syrien. Laut der Koalitioun kann den IS nach beschtefalls 10% vum Territoire fir sech beusprochen.

Et war versprach ginn, datt dës Victoire nach virum Fest vum Aïd al-Adha géif kommen. Datt d‘Regierung dëst Versprieche konnt anhale stäerkt hir Positioun an der Bevëlkerung. D‘Feierlechkeete vun dësem wichtegste Fest fir den Islam, fänken haut fir d‘Sunnitten an e Samschdeg fir d‘Schiiten un.

Strategesch gutt opgestallt

Datt et, ugesicht de néng laangen a mäerderesche Méint vum Kampf ëm Mossul, hei verhältnesméisseg schnell gaangen ass, wier „e gutt Zeechen“ esou de Generol Andrew A. Croft. „Et ass e Resultat dat beweist, datt déi irakesch Arméi am Stand ass sech dem IS ze stellen, an datt d‘Strategie vun der Koalitioun opgaangen ass“.

Tal-Afar läit tëscht Mossul – der zweet gréisster irakescher Stad – an der Grenz mat Syrien. Déi Stad erëm ze hunn „zitt e Schlussstréch ënnert déi militäresch Presenz vum IS am Nord-Irak“ sot de britesche Generol Rupert Jones nach d‘läscht Woch.

Mat der Kontroll iwwert d‘Provënz Ninive, sollt et der Koalitioun méiglech sinn, den Drock op den IS a Syrien ze erhéijen. Mam anhuele vu Mossul, war et der Koalitioun méiglech seng Loftwaff nei opzestellen. Zënterhier sinn eng ronn 270 Ugrëff op a ronderëm Raqqa – d‘Haaptstad vum IS-Kalifat – geflu ginn.

Demoraliséiert Dschihadisten

Mossul ze verléieren, d’Symbol vum Kalifat, war e schwéiere Schlag fir den Islamesche Staat. Eng moralesch Néierlag, déi sech och op d‘Verdeedegung vun Tal-Afar ausgewierkt huet. Den Erkenntnesser no, huet den IS wuel versicht Tal-Afar ze halen, mee seng Combattanten hate weder d‘Kraaft nach d‘Moral fir dee Kampf duerchzestoen.

No der Eruewerung vun Tal-Afar, déi virum Amarsch vum IS 2014 gutt 200.000 Awunner gezielt huet, waren déi irakesch Buedemtruppe bei al-Ayadieh op erhéichte Widderstand getraff. An dëser Lokalitéit, 15 Kilometer nërdlech, haten sech déi läscht Dschihadiste verschanzt. Déi ware beim Start vun der Schluecht den 20. August nach tëscht 1.000 an 1.400 Mann, esou de Generol Croft.

„Déi irakesch Arméi huet tëscht 600 a 700 Combattante vum IS erleedegt“, sot de Generol der AFP an „eng honnert hätten sech erginn“.

Geféierlech Opraumaarbechten

Wann d‘Koalitioun och d‘Victoire begréisst, esou muss awer gewosst sinn, datt et nach geféierlech a riskant Opraumaarbechten ustinn. D‘Entschäerfe vun de sëlleche Sprengmëttel kann nach Wochen daueren. Zudeem mussen déi geflücht Dschihadisten identifizéiert, an déi läscht Combattanten ausser Gefecht gesat ginn.

De britesche Verdeedegungsminister Michael Fallon huet um Donneschdeg ugekënnegt, datt Groussbritannien nach e Kontingent Zaldote géif an den Irak schécken. Eng Moossnam am Kader vun der internationaler Koalitioun. „Dës zousätzlech Truppen ënnerstëtzen d‘Operatiounen, déi eis dem Néiergang vum IS méi no bréngen“, esou de Fallon

No Tal-Afar gëtt et nach verschidde gutt verschanzt Eenheete vum IS. Sech deenen ze entleedegen dierft nach komplizéiert sinn. Esou Hawija, 300 Kilometer nërdlech vu Bagdad, dat vum IS gehale gëtt. Hei besteet de Problem ënnert anerem doranner, datt déi Stad an der Provënz Kirkouk läit. Eng Provënz déi esouwuel vun der irakescher Regierung, wéi awer och vun de Kurde beusprocht gëtt.

Hawija als Prioritéit

„D‘Eruewerungsschluecht ass verluecht ginn“, esou de Generol Halgurt Hikmat, Spriecher vun de Peshmerga, déi kurdesch Combattanten déi un der Schluecht ëm Mossul deelgeholl hunn. Fir hie muss Hawija elo Virrang kréien. Allerdéngs steet zu Bagdad de Referendum um Kalenner. Um 25. September soll iwwert d‘kurdesch Onofhängegkeet entscheet ginn. Eng Entscheedung déi och en Afloss op d‘Operatioun ëm Hawija.

Den IS hält dann och nach al-Quaïm, Rawa an Anna, dräi Grenzdierfer mat Syrien, an der Gitt. Déi an enger Kéier anzehuelen ass net wierklech méiglech. Oppent Gelänn, no un de Provënzen vun Deir Ezzor a Raqqa, steet déi irakesch Arméi an d‘Koalitioun hei virun vill schwéier Entscheedungen.

A Syrien selwer, steet den IS awer och ënner ferme Beschoss vun arabeschen an kurdeschen Truppen. Ënnerstëtzt vun der Koalitioun zu Raqqa, drécken si den IS ëmmer déif eran an d‘Wüst. Den IS dee mëttlerweil dausende vu senge Leit verluer huet, schéngt och keng nei Leit aus dem Ausland erbäi ze kréien.

mam Ammar Karim/AFP

Foto: (© Ahmad al-Rubaye/AFP)

Ähnlech Sujeten Dschihad, Irak, islamesche Staat, Koalitioun, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel