Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!
https://moien.lu/improve-your-online-dating-profile/ Neiegkeeten

https://moien.lu/kathleen-bradley-dating/

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7.

https://moien.lu/who-is-currently-dating-rihanna/
https://moien.lu/improve-your-online-dating-profile/ Neiegkeeten

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident: Zäit fir den Ofschid
https://moien.lu/improve-your-online-dating-profile/ Neiegkeeten

Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident: Zäit fir den Ofschid

Griicheland, Migratioun a Brexit… Un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

D‘Revolutiounsgarden am Iran hunn eegenen Aussoen no, e weideren Tanker Festgesat. Dëse soll Sprit geschmuggelt hunn, esou de Virworf. Säit d‘Briten de 4. Juli viru Gibraltar de Supertanker Grace1 beschlagnahmt hunn, ass et dat 2. Schëff datt vun den iraneschen Eenheete festgesat gouf.

Laut den iranesche Staatsmedie wier d‘Schëff bei der Hafestad Buschehr ugehale ginn, well et Sprit fir arabesch Staate geschmuggelt. Den Tanker soll 700.000 Sprit gebunkert hunn, déi virun dem Asaz vun der Revolutiounsgardiste vun anere Schëffer iwwerholl goufen. Déi 7 Mann Besatzung wieren an dësem Zesummenhang och verhaft ginn. Virgefall ass dat ganzt schon den 31. Juli.

Vun Teheran ass d‘Informatioun bestätegt an de Numm vum Schëff genannt ginn. Et soll sech heibäi ëm den Tanker „Hita“ aus dem Irak handelen. De Kommandant vun de Revolutiounsgarden huet sech géintiwwer der staatlecher Noriichtenagence Irna erkläert. D‘Besatzung vu 7 Mann wier aus verschiddene Nationalitéiten zesummegesat. De Matrouse soll et esouwäit gutt ergaange sinn.

Aus dem Irak eng onerwaarte Reaktioun. Vu Bagdad gëtt all Relatioun zum Schëff bestridden. Aus dem Uelegministère heescht et zu de Virwërf den Tanker betreffend: „Mat Tanke vun esou gerénger Gréisst hu mir näischt ze dinn“. Dat ass wuel méiglech, mee vum Himmel gefall ass d‘Schëff jo elo awer och net. Op de Biller vun Irna, ass allerdéngs keen Tanker mee e Frachtschëff ze erkennen.

Et gouf Prezedenzfäll

Datt d‘Hita e kléngt Frachtschëff ass, heescht net datt keng Plaz fir Sprit wier, schliisslech kënnen Tanke geluede gi sinn. Zudeem geet et och ëm Schmuggel, a fir esou Operatioune sinn Frachter eng gutt alternativ. De Schmuggel vu Sprit ass awer en zolitte Problem. Et heecht, datt all Dag bis zu 8 Millioune Liter subventionéierte Bensin an Länner ginn, wou méi héich Präisser bezuelt ginn.

Mëtt Juli haten d‘Revolutiounsgarden en ähnleche Fall. Si haten den Uelegtanker „Riah“ wéinst Schmuggel festgesat an och hei déi 7 Mann Besatzung verhaft. D‘Schëff dat ënnert dem Pavillon vu Panama segelt, soll enger Entreprise aus de Vereenegten Arabeschen Emirater gehéieren. Déi awer erkläert d‘Schëff weiderverkaf ze hunn. Wiem dat 68 Meter laangt Schëff gehéiert? E Rätsel…

Wéi sech dës „polizeilech“ Moossnamen am persesche Golf, an de Kontext vum Konflikt tëscht der amerikanesch-britescher Allianz agliddere léisst ass schwéier ze bestëmmen. Eigentlech, well dat ass jo alles net nei, misst een esou Aktiounen aus dem Kontext eraushalen, woubäi zanter Teheran sech de briteschen Tanker „Stena Impero“ gekroopt huet, sech d‘Lag an der Regioun zouspëtzt.

mat indymedia/tlv/lon

Foto: Um Bild dat vun der staatlecher Noriichtenagence Irna zur Verfügung gestallt gi soll de Frachter „Hita“ aus dem Irak ze erkenne sinn. © Irna

Ähnlech Sujeten Iran, persesche Golf, Revolutiounsgarden, Strooss vun Hormuz, Teheran, Uelegtanker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel