Iran-USA: Washington kënnegt „Frëndschaftsofkommes“ vun 1955

Teheran huet e Mëttwoch d‘USA als „rechtsfräie Regimm“ bezeechent, nodeems se zu Washington entscheet hunn, d‘Frëndschaftsofkommes vun 1955 ze beendegen. Grond heifir, ass eng Decisioun vum internationale Geriichtshaff (ICJ).

„Haut hunn sech d‘USA aus dem amerikanesch-iranesche Frëndschaftsofkommes zréckgezunn. Dat nodeems den internationale Geriichtshaff si opgefuerdert huet, domatter opzehalen, géint dëst Ofkommes ze verstoussen, andeems dat iranescht Vollek bestrooft gëtt. Rechtsfräie Regimm!“, esou op Twitter den iraneschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif.

En „aalt“ Ofkommes

E Mëttwoch hat den ICJ den USA d‘Uerder ginn, d‘Sanktioune géint den Iran opzehiewen, déi d‘Gidder „zu humanitären Zwecker“ betreffen. D‘Riichter vun der héchster Justizinstanz vun der UNO hunn entscheet, datt d‘Sanktiounen déi besonnesch Gidder betreffen, e Verstouss géint eben dëst Frëndschaftsofkommes vun 1955 duerstellen.

Dëst Ofkommes war sengerzäit vereenbaart ginn, fir de kommerziellen Austausch tëscht béide Länner ze fërderen. No der „Revolutioun“, déi zur Grënnung vun der islamescher Republik Iran gefouert huet, war et zum Broch komm. Säit 1980 ënnerhale béid Länner keng diplomatesch Bezéiungen. D‘USA hunn och d‘Atomofkommes gekënnegt an nees Sanktiounen agefouert.

Washington bleift sech trei

D‘Amerikaner, déi den internationale Geriichtshaff net unerkennen, hunn och zur Entscheedung vun dëser Institutioun Positioun bezunn. Et ass dann och den US-Ausseminister, Mike Pompeo, deen d‘Entscheedung vum ICJ kommentéiert huet. Aus senger Siicht ass et eng däitlech Néierlag fir den Iran, well d‘USA längst Moossnamen ergraff hunn, fir humanitär Gidder net ze sanktionéieren.

Hie betount nach, datt Den Haag „zu Recht all d‘Requête ouni Grondlag ofgewisen hunn“, fir déi méi „global Sanktioune“ vun den USA ze suspendéieren. De Mike Pompeo huet dann och annoncéiert, datt d‘USA dëst „obsolet“ Frëndschaftsofkommes elo géifen opkënnegen. „Dat ass eng Entscheedung, déi scho virun 39 Joer hätte misse getraff ginn, direkt no der Revolutioun vun 1979“.

Foto: Den US-Ausseminister, Mike Pompeo, huet e Mëttwoch bestätegt, datt sech d‘USA derzou entscheet hunn, d‘Frëndschaftsofkommes mam Iran aus dem Joer 1955 opzekënnegen. Hien huet och drop higewisen, datt den „Amity Treaty“ scho virun 39 Joer hätt missen zerrappt ginn. © Jim Watson/AFP