Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Komm, mir kucken an d’Stären …
International Neiegkeeten

Komm, mir kucken an d’Stären …

Mir hunn eng Familljerees duerch d’Universum gemaach – mir hunn

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
International Neiegkeeten

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?
International Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Am Iran hat et Parlamentswahlen

Éischten Informatiounen no, soll de moderéierte President Hassan Rohani seng Majoritéit verluer hunn

Am Iran hat et Parlamentswahlen

Nach leien déi endgülteg Resultater nach net vir, mee 241 vun den insgesamt 290 Mandater sinn sécher verginn. 191 Sëtz ginn un déi ultrareliéis a konservativ Kandidaten, 16 Mandater kréien déi sougenannt Reformer a 34 onofhängeg Kandidaten hu sech duerchgesat kritt. Esouwäit en éischten Iwwerbléck nodeems 162 vun 208 Wahlkreesser ausgezielt sinn.

Teheran stellt mat 30 Parlamentarier de gréisste Wahlbezierk an hei hunn déi Konservativ ee ganz däitleche Virsprong op déi Moderat. De Spriecher vun der Wahlkommissioun, Esmail Mussawi, huet um spéide Samschdegowend am Staatsfernseh verkënnt, datt de fréiere Chef vun der Police a Revolutiounsgardist Mohammed Bagher Ghalibaf, déi meeschte Stëmme fir sech verbuche kann.

Déi definitiv Resultater fir Teheran an de Rescht vum Land, sollten haut am Laf vum Virmëtteg virleien. Et sinn dat Parlamentswahlen a ganz schwieregen Zäiten, an d‘US-Aussepolitik huet hei méi Afloss, wéi een dat wéilt unhuelen. Et ass unzehuelen, datt déi däitlech Absicht vum Donald Trump, de Regime vun de Ajatollahen ze stierzen, Wierkung weist.

IranEsou huet de „Rot vun de Wiechter“ gutt d‘Hallschent vun de Kandidate schon am Virfeld verworf. Déi meescht deenen eng Bedeelegung un der Wal als Kandidat verwiert ginn ass, waren entweder Moderater oder Reformer. Hei kann ee behaapten, datt déi konservativ Kandidaten däitlech bevirdeelegt goufen an eigentlech keng Konkurrenz ze fäerten haten. Och dat erkläert d‘Resultat.

Wat awer bedeit, datt de moderate President Hassan Rohani seng Majoritéit verléiert, wat elo awer net dem Rot vun de Wiechter eleng zouzeschreiwen ass, och wann hei dierf betount ginn, datt dësen ondemokratesche Gremium seng ganz eege Kritäre behäerzegt. Et ass den Donald Trump, dee mat senger „ech schloen dech dout“ Politik, den Hardliner de Wee fräi gemaach huet.

IranEppes bleift nach ervirzehiewen: esou eng niddreg Wahlbedeelegung wéi dës Kéier dierft et am Iran laang net méi ginn hunn, wann iwwerhaapt. Während d‘Ajatollahen zu Teheran sech op eng Bedeelegung vu 55 bis 60% agestallt hunn – well nëmmen eng héich Participatioun och eng Unerkennung vum Regime ass – muss d‘Wahlkommissioun sech ustrenge fir op 42% ze kommen.

Wien haut awer a sengem Bezierk op 20% vun de Stëmmen déi virleie komm ass, dee ass dann och sécher an d‘Parlament anzezéien. Fir all déi aner geet et an d‘Stéchwahl. D‘Stéchwahle sinn fir den Abrëll geplangt, wou dann eng einfach Majoritéit duer geet. Dat neit Parlament soll dann och Enn Mee seng Aarbecht ophuelen. Ob dat gewëllt ass sech den USA ze fügen…

mat indymedia/press.tv

Foto: De Spirituelle Leader, Ali Khamenei, werft den auslännesche Medie vir, d‘Leit decouragéiert a vum Wielen ofgehalen ze hunn. Déi hätte virun de Gefore vun enger Coronavirus-Epidemie am Kontext vun de grousse Massebewegungen am Kontext vum Wahlgang gewarnt. © Abas Aslani

Ähnlech Sujeten Ajatollah Ali Khamenei, Hassan Rohani, Iran, Mohammed Bagher Ghalibaf, Parlamentswahlen, Teheran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel