Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net
Fail International Neiegkeeten

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net

Nodeems en Dënschdeg erwaardungsgeméiss e „Brexit mat engem Accord“ am

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!
Fail International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden
Fail International Neiegkeeten

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden

Et ass net déi éischt Kooperatioun am Kontext vun der

dislike

Benjamin Netanjahu: „Den Iran huet eng rout Linn Iwwerschratt!“

Benjamin Netanjahu: „Den Iran huet eng rout Linn Iwwerschratt!“

Israel schéngt et op en offene Schlagaustausch mam Iran unzeleeën an de Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanjahu, huet en Donneschdeg d‘Ugrëff op iranesch Positiounen a Syrien justifiéiert: „Mir wäerten et dem Iran net erlaben, sech militäresch a Syrien ze etabléieren“. Berechtegt „Suerg“ oder „Provokatioun“? Nom eesäitege Réckzuch aus dem Atomofkommes vun den USA: béides!

Den israelesche Ministerpresident huet dem Iran virgeworf, mat Attacken op d‘Golanhéichten eng „rout Linn“ iwwerschratt ze hunn. „Eis Reaktioun war d‘Konsequenz“, esou de Benjamin Netanjahu an engem Internetvideo. „Ons Politik ass kloer“ esou de Ministerpresident weider, deen ënnersträicht, datt een dem Iran net wäert erméiglechen sech a Syrien néierzeloossen.

Teheran huet sech zu de Beschëllegungen, iwwer Ugrëff op israelesch Stellunge bis ewell net geäussert. Wéi et vun der israelescher Arméi matgedeelt ginn ass, waren an der Nuecht zum Donneschdeg iranesch Militärpositiounen a Syrien ugegraff a getraff ginn. Zil vun der Attack: Rakéitebasen, Geheimdéngscht- a Logistikariichtungen, Lager a Gefierer.

Laut de leschte Berichter, wieren duerch déi israelesch Ugrëffer 23 Mënsche gestuerwen. Als Grond fir d‘Attacken, gëtt virun allem déi éiweg Feindschaft tëscht béiden Natioune genannt. D‘Präsenz vun iraneschen Zaldoten an dem Geheimdéngscht, gesäit déi israelesch Regierung als Bedreeung un. Dowéinst sinn och an der Vergaangenheet verstäerkt iranesch Stellungen ugegraff ginn.

Krich oder Fridden?

Dës oppen Ausenanersetzung op syreschem Gebitt, tëscht dem Iran an Israel, gëtt vu ville Länner als provozéiert Eskalatioun gesinn. Groussbritannien fuerdert vu béide Parteien sech nees ze berouegen. De russeschen Ausseminister huet sech bei enger Entrevue mat sengem däitschen Homolog beonrouegt gewisen, a fuerdert d‘Spannungen am Dialog ze léisen.

An esou wéi et am Ament ausgesäit – och well sech Israel duerch d‘Politik vum Donald Trump „sécher“ fillt – geet et am Noen Osten och ëm méi wei nëmmen „Krich a Fridden“. Mat enger provozéierter militärescher Äntwert vum Iran, géif sech déi amerikanesch an israelesch Propaganda ausbezuelen, wat awer dozou féiere géif, datt de Konflikt net méi regional ze begrenzen ass.

Dat bestätegt sech och mat der Veruerteelung duerch d‘USA, vun engem méiglechen iranesche Rakéitenugrëff op d‘besate Golanhéichten. Aus dem Wäissen Haus heescht et: „Mir ënnerstëtzen ausdrécklech d‘Recht op Selbstverteidegung vun Israel“. Washington bezeechent d‘Verlagerung vun iranesche Rakéitesystemer no Syrien, als inakzeptabel Provokatioun.

„Rakéiten déi direkt op Israel zilen géifen eng héchst geféierlech Entwécklung fir de ganzen Noen Osten duerstellen“, esou d‘Positioun vun deem Land, dat Saudiarabien – den Doudfeind vum Iran – massiv mat Waffesystemer ausstafféiert, an sech esou an de Stellvertriederkrich am Jemen amécht.

Dat verhënnert net, datt der Welt erkläert gëtt, datt et déi iranesch Wiechter vun der Revolutioun et sinn, déi hei déi voll Verantwortung ze droen hätten. Et wieren hir récksiichtlos Aktiounen déi den Ugrëff vun Israel ausgeléist hätten. Washington fuerdert dann och Teheran op, weider „provokant Schrëtter“ ze ënnerloossen.

mat AFP

Foto: En israelesche Fändel um Bierg Bental, an de vun Israel annexéierte Golanhéichten. Israel beschëllegt den Iran seng Stellunge vu Syrien aus ugegraff ze hunn. Domatter rechtfäerdegt de Ministerpresident Benjamin Netanjahu de massive Rakéitenugrëff op iranesch Positiounen a Syrien. © Jalaa Marey/AFP

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Iran, Israel, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel