Search

You may also like

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521
International Neiegkeeten

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

Déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de

dislike
Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett
International Neiegkeeten

Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett

Viru 14 Deeg ware mir Wielen. Deen een ass mam

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung
International Neiegkeeten

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung

Nodeems wéinst der Verbreedung vum Coronavirus Covid19 eng Partie Länner

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen

Wéinst den dramateschen Entwécklungen zur Joresufank war eng Sonnersëtzung noutwenneg ginn

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen

Beim Sommet vun den Ausseminister stoung eng grouss Fro am Raum: „Wat kann d‘EU maachen, fir d‘Spiral vun der Gewalt ze bremsen an en neie Golfkrich ze verhënneren?“. Eng Fro déi vum neien EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell net konnt beäntwert ginn, hien huet just festgestallt, datt d‘Joer „eppes komplizéiert“ ufänkt.

Komplizéiert awer dowéinst, well d‘Länner vun der Unioun weder beim amerikanesch-iranesche Konflikt nach beim libesche Muechtkampf enger Meenung sinn, an d‘EU eigentlech beim ganze Stress just nokuckt. De Katalan deen a gewësser Weis den „europäeschen Ausseminister“ ass, huet eegenen Aussoen no, eng ustrengend Diplomatesch Woch verbruecht.

Elo ass déi politesch „Message“ aus Bréissel folgend: „Militäresch Vergeltungsschléi wäerten de Problem net léisen. Elo wier d‘Stonn vum Dialog an der Diplomatie an Europa misst sech hei och duerchsetzen, wann den Irak net sollt zur Kampfarena vun den USA an dem Iran verkommen“. Et sollt een déi nach intakt diplomatesch Kanäl notzen, déi d‘USA net hunn.

Iran

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn beim Handshake mam EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell. © European Union

Zu Bréissel wëll een dann och um Atomvertrag festhalen, deen den Donald Trump eegenhänneg zerrappt huet. Dat gesäit Teheran eppes differenzéiert an esou wéi sech déi europäesch Signataire vum Accord un hir „Versprieche“ gehalen hunn, ass dat mam „Vertrauen“ och net wierklech esou wéi et vu Bréissel oft duergestallt gëtt.

D‘Ausseminister waren sech dann och eens, datt et sënnvoll wier sech den US-Fuerderungen unzeschléissen, mat där eng Verbreedung vun Atomwaffen (ausser déi vun den USA, Russland an/oder China, mat enger Toleranz fir Israel, Indien a Pakistan) muss verhënnert ginn. Si warnen Teheran, datt ee Verstéiss géint den Accord net géif toleréieren.

Et gouf allerdéngs näischt derzou gesot, wéi een sech der irakescher Regierung entgéintstellt, déi elo formell den Ofzuch vun den Amerikaner gefuerdert huet. Och zur trumpscher Opfuerderung un d‘NATO sech méi „am Irak“ a méi generell am Noen Osten anzebréngen, gouf et näischt. Dat léisst de Schluss zou, datt Bréissel Washington net a Fro stellt.

Ofschoss vun enger ukrainescher Passagéiermaschinn

Am Kontext vun de Vergeltungsschléi – 22 iranesch Mëttelstreckerakéite waren op d‘US-Basen zu Ain al-Assad an Erbil – ass eng Boeing 737 vun der UIA (Ukraine International Airlines) mat 176 Mënschen u Bord vun der iranescher Loftofwier ofgeschoss ginn. E Fait deen d‘Iraner an enger éischter Phas vehement ofgestridden hunn.

IranElo huet den iranesche President Hassan Rohani, nodeems „ermëttelt“ gouf agestanen, datt et sech bei dësem Ofschoss ëm eng grouss Tragedie handelt an en onverzeileche Feeler gemaach gouf. Déi ukrainesch Passagéiermaschinn wier eppes no un enger Militärbasis laanscht geflunn, a well een e Géigeschlag vun den USA gefaart hat, wier et zur Verwiesslung komm.

Den iraneschen Ausseminister Javad Zarif huet allerdéngs den USA eng „Matschold“ ugehaangen, déi zu dësem „mënschleche Feeler“ gefouert hätten. Weider heescht et säitens Teheran, datt dee fir den Ofschoss verantwortlechen Zaldot, entspriechend der Tragedie géif bestrooft ginn. Mee kann een dëse Virfall wierklech als Kollateralschued bezeechnen?

Iran

Beim Ofschoss vun der Boeing 737-800 vun Ukraine International Airlines, sinn 176 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Déi grouss Majoritéit vun de Passagéier waren Iraner, dorënner 63 Kanadier mat duebeler Nationalitéit. © IRNA

Zu Washington sinn an der tëscht nei Sanktioune géint déi Islamesch Republik verhaange ginn. Vun dëse Sanktiounen ass elo och den iranesche Stolsecteur betraff. Zudeem huet den US-Ausseminister Mike Pompeo betount datt d‘Sanktiounsschrauwen nach weider ugezu ginn. Et wier erwisen, datt den Iran d‘Absicht hat weider US-Zaldoten ëmzebréngen.

Dofir hätt et och Sanktioune géint héichrangeg Vetrieder vum iranesche Regime ginn. Heivunner wieren aacht Persoune betraff, déi an déi jéngst Virfäll verstréckt sinn. Am US-Representantenhaus hunn d‘Demokraten de Pouvoir an déi sinn net wierklech erfreet, wéi sech d‘Lag aktuell duerstellt. Si hunn dozou eng Resolutioun ugeholl.

IranDoranner heescht et, datt den US-President net ouni d‘Bewëllegung vum Kongress Zaldoten am oder géint den Iran asetzen dierf, et sief dann, et géif sech ëm d‘Ofwier vun engem onmëttelbar bevirstoenden Ugrëff handelen. Esou soll en eegemächteg Handele vum Donald Trump verhënnert ginn. Den US-Senat wäert deem awer net zoustëmmen.

E Stellvertrieder-Krich huet et och a Libyen

Zréck op Bréissel, wou nieft dem uewe genannte Konflikt tëscht den USA an dem Iran, och iwwert d‘Situatioun a Libyen huet missen debattéiert ginn. Hei stinn sech eng soi-disant legitiméiert Regierung – déi eppes méi wéi d‘Gebitt ëm Tripolis kontrolléiert – an ee muechtgäile Generol – dee méi oder wéineger de „Rescht“ vu Libyen kontrolléiert – géinteniwwer.

De Fayez al-Sarraj, vun der Weltcommunautéit unerkannte President vum nordafrikanesche Land, gëtt vun den USA an deene meeschten Europäer politesch gestëtzt, an ass mat der Tierkei eng ganz enk Bezéiung agaangen, déi nieft wirtschaftlechen Interessen (Gas am Mëttelmier) och eng militäresch Hëllef aschléisst an do déi hien ugewise schéngt.

Op där aner Säit: de Generol Chalifa Haftar, dee vu Saudiarabien, den Emirater (UAE), Egypten a Russland ënnerstëtzt gëtt. Zudeem huet sech d‘Wagner Grupp, dat si russesch Söldner mat vill Kampferfarung – wou Moskau awer dementéiert eppes domat ze dinn ze hunn – dem Generol ugeschloss, firwat Tripolis op den Asaz vun tierkeschen Zaldoten ugewisen ass.

IranEsou ass elo och Libyen zum Standuert fir ee Stellvertrieder-Krich ginn. An d‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel richteg erkannt, datt wann et net zäitno zur „Berouegung“ an „Diplomatie“ komme sollt, Libyen dat selwecht Schicksal wéi Syrien erwaart. Datt d‘Europäer ganz massiv zu dëser Situatioun bäigedroen hunn, gouf net diskutéiert.

Iert et awer iwwerhaapt emol kann zu „Verhandlungen“ tëscht den eigentleche Géigner, also dem Fayez al-Sarraj an dem Chalifa Haftar, komme kann, bréicht et eng Wafferou – déi dann och hale muss – an de Réckzuch vun allen auslännesche Kräften. Dat ass ugesiichts den Ziler déi de Sultan vun Ankara Verfollegt éischter auszeschléissen.

Hei awer kéint Moskau eng gréisser Roll zougestane ginn. De Vladimir Putin an de Recep Tayyip Erdogan hu rezent déi gemeinsam Gaspipeline TurkStream ageweit, mat där och Gas a Richtung Europa geleet gëtt. Russland kéint een esou zoutrauen, genuch wirtschaftlech Argumenter ze hunn, déi d‘Tierken an esou Tripolis zu Verhandlunge beweege kann.

De Standpunkt vum Lëtzebuerger Ausseminister

Während de Jean Asselborn et zu Bréissel virgezunn huet mat den däitsche Medien ze schwätze. Musse mir eis mam „Communiqué“ vum Ausseministère zefridde ginn. Dee beschränkt sech op d‘Erklärung „wat“ gemaach a „wouriwwer“ geschwat ginn ass. Esou hätt dëse Sommet erlaabt sech den dréngleche Problemer vun der internationaler Aktualitéit unzehuelen.

A senger Interventioun huet de Jean Asselborn, dem Sonnergesandte vun der UNO fir Syrien, Ghassan Salame fir säin onermiddlechen Asaz Merci gesot an drun erënnert, datt ouni d‘UNO eng nohalteg politesch Léisung a Libyen net ëmzesetzen ass. Zur Roll vun der Tierkei an/oder Russland schéngt hien sech net geäussert ze hunn.

Zur Lag am Irak, heescht et aus dem Ausseministère, datt een un den Efforte fir eng Deseskalatioun wëll festhalen. De Jean Asselborn soll nach emol seng Besuergnes zu rezenten Entwécklungen am Irak zum Ausdrock bruecht hunn. Hien hätt och insistéiert, datt d‘Formatioun vun den irakeschen Zaldote misst weider gefouert ginn.

IranHei schéngt hien d‘Positioun vun den USA ze vertrieden, déi och – obwuel si elo opgefuerdert goufen ze goen – net gewëllt sinn, d‘Land ze verloossen. Dat ass dann awer, wann een net méi erwënscht ass, schonn zimlech no un enger Situatioun, déi vun den Iraker a ganz besonnesch der schiitescher Regierung als Besatzung ka verstane ginn.

Datt de Jean Asselborn sech zu Bréissel fir den Erhalt vum Atomvertrag mam Iran agesat huet ass lueflech, woubäi et och him sollt zu Ouere komm sinn, datt Verträg déi zerrappt goufe keng Verträg méi sinn. Gutt ze halen ass dem Ausseminister, datt hie sech fir ee Sécherheetsmechanissem an der Regioun staark gemaach a fir den Dialog agesat huet.

Et misst nees zu méi Vertrauen tëscht den Acteure kommen, esou eisen Ausseminister, deen an dësem Punkt den Nol op de Kapp trëfft. De Problem ass den Ament awer deen, datt net emol hien sech drop behaapte kéint, datt d‘USA vertrauenswierdeg wieren. De Wahlkampf an den USA spillt an dësem „Konflikt“ eng vill ze grouss Roll an dat ass schlecht fir d‘Iraker

mat indymedia/bru

Foto: Sommet vun den europäeschen Ausseminister. © European Union

Related topics Atomofkommes, EU-Ausseminsitersommet, Irak, Iran, Jean Asselborn, Libyen
Next post Previous post