Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!
Kultur Neiegkeeten my freshman daughter is dating a senior

hook up boss

De Grimme-Präis zielt zu de renomméiertsten Auszeechnunge fir Fernsehsendungen an

hook up bars san diego
Kultur Neiegkeeten my freshman daughter is dating a senior

De Budget fir 2020 steet

Gëschter hu se an der Chamber erwaardungsgeméiss de Budget 2020

D’Sechswochemass fir de verstuerwene Groussherzog
Kultur Neiegkeeten my freshman daughter is dating a senior

D’Sechswochemass fir de verstuerwene Groussherzog

Wéi de groussherzoglechen Haff elo matgedeelt huet wäert d’Sechswochemass zu

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Zumba wier "Däiwelswierk"

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an zwou Frae verhaft ginn. Si haten d‘Promotioun vu westlechen Dänz gemaach a notamment aneren d‘Zumba bäibruecht. Dat huet ee vun de lokale Revolutiounswiechter vun der Zeitung bestätegt.

„De Reseau deen déi westlech Dänz enseignéiert a gefilmt huet konnt identifizéiert an seng Membere festgeholl ginn“ sot den Hamid Damghani, lokale Kommandant vun de Revolutiounswiechter, d‘Elite vum iranesche Regime. „De Groupe huet Jongen a Meedercher ugelackelt, fir hinne westlech Dänz bäizebréngen an huet si dobäi gefilmt (…) Filmer déi uschléissend op sozialen Netzwierker wéi Telegramm oder Instagram gedeelt gi sinn.“

Westlech Dänz verbueden

Wéi den Hamid Damghani weider erkläert huet, sinn déi betraffe Persounen a Flagranti erwëscht ginn. Si ginn elo beschëllegt d‘Liewensweis vun deene jonke Leit wëllen ze änneren. Hinne gëtt dann och virgeworf, datt si de Meedercher noleeën, d’Droe vum Voile sinn ze loossen.

D‘Frae vum Grupp ginn iwwerdeems och nach beschëllegt, an der Ëffentlechkeet ouni Voile gedanzt ze hunn. Droe vum Voile ass awer zanter der islamescher Revolutioun am Iran (1979) Gesetz. Zudeem ass et och verbuede westlech Dänz am Iran ze enseignéieren. E Verbuet, dat awer wéineg respektéiert gëtt.

Danzcourse sinn domadder logescherweis och an de Sportinfrastrukture verbueden. D‘Zumba, eng Mëschung tëscht Aerobic an Danz (danse Latine), gëtt awer grad an esou Etablissementer gären enseignéiert. Fir den islamesche Regimm en Däiwelswierk. D‘Strofe sinn dann och entspriechend héich.

2014 sinn ee puer jonk Leit, déi an de sozialen Netzwierker e Video vun hirem Danz op d‘Musek „Happy“ vum Pharell Williams eropgelueden haten, och festgeholl ginn. Si sinn viru Geriicht gestallt a veruerteelt ginn. D‘Strof war Prisong mat Sursis an eng gelleg Unzuel vu Schléi mat der Baatsch. D‘Schléi hu se zum Gléck net kritt.

Foto: Eigentlech méi Sport wéi Danz: Zumba. Et geet dem islamesch-revolutionäre Regime awer wuel éischter ëm de Fait, datt dësen Danz-Sport westlecher Natur ass. A wann se haart duerchgräifen, da mengen se dat batter eescht

Ähnlech Sujeten Danz, Iran, Konscht, Kultur, Sport, Zumba
Nächsten Artikel Virrechten Artikel