ArcelorMittal Diddeleng: Den OGBL fuerdert e Gespréich mam Aarbechtsminister
An enger Pressematdeelung déi den OGBL e Méindeg erausginn huet,
An enger Pressematdeelung déi den OGBL e Méindeg erausginn huet,
E Freideg huet sech, ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier
Fir vill Schüler ass et eng deeglech Realitéit: Si gi
De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei setzt sech resolut an, fir datt säi Land Relatioune mat der Welt huet. Esou verkënnt et seng Internetsäit um Méindeg, während Washington domatter dreet, d‘Nuklearofkommes mam Iran ze zerrappen.
Den Ajatollah Ali Khamenei beschëllegt den US-Finanzministère „e Krichskabinet ze sinn, dee sech géint de System vun islamescher Republik verschwuer huet“. Hie betount, datt „d‘Welt sech net nëmmen aus den USA an e puer EU-Länner zesummesetzt“, esou khamenei.ir wou sech op eng Ried vum reliéise Leader beruff gëtt, déi e Méindeg zu Teheran gehale ginn ass.
„Ech gleewen net datt een d‘Verbindung zur Welt muss ofräisse loossen, mee sech der Welt dobaussen ausliwweren, dat wier e grousse Feeler“, esou den Ali Khamenei.
„Mir musse resolut op eng Relatioun mat der Welt setzen, déi klug a beduecht ass. Mee mir mussen och wëssen, datt sech d‘Welt net op d‘USA an e puer EU-Länner beschränkt. D‘Welt ass grouss a mir musse mat ville Länner Relatiounen ënnerhalen.“
Op der Internetsäit ass dann och nozeliesen, datt den Ali Khamenei, bei senger Ried zu Washington, d‘USA beschëllegt „elo den Akzent op e wirtschaftlechen a kulturelle Krich“ ze leeën.
D‘Ausso vum Ali Khamenei steet am Zesummenhang mat der Entscheedung déi den Donald Trump dësen 12. Mee huele wäert. Hält hien um Enn awer um bestoenden Accord fest, oder zerrappt hien dësen, esou wéi hien et senge Wieler versprach huet?
Mam Nuklearofkommes war dem Iran zougeséchert ginn, datt zäitweileg Sanktiounen opgehuewe ginn, déi besonnesch op de Wirtschaft- a Finanzsystem vun der islamescher Republik gelaascht hunn. Iran hat sech am Géigenzuch verflicht, säin Nuklearprogramm ze begrenzen, a kee Versuch ze ënnerhuelen, sech mat enger Atomwaff auszestafféieren.
Den US-President hält wéineg vun dësem Accord, deen hie widderhuelt als „lächerlech“ bezeechent huet. D‘EU a Russland wëllen awer um bestoenden Accord festhalen, Frankräich gesäit awer d‘Noutwennegkeet, dësen ze reforméieren, woubäi bis zu neie Verhandlungen, den aktuellen Text soll gülteg bleiwen.
Vun der internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA) gëtt dann och bestätegt, datt sech den Iran un d‘Ofkommes hält. Den Iran beschwéiert sech dann och regelméisseg, datt déi westlech Muechten sech net un hir Engagementer halen, an de positiven Impakt op déi iranesch Wirtschaft op sech waarde léisst.
mat AFP
Foto: De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei, beim Meeting zum internationalen Dag vun der Aarbecht zu Teheran. Hie setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an, déi net nëmmen aus den USA an e puer EU-Länner besteet. © AFP (handout)