Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger
International Stories

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger

Vum 26. Oktober bis de 25. November ginn d’Lëtzebuerger invitéiert

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut
International Stories

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Am Kontext vun der Bloalge-Pescht um Stauséi an zu Wäisswampech,

cryingsurprise
Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech
International Stories

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Beim Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL zerbrécht ee sech

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht komm ass, steet seng Politik an der Kritik an hien huet ëmmer manner Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung. Hien hat op d‘Nuklearofkommes gesat fir säi Land an eng besser Zukunft ze féieren, an dee gëtt a Fro gestallt.

De Joresdag vu senger Mandatsaféierung, leschte Freideg, ass net wéi gewinnt gefeiert ginn. Den Iran ass duerch eng Finanzkris fragiliséiert, a besuergt iwwert d‘Folge vun den d‘US-Sanktiounen, déi en Dënschdeg a Kraaft trieden. Den Hassan Rohani war mat enger moderater Politik ugetruede fir nees ze d‘Vollek vereenen, an d‘Wirtschaft nees unzekuerbelen.

Mee de „Réckzuch“ vun den USA aus dem Nuklearofkommes – d‘Häerzstéck vum President senger Strategie – huet dem Hassan Rohani e Stréch duerch d‘Rechnung gemaach. „De Problem mam Rohani ass, datt hie keng Plang „B“ hat. Auslännesch Investisseuren unzezéien, dat war de Plang. Elo steet hie mat eidelen Hänn do“, esou e Journalist vum iranesche Staatsfernseh géintiwwer AFP.

Woubäi scho virun der Entscheedung vun den USA, d‘Nuklearofkommes ze kënnegen, den Hassan Rohani d‘Iraner enttäuscht hat. Hien hat sech als Zil gesat, am éischte Joer vun der Ëmsetzung vum Ofkommes, auslännesch Investitiounen an Héicht vu 50 Milliarden US-Dollar ze generéieren. Laut der Weltbank sinn awer nëmmen 3,4 Milliarden US-Dollar am Iran investéiert ginn.

Vill auslännesch Entreprisen a Banke schéngen den Amerikaner net getraut ze hunn, an hunn sech viru méigleche Sanktiounen an uecht geholl. Zudeem sinn nëmme wéineg Moossname géint d‘Korruptioun, de Chômage – dee bei de jonken Iraner besonnesch héich ass – an déi exorbitant Schold, ergraff ginn. An déi wou komm sinn, musse wéinst de Sanktiounen elo nees goen…

Villes versprach, wéineg gehalen

Laut dem „Rohani Barometer“, en Indicateur deen déi amerikanesch Entreprise ASL19 „erfonnt“ huet, hätt den iranesche President bis ewell nëmmen 20 vun 100 Wahlverspriechen ëmgesat. 17 Sinn nach am Begrëff realiséiert ze ginn. Dem Rohani ass et gelongen d‘Inflatioun ze reduzéieren an ee besseren Internet-Reseau opzebauen, mee dat geet net duer…

Dat iranescht Parlament huet de President convoquéiert, fir an de nächste Wochen den Deputéierten ze erklären, wéi hie gedenkt d‘Wirtschaft ze „retten“. De fréiere Chef vun der Handelskummer zu Teheran, Mohammad Reza Behzadian: „Hien huet Frënn an der Regierung, mee soss néierens“. Fir d‘Progressisten ass et de Bilan bei de Biergerrechter, déi de Rohani disqualifizéieren.

Well et dem Hassan Rohani net gelongen ass, déi politesch Prisonéier ze befreien, hien och net konnt verhënneren datt d‘Messagerie „Telegram“ – déi am Iran ganz populär ass – blockéiert ginn ass, huet hien d‘Ënnerstëtzung vun der Jugend verluer. Grouss Verspriechen déi den iranesche President am Wahlkampf gemaach huet, awer net hale konnt.

„All President mécht déi selwecht Versprieche vir Hoffnunge bei de Leit ze erwächen. Mee eng Kéier gewielt, maachen si näischt méi. Wann d‘Wahlen nach emol géifen ofgehale ginn, ech géif dem Rohani meng Stëmm net méi ginn. Ech géif iwwerhaapt kengem méi, meng Stëmm ginn“, esou den Arash (21), e Fotograf vun Teheran, deen d‘Gefiller vun der iranescher Jugend resuméiert.

Wien net kämpft huet scho verluer

E westlechen Diplomat dee net wëll genannt gi stellt fest: „De Rohani huet sech entscheet net ze kämpfen (…) hien hätt seng Presidence kënnen notzen, fir eng „Kausa Telegram“ ze verdeedegen, mee hien huet et net gemaach. Hien hätt sech och bei der Verhaftung vun ekologesche Militante misse méi decidéiert asetzen, an huet och dat net gemaach“.

An den Diplomat weider: „Datt steet ganz am Géigesaz zu der Ära Khatami, e President dee bereet war sech ze engagéieren, och verbonne mam Risiko sech d‘Fanger ze verbrennen“. Wann een dann de Constat mécht, datt den Hassan Rohani nëmme wéineg Ënnerstëtzung am Land huet, esou ass net dovunner auszegoen, datt hie kuerzfristeg ersat ka ginn. E fäegen „Ersatz“ ass net a Siicht.

Dat muss een am Zesummenhang mat de ville Fundamentaliste gesinn, déi sech dem Hassan Rohani ugeschloss hunn, fir allgemeng Onrouen am Iran ze verhënneren. Si beschëllegen zwar de President, déi Aarm ze vernoléissegen a sech dem Westen an d‘Äerm ze geheien, mee déi national Interessen an d‘Iwwerliewe vun der Natioun weie méi schwéier…

Wéi de President déi nächst dräi Joer wëll iwwerstoen ass net gewosst, mee et gëtt Usätz: Hie wäert wahrscheinlech seng Aussepolitik „ajustéieren“. Den Hassan Rohani kann eng „frëndlech“ Politik géintiwwer den USA net méi verdeedegen, muss awer gläichzäiteg op eng gutt Relatioun mat der EU setzen, wann hien dat wat vum Nuklearofkommes iwwreg bliwwen ass, erhale wëll.

E Réckbléck op d‘Mandat vum Hassan Rohani

Fir déi politesch a wirtschaftlech Entwécklung ënnert der Presidence vum Hassan Rohani besser ze verstoen, muss ee sech déi wichteg Datumer vu sengem Mandat ukucken. Den 3. August 2013, gëtt den Hassan Rohani, ee reliéis moderate Politiker, zum President vun der islamescher Republik ernannt. Hie versprécht alles ze maachen, fir déi ongerecht Sanktioune vum Westen opzehiewen.

Den Hassan Rohani war am Juni 2013 mat 51% vun de Suffragen an der éischter Ronn gewielt ginn, an iwwerhëlt d‘Presidence vum ultra-konservative Mahmoud Ahmadinejad. De 4. August leet hie säin Eed of, an léisst de „Westen“ wëssen, datt déi eenzeg Aart a Weis mam Iran ze schwätzen, en „Dialog op Aenhéicht“ ass. Den 12. August versprécht hien d‘Wirtschaftskris ze bekämpfen.

En éischten Héichpunkt huet et schonn den 24. September 2013 ginn, wéi de franséische President François Hollande an den Hassan Rohani sech d‘Hand ginn hunn. Am Uschloss gouf sech um Sëtz vun der UNO, iwwert den iraneschen Atomprogramm ënnerhalen. Dräi Deeg drop, huet sech den iranesche President mam US-President Barack Obama um Telefon ënnerhalen.

De 14. Juli 2015 kënnt et zum Accord mat de Groussmuechten (USA, Russland, China, Frankräich, Groussbritannien an Däitschland). Mam Nuklearofkommes ginn 13 Joer „Gestreits“ op en Enn. Déi zivil Notzung vun der Atomkraaft gëtt net a Fro gestallt, an dem Iran gëtt versprach, bannent zéng Joer d‘Sanktioune progressiv opzehiewen. Den Accord trëtt de 16. Januar 2016 a Kraaft.

Eng onglécklech Allianz?

De 16. September 2015 huet de syresche President, Baschar al-Assad, bekannt ginn, datt den Iran säi Regimm militäresch a wirtschaftlech ënnerstëtzt. Gestäerkt duerch d‘Nuklearofkommes, wat et dem Iran erlaabt nees op der internationaler politescher Bühn opzetrieden, stellt sech déi islamesch Republik ass „Verhandlungspartner“ am syresche Konflikt op.

Ufank Januar 2016, brieche Saudiarabien a seng Alliéiert all diplomatesch Bezéiunge mat Teheran of. Eng Kris, déi duerch d‘Exekutioun vun engem schiitesche Würdenträger am Iran ausgeléist ginn ass. Saudiarabien beschëllegt den Iran sech an intern Ugeleeënheete vun den arabesche Länner anzemëschen, an regional Konflikter unzeheizen.

De 19. Mee 2017 gëtt den Hassan Rohani – op e neits am éischten Tour – mat 57% vun de Suffrage gewielt. Dat mat grousser Ënnerstëtzung vun de Reformisten an engem groussen Deel vun der Jugend. Eng Jugend déi dem President séier de Virworf mécht, seng Verspriechen net anzehalen. Den 28. Dezember 2017, gëtt am Iran géint d‘Inflatioun, de Chômage an d‘Regierung manifestéiert.

Den 8. Mee 2018, kënnegt den Donald Trump d‘Nuklearofkommes a féiert nees d‘Sanktioune géint Teheran an. Vun de Sanktioune sinn och all d‘Entreprise betraff, déi Bezéiunge mat der islamescher Republik ënnerhalen. Den 22. Juli warnt Teheran, datt e Konflikt mam Iran, d‘Mamm vun alle Kricher géif ginn. D‘USA warne viru Menacen, där hir Konsequenzen den Iran net bemoosse kann.

mam Eric Randolph/AFP

Foto: Huet am Ament net einfach, de President vun der islamescher Republik Iran, Hassan Rohani. En Dënschdeg trieden d‘US-Sanktiounen a Kraaft, déi wirtschaftlech Kris ass net iwwerwonnen, an dem President ginn d‘Ënnerstëtzer aus. Him gëtt haaptsächlech Virgeworf, seng Verspriechen net gehalen ze hunn. © Alex Halada/AFP

Ähnlech Sujeten Hassan Rohani, Iran, Nuklearofkommes, Sanktiounen, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel