Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen
International Neiegkeeten what do i need to start a dating website

european hookup

Hie war de Wyatt am Film „Easy Rider“ an ee

Fest vun der Natur – eng nei Traditioun
International Neiegkeeten what do i need to start a dating website

Fest vun der Natur – eng nei Traditioun

Dat vun „natur & ëmwelt“ organiséiert Fest vun der Natur

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock
International Neiegkeeten what do i need to start a dating website

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Wann sech d’Presidente vu Russland an den USA haut zu

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Nach ginn d‘Damme vun den Häre mat engem Zonk getrennt, mee awer ass et e Fortschrëtt

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Bal 40 Joer laang war et am Iran de Fraen net erlaabt an e Stadion ze goen, gëschter waren si tëscht 3.500 a 4.000, déi sech am Asadi-Stadion d‘WM-Qualifikatiounsspill „Iran-Kambodscha“ konnten ukucken. Den Iran huet dës Renconter 14-0 zimlech däitlech gewonnen. Fir d‘Frae waren extra 4 Tribünen am Stadion opgeriicht an d‘Damme si mat engem Zonk vun de Männer getrennt ginn.

Wien elo allerdéngs unhëlt, datt d‘Ajatollahen elo de „Feminismus“ entdeckt hunn, dee muss een op dëser Plaz enttäuschen. Wuel ginn d‘Fraen am Iran „respektéiert“ mee eng Gläichstellung a Rechter hunn déi bäerteg – och ënnert de Reformisten – dann elo awer nach net am Sënn. Nee datt d‘Fraen hunn dierfen an de Stadion goe fir déi iranesch Nationalekipp unzefeieren, dat huet aner Grënn.

FraenTatsächlech ass et esou – an och dat muss ee verwonnert ervirhiewen – datt et d‘FIFA, also dee ganz mächtege Weltfussballverband, war, deen Teheran virun d‘Wiel gestallt huet: entweder „matspillen“ an da mussen och Fraen an de Stadien erlaabt sinn, oder vun der Weltmeeschterschaft am Katar an aneren internationalen Tournoien „ausgeschloss ginn“. D‘FIFA eng Weltmuecht? Et gesäit esou aus.

Gutt d‘Erlaabnes de „Bouwe beim Kicken nozekucken“ gëllt natierlech nëmme bei de vun der FIFA organiséierte Spiller. An dat ass, wéi et aus der Schwäizer Konzernzentral heescht, jo och iergendwéi schonn eppes wéi ee Fortschrëtt. Wann et der FIFA elo nach geléngt och fir d‘Rechter vun den Aarbechter – déi wou d‘Stadien am Katar bauen – anzetrieden, da gëtt och e Schong draus.

mat indymedia/pressTV

Foto: © Kian Sharifi (via Twitter)

Ähnlech Sujeten FIFA, Fraen, Fussball, Iran, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel