Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Endlech Vakanz?
International https://moien.lu/guest-dating-sites/

dating gatherings

Et gëtt eppes méi roueg op de Lëtzebuerger Stroossen an

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!
International https://moien.lu/guest-dating-sites/

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!

Et gëtt näischt Schlëmmeres, wéi e Video op Youtube oder

Mussen d‘Schüler fir d‘Sprangprëssessioun fräi kréien?
International https://moien.lu/guest-dating-sites/

Mussen d‘Schüler fir d‘Sprangprëssessioun fräi kréien?

Wann et dem LSAP-Deputéierte Jos Scheuer nogeet, da jo. Deen

Iran: Fraen am Stadion

Iran: Fraen am Stadion

Eng ronn honnert Fraen hunn um Dënschdegowend zu Teheran Zougang zum Azadi-Stadion erhalen, fir beim Frëndschaftsmatch tëscht Iran a Bolivien derbäi ze sinn.

Dat ass wuel keng Première, mee dës „feminin“ Präsenz an engem Fussballstadion ass besonnesch. An der islamescher Republik Iran hunn d‘Fraen (eigentlech) net d‘Recht de Männer beim Fussballspillen nozekucken.

Déi Damme waren awer gutt ausgerëscht: mat Niwwel-Tuten an den Nationalfaarwen, an iranesch Fändelen agewéckelt, hunn si sech als motivéiert Supporter vun hirer Equippe gewisen.

Wéi de Korrespondent vun der AFP matdeelt, waren d‘Fraen op eng vun de Männer getrennten Tribün placéiert ginn. Si haten „e gudden Dag“, zemools wou hir Equippe 2:0 gewonnen huet.

Auserwielt

Eppes méi fréi am Dag, hat den Internetsite Varzesh3, eng op Sportsinformatioune spezialiséiert Plattform annoncéiert, datt d‘Autoritéiten enger begrenzter Unzuel u Fraen d‘Erlaabnes erdeelt huet sech de Fussballsmatch unzekucken.

Mee et ass den Iran, an et waren „auserwielte“ Fraen, Familljemembere vun de Spiller, Spillerinne vun der Nationalequippe (Fussball an Futsal), Mataarbechterinne vun der Federatioun an awer och eng Partie Supporter, deenen dëse Privileg zougestane ginn ass.

Säit der islamescher Revolutioun vun 1979, hunn d‘Frae souzesoen „Stadionverbuet“ fir Matcher vun de Männer. An der offizieller Versioun heescht et: dat ass fir d‘Frae virun den Obszönitéite vun de Männer ze schützen. D‘Moossnam gëtt regelméisseg kritiséiert, och innerhalb der Politik.

Fortschrëtt

De President Hassan Rohani, deen eng moderat Politik verfollegt, huet widderholl säi Wëllen zum Ausdrock bruecht, de Fraen den Accès zu de Stadien ze erlaben. E Projet dee op d‘Oppositioun vum ultrakonservative Clan stéisst.

An awer… schonn de 26. Juni, war et puer dausend Frae mat hire Familljen erlaabt ginn, an den Azadi-Stadion ze kommen. Hei gouf während der Weltmeeschterschaft a Russland, de Match Iran géint Portugal live iwwerdroen.

Am September 2017, war eng kleng Unzuel u Fraen, déi an d‘Parlament gewielt goufen, zougelooss gi fir beim Qualifikatiounsmatch tëscht Iran a Syrien, fir d‘Weltmeeschterschaft a Russland, derbäi ze sinn. D‘Hoffnung ass elo grouss, datt dat elo méi oft esou ka sinn.

mat AFP

Foto: D‘Bild huet (nach) Seelenheetswäert: Fraen déi am Iran am Fussballstadion nokucken, wéi d‘Männer während engem Fussballsmatch evoluéieren. Fir d‘Fundamentalisten e Sakrileg, fir de moderéierte President Hassan Rohani ass et d‘Zukunft. © STR/AFP

Ähnlech Sujeten Azadi-Stadion, Fraen, Fussball, Hassan Rohani, Iran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel