Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer
International Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer

Am Frankräich gëtt et zanter gëschter en neien Temperaturrekord. Zu

De François Bausch fält nees aus der Roll
International Neiegkeeten

De François Bausch fält nees aus der Roll

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus
International Neiegkeeten

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus

Den Andy Serkis, deen ënnert anerem dem Gollum aus „Herr

Iran: russesch-amerikanesche „clash“ op de Vereenten Natiounen

Iran: russesch-amerikanesche „clash“ op de Vereenten Natiounen

Et war eng kontroverséiert Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot, déi d’USA um Freideg aberuff hat. Dobäi ass ersiichtlech ginn, wéi grouss de Gruef tëscht den USA a Russland ass. Gläichzäiteg hat Teheran Manifestatiounen organiséiert déi d’Politik vum Regimm soll stëtzen.

„2018 wäerte mir de Mond net halen“, huet d’US-Ambassadrice Nikki Haley gesot. Si huet sech beméit d’Fuerderung no enger Drénglechkeetssëtzung ze rechtfäerdegen, déi vir Ramouers bei de 15 Membere vum UN-Sécherheetsrot gesuergt huet. „Wa mir eis all kéiers musse versammelen, well et zu Manifestatiounen an engem Land kënnt…“, säift en Diplomat deen net wollt ernimmt ginn.

Mee fir d’Nikki Haley ass kloer, datt den iranesche Regimm d’Rechter vu sengem Vollek beschneit. Si denoncéiert d’Rüstungsausgaben, déi um Réck vun der Bevëlkerung gemaach ginn. „De Message vum Vollek ass däitlech: hält op den Terrorismus ze ënnerstëtzen“, verséchert d’Nikki Haley a fuerdert datt den Internet am Iran nees vollstänneg zougängeg misst ginn.

D’Siicht vun den USA geet vum russeschen UN-Ambassadeur Vassily Nebenzia net gedeelt: „Et ass um Iran seng Problemer selwer ze léisen. (…) Hei gesäit eng intern Situatioun déi sech normaliséiert. (…) Mir verbëtze grad d’Energie vum Sécherheetsrot“. Iwwerhaapt wieren d’USA gutt beroden sech erauszehalen…

Ënnerstëtzung krut Russland notamment vu Bolivien, Ethiopien oder Equatorial Guinea. Den Ambassadeur fir Ethiopien, Tekeda Alemu,: „Et ass falsch d’Autoritéit vum Rot ze sabotéieren, wou dach d’Eenheet grad hei vu gréisster Bedeitung ass“. De chinesesche Vertrieder Wu Haiteo ass zudeem der Usiicht, datt „déi iranesch Situatioun net de regionale Fridden a Fro stellt“.

Iran

Den Ajatollah Ahmad Khatami bei senger „Ried“ während dem Freideggebiet an der Imam Khomeini Moschee. Hien hat esouwuel d’Protester wéi och d’Amëschung vun den Amerikaner veruerteelt, huet awer och gefuerdert datt een de Fuerderunge vum Vollek misst Rechnung droen. © Atta Kenare/AFP

Kee gudde Start an dat neit Joer. An dobäi hat den UN-Generalsekretär Antonio Guterres nach um 1. Januar zouversiichtlech gemengt: „D’Eenheet ass de Wee deen ze goen, eis Zukunft hänkt dovunner of“. Bei der éischter Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot war een dann awer wäit dovunner ewech. Och déi europäesch Positioune waren „ënnerschiddlech“.

Amerikanesch Sanktiounen

Wann also Groussbritannien d’Aberuffung vum Sécherheetsrot als legitim bezeechent, esou huet sech Frankräich wiesentlech méi virsiichteg gewisen. De franséische President Emmanuel Macron hat nach dës Woch zur Rou opgeruff a virun engem Krichsrisiko gewarnt, falls déi amerikanesch, israelesch a saudiarabesch Rhetorik sech an dësem Toun weiderentwéckelt.

De franséischen Ambassadeur François Delattre huet um Freideg ënnerstrach, datt een d’Meenungsfräiheet am Iran muss am A behalen. Et wier awer grondleeënd falsch, déi iranesch Situatioun ze instrumentaliséieren. Eng Positioun déi och vu Schweden an dem Peru (e neien net permanente Member vum UN-Sécherheetsrot N.v.d.R.) gedeelt gëtt.

An engem Bréif un d’UNO hat den Iran, gestëtzt vun der Tierkei, d’Amëschung vun den USA veruerteelt. Den iraneschen UN-Ambassadeur huet dat um Freideg virum UN-Sécherheetsrot dann och nach emol widderholl.

Géintiwwer dem „virsiichtegen Toun“ vun den Europäer an der UNO, steet d’Trump-Administratioun, déi sech aus dem iraneschen Nuklearofkommes vun 2015 wëll zréckzéien. Washington ergräift dann och däitlech Partei vir d’Protestbeweegung. Um Donneschdeg hunn d’USA nei Sanktioune géint déi iraneschen Industrie verhaangen, vun deenen ugeholl gëtt, datt si de Programm fir ballistesch Rakéiten ënnerstëtzen.

Iran

Während dem Freideggebiet huet et een däitlecht Feindbild ginn: d’USA. An der Imam Khomeini Moschee hunn déi gleeweg Iraner hir Ënnerstëtzung fir de Regimm vun Teheran ënnerstrach. © Atta Kenare/AFP

Vum 28. Dezember bis zum 1. Januar hat d’Protestbeweegung – déi eenzeg op wirtschaftleche Revendicatioune berout – a ville Stied fir Oprou gesuergt. Nëmme vereenzelt huet et och politesch Message ginn, trotz allem si bei de Manifestatiounen 21 Mënschen ëm d’Liewe komm. Säit dem Dënschdeg ass et nees méi roueg, wat awer dem massiven Asaz vun der Police geschëlt ass.

Teheran huet reagéiert, a säit ee puer Deeg gëtt et uechtert d’ganzt Land Manifestatioune fir de Regimm ze stëtzen. Während den Onroue sinn honnerte Leit verhaft ginn, e sëllechen ëffentlech Gebaier, Banken a Policebüroe sinn zerstéiert ginn. D’Autoritéiten, all Tendenzen zesummegeholl, hunn eng Eenheet gebilt an d’Iwwergrëff veruerteelt, mee och betount, datt een de legitimme Fuerderunge vum Vollek muss Äntwerte liwweren.

mam Philippe Rater/AFP

Foto: Bei de Manifestatioune fir de Regimm vun Teheran, waren déi „grouss“ geeschtlech Leader, den Ajatollah Ali Kamenei an den onvergiessen Ajatollah Ruhollah Khomein, omnipresent. © Mohammad Ali Marizad/AFP

Ähnlech Sujeten Iran, USA, Vereente Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel