Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis
funny dating spoof infj dating istj

hook up tt

„Mir sinn ganz opgereegt an och ee bësschen nervös. Et

https://moien.lu/anime-dating-sims-for-guys/
funny dating spoof infj dating istj

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!

No engem Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés
funny dating spoof infj dating istj

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz deelt mat, datt de 15. Januar 2019

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen

Wéinst dem schwéieren Äerdbiewen dat um spéide Sonndegowend mat enger Stäerkt vun 7,3 op der Richterskala d‘Grenzgebitt tëscht dem Irak an dem Iran getraff huet, hunn dausende Mënschen déi lescht Nuecht ënner fräiem Himmel verbruecht. Engem éischte virsiichtege Bilan no geet een am Iran vu 421 Affer an 7.370 Blesséierten aus.

Am schlëmmste betraff déi iranesch Provënz vu Kermanshah, op der Grenz zum Irak. Och zu Bagdad an a ville Provënze vum Irak war d‘Biewe gespuert ginn. Am Bilan op irakescher Säit ginn dann awer nach 8 Affer an 336 Blesséiert Persounen opgefouert. A béide Länner gëtt weider no méiglechen Affer oder Verletzte Persoune gesicht.

Bei Abroch vun der Däischtert, während déi iranesch Rettungsequippen nach ganz aktiv no Iwwerliewende gesicht hunn, waren d‘Autoritéite beméit sech der Erausfuerderung, dausende Mënschen ze drénken an z‘iessen, mee och eng Schlofplaz fir d‘Nuecht ze organiséieren. Wéinst der Angscht virun Nobiewe bleiwen d‘Leit dobaussen.

„Wat d‘Mënschen elo direkt brauche sinn Zelter, Waasser an eppes z‘Iessen“ esou de Generol Mohammad Ali Jafari, Chef vun de Wiechter vun der Revolutioun, op der Staatstëlee. „Déi Gebaier wou rezent gebaut gi sinn hunn d‘Biewe gutt iwwerstane. Déi al Haiser aus Leem a gebrannten Zillen si awer ganz zerstéiert“. Hie wollt dann och dovunner ausgoen, datt nach virun der Nuecht wéinstens d‘Stroossen nees passéierbar sinn.

Verlueren Dierfer

Laut dem Institut fir Geophysik vun der Universitéit zu Teheran, war d‘Äerdbiewe vun iwwer 150 Nobiewe begleet ginn. Iwwer 20 Nobiewen haten eng Stäerkt vun iwwer 4, mat engem Maximum vu 4,7 op der Richterskala. Vu weidere Schied déi heiduerch entstane wieren, war um Méindeg dann awer näischt matgedeelt ginn.

Wéi all aner auslännesch Medien, hunn och eis Partner vun AFP keng Erlaabnes kritt sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun ze maachen. Hei ass een also op d‘Video– a Fotosmaterial ugewisen, datt vun den iranesche Medien zur Verfügung gestallt gëtt. Op dësem Material sinn dann och Gebaier ze gesinn déi d‘Biewen éischter gutt iwwerstanen hunn. Et si besonnesch déi kleng, niddreg Haiser déi zerstéiert goufen.

Äerdbiewen

An der Stad an de Bierger, zu Darbandikhan (irakesche Kurdistan) hunn eng ganz Rei Haiser d‘Biewen net gepackt. Hei sinn och d‘Awunner opgeruff ginn, d‘Géigend ze verloosse, well e Stauséi duerch d‘Äerdbiewe kéint beschiedegt gi sinn. © Shwan Mohammad/AFP

Den Epizenter vum Äerdbiewen huet ganz no un der irakescher Grenz geleeën, ongeféier 50 Kilometer nërdlech vu Sar e Pol e Zahab, der am schlëmmste betraffe Stad mat 280 Doudesaffer. An dëser Stad vu 85.000 Awunner si vill ëffentlech Gebaier zesummegefall, dorënner d‘Spidol a vill Schoulen. An der Grofschaft vun Dalahoo sinn e sëllechen Dierfer dem zu 100% zerstéiert ginn, deelt de Präfekt vun der Provënz iwwert d‘Agence Tasnim mat.

De reliéise Leader, den Ajatollah Ali Khamenei huet den Uerder un d‘Regierung an d‘Arméi ausginn, „alles ze mobiliséiere fir der Bevëlkerung zu Hëllef ze kommen“. Honnerten Ambulanzen a vill Helikopter vun der Arméi hunn dësen Uerder behäerzegt ugeholl. Laut den iranesche Medie sinn da ronn 200 schwéier blesséiert Persounen a Richtung Teheran evakuéiert ginn.

Dat Onméiglecht méiglech maachen

Laut der Regierung sinn 22.000 Zelter, 50.000 Decken, ronn 17 Tonne Räis an 100.000 Konserven op d‘Plaz geliwwert ginn. 200.000 Fläsche Waasser konnte scho verdeelt ginn. An trotz dësem massiven Opwand gëtt et Leit déi dës Hëllef nach net erreecht huet. Den Inneminister Abdolreza Rahmani-Fazli ënnersträicht awer, datt d‘Rettungsdéngschter och beméit sinn dat Onméiglecht méiglech ze maachen.

Am spéiden Nomëtteg hunn déi lokal Autoritéite matgedeelt, datt all d‘Stroossen an der Provënz Kermanshah, déi duerch en Äerdrutsch oder soss Trëmmer verspaart waren, nees genotzt konnte ginn. Beim Stroum wäert et nach daueren, och wann een hei beméit op mannst déi wichtegst Verbindungen nees hierzestellen.

Op der irakescher Säit hunn d‘Autoritéite d‘Awunner vun Darbandikhan opgefuerdert, d‘Géigend ze verloossen. Hei géif d‘Gefor bestoen, datt ee Stauséi beschiedegt gi wier. E Vertrieder vun de lokalen Autoritéiten huet der AFP matgedeelt: „Esou eppes hu mir hei säit wéinstens engem Joerhonnert net méi erlieft“.

Am Iran huet d‘Regierung fir en Dënschdeg en nationalen Trauerdag ausgeruff. An de betraffene Provënzen bleiwen d‘Schoulen zou. Vun der Agence ISNA genannt, huet e Vertrieder fir kulturell Ugeleeënheete matgedeelt, datt déi historesch wäertvoll Monumenter nëmme wéineg ënnert dem Äerdbiewe gelidden hunn. De Site vu Behistun, berühmt fir seng Reliquien aus dem 7. Joerhonnert viru JC, an agedroen als Patrimoine vun der Welt bei der UNESCO, schéngt onbeschiedegt.

mam Siavosh Ghazi an dem Shwan Mohammad/AFP

Foto: D‘Leed an der Provënz Kermanshah (Iran) ass grouss nom Äerdbiewen dat tëscht 420 a 450 Affer soll gefuerdert hunn. Och um Dënschdeg muss een de Bilan als „provisoresch“ bezeechnen. © Farzat Menati/Tasnim News/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Ajatollah Ali Khamenei, Darbandikhan, Iran, Kermanshah
Nächsten Artikel Virrechten Artikel