Bob Reuter neie President vun AHA Lëtzebuerg
A Präsenz vum Taina Bofferding, Inneministerin a Ministerin fir d’Gläichstellung vu
A Präsenz vum Taina Bofferding, Inneministerin a Ministerin fir d’Gläichstellung vu
Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi
Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz
Als Reaktioun heirop hunn dausenden Unhänger vun dëser Miliz d’US-Botschaf zu Bagdad ëmzéngelt. Doropshi verleeën d’USA 3.500 zousätzlech Truppen an d’Regioun, wärend den Donald Trump zu Bagdad per Dron den Kapphär vun der schiitescher Miliz, sou wéi de Generol, den zweetmächtegste Mann vum Iran dout mécht. Den amerikanesche President huet mat dëse vun him ugeuerdenten Uschlag wahrscheinlech eng Staang Dynamit an ee Polverfaass gehäit.
Opgrond vun den zur Zäit virleienden Informatiounen dierft et vëlkerrechtlech kloer sinn, datt d’Ëmbrénge vum iranesche Generol nom Standard vum ius ad bellum (Recht zum Krich), vëlkerrechtswiddreg gewiescht ass, dëst onofhängeg vum Wierke vum Generol vun der iranescher Quds-Elite-Eenheet. Vëlkerrechtswiddreg an inakzeptabel waren och seng konfus Aussoen, datt d’USA bereet wieren eng Attack géint déi iranesch Kulturstätte ze féieren.
D’Fro ass méi, wéi berechtegt a wéi fern d’Entscheedung vum Trump iwwerhaapt vu vëlkerrechtlechen Erwägungen beaflosst ginn. Déi ofgestuuft militäresch Vergeltungsreaktioun vum iranesche Regimm mat Rakéitenugrëff op zwou US-Militärbasen am Irak loossen net op sech waarden.
No der Erklärung vum US-President op dës Vergeltungsreaktioun wäert et wuel säitens der USA direkt keng weider Eskalatioun ginn. Fest steet awer, datt keen eenzege politesche Problem an der Kriseregioun geléist ass. De Sprengstoff besteet weiderhin. D’Stang Dynamik am Polverfaass huet sech net verflüchtegt.
Mir sinn der Usiicht, dass:
Matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg – aus dem Däitschen iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu